Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx - It's So Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner kréien d'Wuert

Matbestëmmung ass e Kannerrecht

Kanner kréien d'Wuert

Matbestëmmung ass eent vun de Kannerrechter, dat haut am Mëttelpunkt steet um Internationalen Dag vun deene Kannerrechter. De Weekend hu Kanner matgeschwat, op enger éischter Kannerkonferenz hei am Land. Dës gouf organiséiert vum Kannerbüro Wolz an dem Zentrum fir politesch Bildung. Ronn 100 Leit - Kanner, Elteren an Educateuren - hunn zesummen iwwer Kannerrechter diskutéiert. Am Virfeld vum Internationalen Dag vun de Kannerrechter haut, war d'Rahel Könen dobäi.

auto_stories

3 min

Ronn 80 Kanner tëschent aacht a zwielef Joer hunn op der Kannerkonferenz CHICO hir Meenung geäussert an interaktiv iwwer Kannerrechter diskutéiert. Si konnte selwer Themen uschwätzen, déi fir si wichteg sinn, wéi zum Beispill Gewalt géint Kanner, Ëmweltverschmotzung, den Auto oder Plastik.

Kanner zu Wuert komme loossen

Vun Ëmweltproblemer bis hin zu Gewalt Doheem - d'Themen déi d'Kanner sech selwer erausgesicht hunn, ware vilfälteg a goufe vun hinnen am klenge Krees virgestallt an diskutéiert. An enger Diskussiounsronn iwwer Mobbing erklären zwee jonk Meedercher, datt hir Schoul e Kannercomité gegrënnt hätt fir dëse Problem unzegoen. Hei kéinte si iwwer Problemer an aner Themen, wéi net fëmmen, Ëmwelt a Mobbing schwätzen. "D'Kanner am Kannercomité sinn ëmmer do, fir wann een zum Beispill gemobbt gëtt, da komme si an hëllefen hinnen", zielt ee Kand.

Op der Kannerkonferenz konnten d'Kanner verschidden Themen diskutéieren

E puer Meter niewendrun huet en anere Grupp Gewalt thematiséiert. Véier Jonge soten, si wieren ufanks opgereegt gewiescht, hätten et awer flott fonnt, datt och Erwuessener hinnen am Grupp nogelauschtert hunn. Um Enn konnten d'Kanner wärend der Diskussiounsronn hir Iddien a Léisungsvirschléi festhalen: "Et muss ee mat Leit schwätzen, deenen ee vertraue kann. Net mat Friemen, well soss gëtt dat ganz ronderëm geschwat." Eng aner Approche wier et, fir mam Jugendtelefon ze schwätzen, deen et och zu Lëtzebuerg gëtt.

D'Meenung vun de Kanner ass wichteg

Op der éischter Kannerkonferenz wier et virun allem drëms gaangen de Kanner d'Wuert ze ginn an hinnen ze weisen, datt si an hir Meenung wichteg sinn. Dat erkläert d'Kim Nommesch vum Zentrum vir Politesch Bildung. Virun allem géif ee mierken, datt Gerechtegkeet de Kanner um Häerz läit:

"Si wësse ganz genee, wat heescht fair an net fair. An ech mengen, do geet och drëms, wann d'Kanner gesinn, datt eppes net fair ass, datt si d'Méiglechkeet hu fir sech do auszedrécken an och d'Méiglechkeet hu fir do kënnen eppes mat ze veränneren. Well ech menge Kanner si Bierger, sou wéi Erwuessener och, an dofir ass et wichteg fir hir Stëmm do eescht ze huelen an déi ze lauschteren."

Och d'Kanner fannen et wichteg, datt op hir Meenung gelauschtert gëtt a wënsche sech, datt all Kand weltwäit duerch Rechter geschützt gëtt.