Radioen

On air

Notturno  |  Miki Yamanaka & Mark Turner - That Ain't Betty

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kannerdokter: "Ech hunn nach kengem vun der Impfung ofgeroden"

Impfung géint Covid-19

Kannerdokter: "Ech hunn nach kengem vun der Impfung ofgeroden"

De Kannerdokter Serge Allard seet, fir Jonker tëschent 12 a 17 Joer géifen et am Fong keng Konterindicatioune géint d'Covid-Impfung ginn.

auto_stories

1 min

De Vaccin vu BioNTech/Pfizer, dee fir Jugendlecher zougelooss ass, wier och bei Virerkrankungen an a Kombinatioun mat anere Medikamenter sécher, esou de President vun der Societéit vun der Lëtzebuerger Kannerdokteren.

"Ech mengen, datt déi meescht Jonk, déi chronesch Krankheeten hunn, all Interêt hunn fir sech impfen ze loossen. Et gëtt keng Konterindicatioune fir déi Impfung. Déi ass absolutt kompatibel mat all Medikament, mat all Krankheeten."

De Serge Allard hätt dofir och nach kengem vu senge jonke Patienten dovun ofgeroden, sech géint Covid-19 impfen ze loossen. Et kéint een awer net ausschléissen, datt nach méi schlëmm Niewewierkungen opfalen, elo wou de Vaccin bei méi enger breeder Populatioun benotzt gëtt:

"Dat weess een ni bei esou Vaccinen, wéi dat à long terme ausgesäit. Wann der eng Millioun Leit impft, da gitt der déi ganz ganz seele Problemfäll eréischt gewuer, wann der d'Leit bis geimpft hutt. A vläicht eréischt e puer Méint drop."