Radioen

On air

Notturno  |  Foals - Two Steps, Twice

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaum nei Detailer

Regierungserklärung

Kaum nei Detailer

63 Minutten huet d'Regierungsdeklaratioun vum Premier Xavier Bettel gedauert. Et goufe kaum nei Detailer par rapport zum Regierungsaccord, dee scho virun enger Woch publizéiert gouf. Generell géif et dorëms goe fir den Erfollegmodell Lëtzebuerg weider ze stäerken a fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze erhalen, huet de Xavier Bettel a senger Ried vu gutt enger Stonn gesot.

auto_stories

7 min

De Xavier Bettel presentéiert seng Regierungsdeklaratioune ganz anescht wéi de Jean-Claude Juncker dat an der Zäit gemaach huet. Huet de Jean-Claude Juncker am Ufank mol fir d'éischt all d'Wirtschaftsdonnéeë mat villen Zuelen ënnermoolt, nennt de Xavier Bettel just um Schluss kuerz den ekonomesche Kontext.

De Premierminister gëtt et zou: de Regierungsprogramm huet "e finanziellen Impakt". Déi aktuell Situatioun géif dee Spillraum awer erméiglechen. De Xavier Bettel geet heibäi vun engem jäerleche Wirtschaftswuesstem vun dräi Prozent aus.

Um Enn vun de leschter Legislaturperiod haten déi dräi Parteien ugefaange sech als Eenzelkämpfer duerzestellen, an net méi als Equipe. Dat soll elo also nees eriwwer sinn. De Premier erkläert, datt déi verschidde Mesuren net op de Fändel vun där enger oder anerer Regierungspartei ze schreiwe wieren, mee datt et gemeinsam Prioritéiten tëschent DP, déi gréng an LSAP wieren.

Ëffentlechen Transport

D'Annonce vun der Nouvelle vum gratis ëffentlechen Transport hätt fir international Schlagzeile gesuergt, esou de Xavier Bettel. Déi Moossnam géif Lëtzebuerg méi attraktiv maachen. Lëtzebuerg wier domat dat eenzegt Land op der Welt, wou ee spontan decidéiere kéint, fir op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen, "ouni datt ee sech muss Gedanke maachen, wéi een Abonnement een dofir brauch", sou de Xavier Bettel.

Och an der Regierungsdeklaratioun gëtt et keng Detailer, bis wéini d'Park & Ride-Plaze solle verduebelt ginn. "Laangfristeg", seet dozou de Xavier Bettel. Am Koalitiounsaccord steet dat selwecht, och ouni Datum.

Logement

D'Problemer am Logement géifen d'Attraktivitéit vum Land méi kleng maachen. En Zesummespill vun enger ganzer Rei vu Mesurë wier néideg fir d'Präisser ze drécken.

Klimapolitik

"Lëtzebuerg war, ass a bleift bei enger couragéierter Politik wann et ëm de Klimawiessel geet", esou de Regierungschef. Kuckt een d'erneierbar Energien, ass et en anert Bild. An der EU huet Lëtzebuerg den nidderegsten Taux un erneierbaren Energien, mat awer enger Progressioun an de leschte Joren.

Agrarpolitik

Den 31. Dezember 2020 wieren d'Lëtzebuerger Felder fräi vum Herbizid Glyphosat, versprécht de Premierminister.

20 Prozent Biolandwirtschaft bis 2025. Dat Zil huet d'Regierung sech fixéiert. De lénken Deputéierten David Wagner huet dat Zil de Moien um radio 100,7 begréisst.

Kommunikatiounstechnologien

Lëtzebuerg géif an den nächste fënnef Joer e 5G-Reseau opriichten. Dëse soll an enger éischter Phas awer just op fënnef verschiddene Ballungsgebidder fonctionnéieren. Déi privat Operateure géifen agebonne ginn, mee et wier schwiereg fir si fir vill ze investéieren, well et géif nach kee grousse Marché fir dës Technologie ginn.

Steierpolitik

Keng nei Detailer iwwer d'Ofschafe vun de Steierklassen. D'Regierung wëllt "laangfristeg" méi Gerechtegkeet tëschent de Partner, ob bestuet oder net. Et géif een de Wee vun der Individualiséierung weidergoen.

"Mir suergen dofir, datt d'steierlech Belaaschtung fir d'Betriber net eropgeet", versprécht de Premier.

D'Stock Options (en avantagéise Steierregime fir Kaderen an de Betriber, déi gutt verdéngen) soll "tendenziell" ofgeschaaft ginn an "duerch méi gerecht an transparent Mesuren ersat ginn". Detailer iwwer déi nei Mesurë ginn et net.

Besteierung fir all d'Betriber soll net eropgoen, "onofhängeg vun deem, wat international op eis duer kënnt", esou de Regierungschef.

Educatiounspolitik

Op engem "Bildungsdësch" sollen an Zukunft déi Professionell aus dem pädagogesche Beräich, Vertrieder vun den Enseignanten, de Schüler, den Elteren, de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft beienee komme fir iwwer Mesuren an der Educatioun ze beroden an ze decidéieren. De Minister Claude Meisch probéiert d'Acteuren um Terrain domat an Zukunft méi anzebannen, nodeems den Educatiounsministère an den éischte Joren no 2013 reprochéiert krut, ze vill vun uewen erof ze decidéieren.

Et soll an Zukunft méiglech sinn, en duebelen Ofschloss am Secondaire ze maachen, also en Diplom am Lycée a gläichzäiteg soll een en Diplom am DAP, also eng Geselleprüfung, kënne maachen.

Familljepolitik

"Am Kader vun dësem neie System, wou Mammen oder Pappen am Accord mat hirem Patron während enger festgeluechter Zäit am Temps Partiel schaffen, iwwerhëlt de Staat déi sozial Bäiträg, esou, datt ee kee Verloscht bei de Pensiounsuspréch huet." D'Kannergeld gëtt indexéiert an no uewen ugepasst.

Aarbechtsrecht

Et soll een e Recht op eng Indemnitéit kréien, wann ee selwer kënnegt, an net nëmmen, wann ee gekënnegt kritt. Eng Aarbecht opzeginn wier nämlech just op den éischte Bléck e Choix.

Gesondheetspolitik

Fir d'Bezuele vun den Dokteschrechnungen "ënnersicht" d'Regierung d'Méiglechkeet vun enger Kaart, mat där de Patient beim Dokter bezilt. Den Dokter soll direkt seng Sue kréien, de Patient just déi eege Participatioun facturéiert kréien.

"Cannabis gëtt an dëser Legislaturperiod legaliséiert", seet de Xavier Bettel. Duerch eng Legaliséierung géif een d'Konsumente schützen, well den THC-Taux um Schwaarzmaart enorm héich ass. D'Substanz gëtt doduerch awer net verharmloost an et gëtt verstäerkt Sensibiliséierungsaarbecht geleescht, fir Leit ze schützen, déi Cannabis consomméieren.

Lëtzebuerger Sprooch

Verschidde Logicielle sollen an Zukunft Lëtzebuergesch verstoen, seet de Regierungschef. Wéi een Apple a Co dozou beweege wëllt, doranner Suen ze investéieren, seet de Regierungschef awer net.

Verfassungsreferendum

D'Regierung wëllt sech net selwer an Zäitdrock versetzen: D'Consultatioune mat all de concernéierten Acteure fir d'Preparatioun vum Verfassungsreferendum sollen no den Europawahle vum 26. Mee ufänken. En Datum fir de Referendum gëtt nach net genannt.

E-Sport

D'Regierung verschléisst sech net, den E-Sport als Sportaart unzëerkennen. E Kader, deen d'Entwécklung an deem Beräich weiderbréngt, soll geschafe ginn. Am Koalitiounsaccord steet näischt vun enger Unerkennung, mee just vun enger Analys vum Phenomen.

Mediepolitik

D'Aarbecht vun der Redaktioun soll bei der Reform vun der Presseaarbecht berücksichtegt ginn. No wéi enge Kritären dat geschéie soll, seet de Xavier Bettel net. Am Regierungsaccord geet vu qualitative Kritäre rieds. Wéi eng dat sinn, ass net gewosst. "Mir brauche Vertrauen an eng onofhängeg a professionell Berichterstattung". De Premier ass beim Kapitel Medien ukomm.

Iwwer d'Zukunft vum radio 100,7 a vun RTL Tëlee: "D'Koalitiounsparteien hunn an hirem Programm ganz däitlech eng Reflexioun iwwer de Rôle, d'Missiounen, de Finanzement an d'Gouvernance vum ëffentlech-rechtleche Radio proposéiert. Deen Debat gëtt organiséiert, esou, wéi mir och iwwer déi ëffentlech rechtlech Missioun an der Televisioun wëllen diskutéieren. Dat geschitt zesumme mat der Chamber a mat deene verschiddenen Acteuren an internationalen Experten. An et geschitt an aller Transparenz."

Transparenz

Lëtzebuerg géif Initiativ ergräife fir en nationaalt Lobbyregëster anzeféieren. Ähnlech Iwwerleeunge ginn et och op EU-Niveau.


Déi ganz Regierungserklärung vum Premierminister Xavier Bettel:

Lauschterenplay_arrow


Update 17:34 - Reaktiounen op Regierungserklärung

CSV, ADR, Piraten: Detailer iwwer Finanzement feelen

An enger éischter Reaktioun no där Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel bleift d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen der Meenung, datt de Koalitiounsaccord ee Sammelsurium u Mesuren ass. Si vermësst Detailer doriwwer, wéi d'Regierung déi Moossname wéilt finanzéieren.

D'Oppositiounsparteien ADR an d'Pirate stelle sech och Froen iwwer de Käschtepunkt vum Programm. Déi Schwaarzmolerei wier et scho viru fënnef Joer ginn, wéi vun enger Scholdespiral geschwat gouf, esou d'Josée Lorsché, gréng Fraktiounscheffin. Si ass zouversiichtlech, datt d'Staatsfinanze gesond bleiwe wäerten.

Wuesstum nach ëmmer Haaptthema

D'ADR vermësst eng Äntwert op d'Konsequenze vum Wuesstum. Déi Lénk kritiséieren hirersäits, datt d'Regierung de quantitative Wuesstum nach ëmmer net a Fro stellt. D'Majoritéitsparteien deelen déi Meenung awer net. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry betount, datt dee Programm eng sozial, eng liberal an eng ekologesch Handschrëft géif droen. Et wier eng Äntwert op zwou grouss Erausfuerderungen, déi sozial Gerechtegkeet an d'Ekologie, esou den Alex Bodry.

Fir den Eugène Berger vun der DP ass et ee Programm, deen op d'Alldagssuerge vun de Läit ageet, an dee fir méi Gerechtegkeet wäert suergen.

De Mëttwoch de Moien gëtt an der Chamber iwwer d'Regierungsdeklaratioun debattéiert.