Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Peace Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Gesetzestext virun de Chamberwalen

Cannabis-Legaliséierung

Kee Gesetzestext virun de Chamberwalen

Fir de staatlech kontrolléierte Cannabis-Ubau am gréissere Stil a fir de legale Cannabis-Verkaf a Verkaafsstelle wäert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert virun de Chamberwale kee Gesetzprojet méi virleeën.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Dat war um Freideg de Moie gewuer ze ginn, no der Sitzung vun de Chamberkommissioune Gesondheet a Justiz: do huet d'Paulette Lenert just ee Konzept fir ee Pilot-Projet presentéiert.

Konzept fir Pilot-Projet

Zu den zentralen Elementer vun dësem Konzept, de President vun der Santés-Kommissioun an LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo:

"Iwwer d'Land wiere 14 Verkaafsstelle virgesinn an et géifen zwee Produzente lizenzéiert ginn."

Donieft gesäit d'Konzept vir, datt d'Qualitéit kontrolléiert gëtt an am Kader vum Pilot-Projet Residente vun iwwer 18 Joer nëmmen 30 Gramm Cannabis pro Mount solle kënne kafen, esou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché.

Si bedauert, datt esou laang mat dësem Dossier gewaart gi wier.

Claude Wiseler: Konzept mat "néideger Virsiicht" ze huelen

Den CSV-Deputéierten a Partei-President Claude Wiseler huet kritiséiert, datt d'Gesondheetsministerin nëmmen ee Konzept virleet, dat déi nächst Regierung "gebiede wier ëmzesetzen". Bis dohinner géif guer näischt geschéien.

"Ech muss soen, datt ech d'Impressioun net lass ginn, datt hei probéiert gëtt, nach virun de Walen schnell iergendeppes op d'Schinnen ze setzen, fir kënnen ze behaapten, si hätten eppes gemaach. An ech huelen dat mat där néideger Virsiicht."

D'Detailer vum Konzept fir den "experimentellen Dispositif" fir de legalen Accès zu Cannabis ginn de Mëtten um 12 Auer op enger Pressekonferenz presentéiert. Dat vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert, der Justizministerin Sam Tanson a vum Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch.

Et geet dobäi also ëm ee geplangte Pilotprojet fir ënner anerem de staatlech kontrolléierte Verkaf vu Cannabis hei am Land.