Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee gutt Bild

Sport

Kee gutt Bild

Den Owend fänken d'Halleffinalle vun der Europameeschterschaft un an de Sonnden ass dann d'Finall. An och wann den Tournoi nach net ganz fäerdeg ass, zitt de Pit Walté hei elo schonn e Fazit. Awer net zu dem wat mer sportlech um Terrain gesinn hunn, mee zum Bild dat d'UEFA an de leschte Woche vu sech gewisen huet. An dat wier kee gutt wéi de Pit Walté a dësem Kommentar mengt.

auto_stories

4 min

Scho virum Tournoi, hat d'UEFA ugekënnegt, datt d'Länner an deene gespillt gëtt, garantéiere mussen, datt d'Stadionen op mannst zu 25 Prozent missten ausgelaascht sinn. Matcher ouni Fans wiere keng Optioun, firwat dann Dublin ewech gefall ass, hei konnt d'Regierung ebe keng esou Garantie ginn.

An de leschte Wochen hu mer elo Biller vu vollen oder bal volle Stadionen, zu Budapest, oder Kopenhagen gesinn, an och d'Halleffinallen an d'Finall zu London wäerten ausverkaaft sinn.

Trotz enger Pandemie, wéinst där mir alleguerten an de leschte Méint hu misse vill afferen, setzt hei d'UEFA op d'Devise, wat méi wat besser.

Hei muss ee soen, datt natierlech och d'Länner selwer mat an der Verantwortung stinn, ëmmerhin erméigleche se dat jo och dës Zuelen. An dach, d'UEFA ass den Organisateur, an dës Spectateur-Zuele si ganz an hirem Sënn. Si huet se aktiv ënnerstëtzt. Well wéi Groussbritannien haart driwwer nogeduecht huet, fir d'Final, keng auslännesch Fans, VIPs, an Offizieller, ouni Quarantän beim Match z'erlaben, huet d'UEFA séier Drock gemaach; béiss Zonge kéinte esouguer vun Erpressung schwätzen. Gëtt nämlech keng Ausnam gemaach, wäert d'Final zu Budapest gespillt ginn.

D'UEFA ass net bereet Verantwortung ze iwwerlhuelen

Elo si jeeweils 1.000 Fans vun all Finalist, plus 2.500 UEFA-Offizieller a VIPs zu der Finall zougelooss, wa se och, ausser fir de Match, den Hotel net verloossen dierfen. Datt Groussbritannien en Hotspot vun der Delta-Variant ass, schéngt do net all ze wichteg.

An natierlech, et mécht Spaass sech de Fussball bei der EM unzekucken, an d'Leit entscheede jo och selwer an de Stadion ze goen.

An dach, d'UEFA ass net bereet Verantwortung z'iwwerhuelen, fir dat, wat d'Konsequenze vun dësem Turnéier kéinte sinn. Eenzeg Prioritéit ass et e flotten Tournoi um Fernsee ze weisen. En Turnéier dee sech gutt verkeeft, well et ass och bei der Europameeschterschaft, wou d'UEFA en Groussdeel vun hirem Benefice mécht.

Mënscherechter: D'UEFA ass net credibel

Datt doduercher alles dat, op wat mir an de leschte Méint verzicht hunn fir aus der Pandemie ze kommen, an all déi schwéier Schicksals-Schléi, marginaliséiert gëtt an d'Gefor vun enger neier Virus-Well nach vill méi grouss gëtt, gëtt vun der UEFA gären a Kaf geholl. D'Kees muss stëmmen, de Recht si just Mënscheliewen.

An och beim Ëmgang mat Reeboufändel war d'UEFA net souverän, wéi zu München de Stadion beim Match tëscht Däitschland an Ungarn an de Faarwe vum Reebou liichte sollt, fir de Message vun der Toleranz ze verbreeden, huet d'Fussball-Organisatioun dat verbueden, dat wier politesch, an de Fussball wier fräi vu Politik. An jo, de Reebou spezifesch am Match géint Ungarn anzesetzen, e Land, dat mat engem ëmstriddene Gesetz, d'Rechter vun der LGBTQI+-Communautéit weider aschränke wollt, war och sécher zum Deel politesch, op der anerer Säit, e Symbol fir Mënscherechter ass keng politesch Ausso, mee wéi de Numm et scho seet, e Recht.

Am August 2019 hat d'UEFA nach an engem Message op d'Twitter geschriwwen, datt d'Europameeschterschaft en Turnéier fir jidderee wier, dekoréiert mat engem Reebou. Eng Ausso, déi elo net méi extrem glafwierdeg schéngt.

Vilfalt just wa se kengem wéi deet

Virun allem well verschiddene Firmen nach verbuet gouf, wärend de Véierelsfinallen zu Sankt Petersburg an zu Baku an de Faarwe vum Reebou Reklamm ze maachen. Och nees zwee Länner, déi ëmmer nees wéinst hirem Ëmgang mat de Mënscherechter kritiséiert ginn.

Mee dat weist d'Astellung vun der UEFA ganz gutt. Vilfalt, jo ganz gären, awer nëmmen esou laang déi kengem wéi deet oder Länner, sech doduercher an hirer Politik ugegraff fillen. An d'UEFA hätt eigentlech d'Méiglechkeet méi ze maachen a sech fir d'LGBTQI+-Communautéit anzesetzen, mat Reegelen, Sanktioune géint Verbänn, déi dogéint handelen an net zu lescht, kéinte se och hir eege Gremien entspriechend besetzen.

Mee e richtegen déifgräifende Wandel schéngt der UEFA net esou wichteg, an e Message fir Vilfalt op Twitter oder de Logo an de Reebou-Faarwen ze presentéieren ass jo och vill méi séier gemaach.