Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee ka gréng genuch sinn"

CSV

"Kee ka gréng genuch sinn"

D'Caritas-Presidentin a fréier CSV-Familljeministesch Marie-Josée Jacobs fuerdert hir Partei op, sech eng kohärent Linn an Ëmweltfroen ze ginn an entspriechend Mesuren och aus der Oppositioun eraus z'ënnerstëtzen.

auto_stories

4 min

A senger Wahlanalys huet den deemolegen CSV-Parteipresident Marc Spautz am Dezember 2018 geschriwwen, d'CSV hätt am Wahlkampf keng Propositioune gemaach, "déi ervirstiechen géint de Klimawandel, fir den Ëmweltschutz wat ville Léit méi ënner de Neel gebrannt huet ewéi eng mathematesch-akademesch Diskussioun iwwer Pensiounen."

Ass d'CSV gréng genuch? "Et kann een eigentlech ni gréng genuch sinn a kee ka gréng genuch sinn", seet dozou d'Marie-Josée Jacobs. Dat géif fir d'CSV als Oppositiounspartei bedeiten, datt se net ëmmer kéint soe si wier net d'accord, "wa konkret Saache gemaach ginn".

Datt d'Fraktiounscheffin Martine Hansen an Ëmwelt- a Klimafroen als méi konservativ gëllt ewéi zum Beispill den neien CSV-Parteipresident Fränk Engel, kommentéiert d'Marie-Josée Jacobs esou: "Ech mengen net, datt dat iwwerhaapt ka goen, datt een do géigesäiteg net domadder d'accord ass." Et misst ee gemeinsam Positioune fannen, déi et erlaben, den nächste Generatiounen an d'Aen ze kucken. An eng ambitiéis Politik kéim net derlaanscht, "datt et iergendwou wéi deet".

Fir d'Auslännerwahlrecht

D'Marie-Josée Jacobs ass iwwerzeegt, datt d'Fro vum Auslännerwahlrecht sech weiderhi stellt. D'Resultat vum Referendum 2015 hätt méi mat der Ofleenung vun der deemoleger Regierungspolitik, ewéi mam Thema selwer ze dinn. A wa bal d'Halschent vun den Awunner Net-Lëtzebuerger sinn, misst ee sech d'Fro no der Participatioun sécherlech nach emol stellen.

Méi allgemeng huet d'Marie-Josée Jacobs fir eng engagéiert Integratiounspolitik plädéiert. Besonnesch bei de Flüchtlingen, déi nach keng vun de Landessprooche schwätzen, wier nach vill ze dinn. Dës Leit hätte grouss Méi eng Aarbecht ze fannen. D'DP-Familljeministesch Corinne Cahen hätt der Caritas awer zougeséchert, datt hei méi Efforte solle gemaach ginn.

Sozial Kohäsioun a Fro gestallt

Déi héich Logementspräisser gesäit d'Marie-Josée Jacobs als grousse Risiko fir de sozialen Zesummenhalt vum Land. Leit, déi 40 Stonne schaffen a sech nawell kaum eng Wunneng kéinte leeschten, wieren onzefridde, wa si gesinn, datt et aner Leit sech "alles kënne leeschten, an zwee oder dräi Mol d'Joer an d'Vakanz kënne goen".

Net eréischt an Zukunft, mee schonn elo si Leit op der Strooss wéinst den ze héije Logementspräisser, esou d'Caritas-Presidentin. Den Undeel, dee Menagë mat modestem Akommes fir d'Wunnen ausginn, ass dem Statec no an de leschte Jore staark geklomm, op duerchschnëttlech iwwer d'Halschent vum Brutto-Revenu.

Logement: "Enorm vill muss geschéien"

Datt de Besëtz vu Bauterrainen am Land staark konzentréiert ass, ewéi eng LISER-Etude rezent gewisen huet, wier hir net bewosst gewiescht, esou d'Marie-Josée Jacobs: "Mee dat ass awer de Beweis, datt dorobber vill Sue verdéngt ginn."

Dat mannst wier dowéinst eng Reform vun der Grondsteier. Déi nei Logementsministesch Sam Tanson wier och ganz motivéiert fir vill ze maachen. Mee d'Caritas-Presidentin ass sech net sécher, ob de Koalitiounsaccord an d'Koalitiounspartner et zouloosse wierklech eppes z'änneren.

Familljepolitik

Et wier net gutt, wa Kanner ze vill a Friembetreiung wieren, mengt d'Marie-Josée Jacobs. Mee effektiv wier et problematesch, wa besonnesch Frae ganz doheem bleiwen, an doduerch an d'Prekaritéit riskéieren ze rutschen.

Déi fréier Familljeministesch plädéiert dofir, datt Elteren d'Chance kréien Deelzäit am Beruff ze bleiwen ouni dobäi Abousse bei hire Pensiounsrechter ze hunn. Eng weider Flexibiliséierung vum Congé parental wier richteg, misst awer an Ofsprooch mat de Sozialpartner geschéien. Och d'Zäitspuerkonte kéinte vun den Eltere genotzt ginn, fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.

"Domm Kou", trau dech

D'Marie-Josée Jacobs huet 20 Joer als Infirmière geschafft, wat hire Bléck op sozial Froe grad ewéi op d'Familljepolitik gepräägt huet. Mat 17 Joer ass si 1967 schonn der CSV bäigetrueden. Wéi si 1992 sollt Ministesch ginn, war mam Mady Delvaux-Stehres just eng aner Fra an der Regierung. Déi deemoleg LSAP-Deputéiert Lydie Err hätt si dozou encouragéiert de Posten unzetrieden.

An engem Telefonsgespréich hätt d'Lydie Err gesot: "Elo kanns du domm Kou maachen, datt s du dat unhëls an net mengs, du kéints dat net an et wier iergendee Mann do, deen dat besser kéint." Hiert ganzt Liewen hätt si dacks dorunner geduecht, well si sech déi Fro effektiv dacks gestallt hätt.

Effektiv hätt si besonnesch a familljepolitesche Froe "an der Regierung mol Bemierkunge gemaach kritt". Als Fra an der Politik dierft een also "kee sou empfindleche Charakter hunn, well soss gëtt dat näischt".

Récktrëtt 2013

D'Marie-Josée Jacobs seet, si wier am Abrëll 2013 zeréckgetrueden, fir datt fréi genuch virun den nächste Chamberwahle vun 2014 nei Leit kéinten noréckelen. Si wier deemools trotz der Krisestëmmung wéinst der SREL-Affär net dovunner ausgaangen, datt am Oktober virgezunnen Neiwahle wäerte sinn.

Ob de Jean-Claude Juncker deemools richteg mat der Situatioun ëmgaangen ass, wéilt si net bewäerten.