Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chromeo - Words With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee positive Bilan vum Inklusiouns-System

Invité vum Dag

Kee positive Bilan vum Inklusiouns-System

D'Situatioun vu Kanner mat enger Behënnerung an der Grondschoul hätt sech mat der Aféierung vun de Regionaldirektiounen an den neien Inklusiounskommissioune verschlechtert. Dat kritiséiert d'Presidentin vun Zesummen fir Inklusioun, kuerz Zefi. D'Martine Kirsch stellt och déi geplangt Kompetenzzenteren fir spezifesch Schwieregkeeten a Fro.

auto_stories

4 min

Déi fréier Education différenciée, kuerz Ediff, soll duerch aacht Kompetenzzenteren ersat ginn. D'Martine Kirsch begréisst, datt doduerch spezialiséiert Personal rekrutéiert géif ginn. Och wann et trotz de finanzielle Moyenen, déi zur Verfügung stinn, net einfach wier, Leit ze fannen.

Mä d'Asbl Zesummen fir Inklusioun kritiséiert, datt och mam geplangten neie Gesetz an de Kompetenzzentere Schoulklasse geschaaft géife ginn, wou exklusiv behënnert Kanner scolariséiert ginn. Dat wär keng Inclusioun. Et misst ee sech froen ob mat de Kompetenzzenteren, déi d'Education différenciée ersetzen, net just den Numm geännert géing ginn.

Am entspriechende Gesetzesprojet wier virgesinn, datt nieft dem Begrëff "enfants à besoins spécifiques" och de Begrëff "enfants à besoins particuliers" agefouert gëtt. Dorënner falen och Kanner mat Léierschwieregkeeten a Verhalensproblemer. Fir d'Martine Kirsch wier déi zousätzlech nei Kategorie eng flagrant Diskriminatioun. "All Kand muss déi Ënnerstëtzung kréien, déi et brauch." Den Educatiounsminister hätt hir allerdéngs gesot, datt déi nei Bezeechnung erëm aus dem Gesetzesprojet gestrach géif ginn.

Formatioun Personal

Datt Inklusioun schwéier ass, hätt der Martine Kirsch no ënnert anerem mat der Ausbildung vum Personal ze dinn. Den Ament géing et hirer Meenung no nach vill um eenzelen Enseignant leien, ob Inklusioun funktionéiert oder net. Den Edukatiounsministère krut am Hierscht de béise Fanger gemaacht vun de Vereenten Natioune vu Genève. D'UN-Observatiounen a Recommandatioune géinge virleien, seet d'Martine Kirsch. Dozou géing och d'Formatioun vum Personal zielen.

Lëtzebuerg bräicht ee konkreten Aktiounsplang fir inklusiv Bildung, esou d'Fuerderung vum Zefi.

"Ech mengen et muss een eng politesch Decisioun, e Statement huelen, a soen: 'Ok mir maachen elo Inklusioun. Dat geet net vun haut op muer. Mee, datt mir wierklech e Plang hunn, wéi dat elo soll ëmgesat ginn. Wéi vill Leit ginn elo u Ressourcen agestallt a wat kënnt alles op déi nächst zwee, fënnef Joer?"

Elteren net mat agebonnen?

D'Zefi-Presidentin kritiséiert d'Zesummesetzung an de Fonctionnement vun den neien Inklusiounskommissiounen, déi Decisiounen iwwert déi schoulesch Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen huelen. Déi Kommissioun besteet aus Vertrieder vun der Schoul, Educateuren, der Education différenciée an dem Ministère. D'Eltere géifen dacks net méi an d'Kommissiounen invitéiert ginn. Dat wier virdrun awer de Fall gewiescht.

"Dacks fannen déi Kommissioune statt, an da kritt een e Rapport. Do sti Recommandatioune dran. An that's it. An dat ass e bësse schued, datt am Fong an deene Kommissiounen dacks keen dobäi ass, deen den Affekot vum Kand ass. Spriech d'Elteren, vläicht Therapeuten, wou d'Kand schonn e puer Joer mat schafft. Den Ament ginn Observatioune vun de Kanner an der Klass gemaach. Dacks vu Psychologen, déi d'Kand nach ni virdru gesinn hunn. Déi kommen dann eng zwou Stonnen an eng Klass sech dat ukucken an da maache si ee Rapport an da gi si och Recommandatioune zur schoulescher Inclusioun. "

Dacks géifen d'Eltere vill Pressioun gemaach kréein, an si géife relativ séier an d'Ediff orientéiert ginn, esou nach d'Martine Kirsch. Mam Argument, datt déi besser strukturéiert wier, mat méi klenge Klassen an datt d'Kand da besser encadréiert wier well méi spezialiséiert Leit do wieren.

"Wéi kënne mir dat upaken?"

Och d'Approche vun de Kommissioune gesäit d'Martine Kirsch éischter kritesch. Et géif ze vill gekuckt ginn, wat d'Kand net kéint.

"Et ass ëmmer esou: Kann net, mécht net, weess net, geet net. Et ass ëmmer sou. Am Plaz ze kucke 'wéi kënne mir dat upaken, wat kann dat Kand dann, wou kënne mir elo opbauen, wéi vill Assistenz brauch dat Kand, wéi vill Utille brauch dat Kand'. Mat der Assistenz ass ee Problem. Dat sot eis den Här Meisch och.

Fuerderung fir zentral Ulafsplaz

D'Martine Kirsch begréisst, datt Mediateuren an der Grondschoul agefouert solle ginn, un déi ee sech kann adresséieren, wann een e Problem huet. D'Presidentin vum Zefi fuerdert awer donieft d'Aféierung vun engem nationalen Inklusiounsbeoptragten. Also eng zentral Ulaafsplaz fir Betraffener.