Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Above Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Verbuet fir Dieselautoen

Ëmwelt

Kee Verbuet fir Dieselautoen

D'Ëmweltministerin ass trotz héije Pollutiounswäerter vu Stéckoxiden an der Loft net fir e Verbuet vun Dieselautoen. Der Carole Dieschbourg no géif een de Problem vrun allem mat enger besserer Mobilitéit an de Grëff kréien.

auto_stories

2 min

Carole Dieschbourg

"An dëser Regierung gëtt et méi Koherenz wéi a viregten", seet déi gréng Ministerin. D'Ëmwelt-ONG Mouvement écologique huet an engem Tëschebilan grouss Divergenzen tëscht de verschiddene Ministere kritiséiert. Besonnesch de Landwirtschaftsminister gëtt staark ugegraff. Der Carole Dieschbourg no géingen Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère ganz gutt matenee schaffen. Déi rezent politesch Sondagen, wou déi Gréng ganz gutt ofschneiden, hätte keen Impakt op d'Aarbecht vun der Regierung.

De Leit de Choix loossen

An der Stad Lëtzebuerg gi d'Stéckoxidwäerter ëm iwwer dat Duebelt iwwerschratt. An 2/3 vun de gemoossene Stied an Dierfer läit een zu Lëtzebuerg iwwert de Grenzwäerter. Der Carole Dieschbourg no géing een de Problem mat enger besserer Mobilitéit a mat steierlechen Avantagë fir Elektroautoen an de Grëff kréien. Zu Oslo sinn Dieselautoen an der Stad verbuede ginn.

En Dieselverbuet wier eng Moossnam, déi just ganz zum Schluss géing kommen, seet d'Ministerin. Et wier wichteg, elo proaktiv a präventiv ze schaffen. Dofir sollt een de Leit attraktiv Alternative bidden. D'Carole Dieschbourg geet dovun aus, datt d'Leit da vu sech aus eng aner Mobilitéit wiele wäerten. Et sollt net alles duerch Verbueter geregelt ginn. Et wier wichteg de Choix ze hunn, sou d'Carole Dieschbourg.

Den Ëmweltministère huet Aktiounspläng géint de Kaméidi lancéiert an en nationale Programm vun der Loftqualitéit: http://www.environnement.public.lu/actualites/2017/01/Plans-d_action-contre-le-bruit/index.html