Radioen

On air

Tockcity  |  Justice - Generator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee Verstouss géint d'Verfassung"

Chamberwahlen 2018

"Kee Verstouss géint d'Verfassung"

De Robert Mehlen (ADR) fuerdert d'Chamber op, d'Wahlresultater net ze validéieren, well de Wahlsystem verfassungswiddereg wier. Déi Intentioun hätt keng Aussiicht op Erfolleg, mengt de Luc Heuschling.

auto_stories

2 min

De Robert Mehlen, deen de leschte Sonndeg bei de Chamberwahlen fir d'ADR kandidéiert huet, empfënnt et net just als Ongerechtegkeet, mee souguer als anti-konstitutionell, datt am Bezierk Osten, wou hie Kandidat war, nëmme siwe Mandater ze verdeele sinn. An engem Bréif, d'lescht Woch un de Chamber-President, hat hien ausgerechent, datt am Bezierk Zentrum just duebel souvill Wieler wunnen, wéi am Osten. Mee, datt déi awer dräi mol méi Deputéierter bestëmmen. Dat wär e Verstouss géint den Artikel 10bis vun der Verfassung, dee seet "Tous les Luxembourgeois sont égaux devant la loi".

"kee Verstouss géint d'Verfassung"

Hie géif mat senger Aschätzung richteg leien, wann een d'Zuel vun de Wieler als Basis géif huelen. Dat seet de Verfassungsexpert a Professer op der Uni Lëtzebuerg, Luc Heuschling. Wann ee sech awer op d'Bevëlkerungszuel berifft- also Wieler, Net-Wieler an auslännesch Residenten, wat a ville Wahlsystemer och esou geschitt - da wier d'Problematik senger Meenung no just ganz kleng an och kee Verstouss géint d'Verfassung, esou nach de Luc Heuschling. Well där Rechnung no hätt den Zentrum en halleft Mandat ze vill, an de Süden en halleft Mandat net genuch. Den Osten an den Norde wiere korrekt representéiert.

De Robert Mehlen fuerdert, datt d'Chamber d'Wahlresultater net validéiert. Hie behält sech allméiglech rechtlech Schrëtt vir a wëll noutfalls bis op den europäesche Menscherechts-Geriichtshaff zu Stroossbuerg goen. Ma sou guer wann d'Wahlgesetz verfassungswiddereg wier, da kéint déi zoustänneg Chamberkommissioun - wa si dann de Courage hätt - dat soen, mee juristesch gesi misst si d'Gesetz applizéieren, seet de Luc Heuschling.

"Well déi éischt Instanz, déi zu Lëtzebuerg ka soen, datt e Gesetz verfassungswiddereg ass an, datt et dofir net méi applizéiert gëtt, ass d'cour constitutionelle. Mee well eis Politiker 1997 eng ganz minimalistesch Opfaassung vum Rôle vun dësem Geriicht verankert hunn, ass et ganz schwéier d'Verfassungsgeriicht unzeruffen."

Nëmmen normal Geriichter kéinten déi Demarche maachen, esou nach de Verfassungsexpert. Déi zoustänneg Chamberkommissioun ass awer kee Geriicht a kéint d'cour constitutionelle dofir net uruffen. "Dat heescht, et ka keen offiziell deklaréieren an dësem Fall, datt d'Gesetz verfassungswiddereg wier. An domat muss d'parlamentaresch Kommissioun d'Gesetz applizéieren."

Interview mam Luc Heuschlingplay_arrow