Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Wëllt Schwäi mat Schwéngspescht infizéiert

Afrikanesch Schwéngspescht

Kee Wëllt Schwäi mat Schwéngspescht infizéiert

Déi siwe Wëll Schwäin, déi bei der Juegd Enn der leschter Woch tëschent Lénger a Grass geschoss goufen, wieren u sech keen esou ee schlechte Bilan, seet d'Sandra Cellina vun der Naturverwaltung. Déi Juegd wier eppes gewiescht, wat et an där Form nach net gouf bis elo: op esou eng grousser Distanz, an an engem Moment vum Joer, wou normalerweis - wéinst der dichter Vegetatioun - keng Juegte sinn.

auto_stories

2 min

D'Juegd wier och nëtzlech gewiescht, well een emol eng Indikatioun kritt hätt, wéi vill Wëll Schwäi sech an deem Streech ophalen: nämlech ëm déi 50. De Landwirtschaftsministère hat matgedeelt, datt keent vun de siwe Wëll Schwäin, déi geschoss gi waren, mam Virus vun der afrikanescher Schwéngspescht infizéiert war.

Fir déi sougenannt zone blanche komplett fräi vu Wëll Schwäin ze kréien, wiere weider Efforten néideg. Dofir soll jo elo mol während enger Zäit d'Nuetsjuegd erlaabt ginn, an et wäerte Fale gesat ginn, déi den Déiereschutz esou gutt wéi méiglech respektéieren. Iwwer en Ausléiser soll ee gesinn, wat an der Fal ass, éier datt ee se ausléisst, seet d'Sandra Cellina. Wann aner Déiere gefaange géife ginn, da misst een "esou séier wéi méiglech déi Déieren eraushuelen, respektiv se erléisen an eraushuelen".

Bestänn konnten net reduzéiert ginn

Et ginn ze vill Wëll Schwäin, dee Constat ass net nei an en huet och näischt direkt mat der afrikanescher Schwéngspescht ze dinn. Mee an deem Kontext gëtt nees verstäerkt un d'Jeeër appelléiert, fir d'Bestänn ze reduzéieren.

Firwat gëtt et eng Iwwerpopulatioun? D'Sandra Cellina vun der Naturverwaltung seet: well d'Wëll Schwäin hei liewe wéi d'Mued am Speck. Fudder fanne si méi wéi genuch, zum Beispill op de Mais- a Kärefelder direkt nieft de Bëscher, si leiden also "wierklech keen Honger". Et wieren och net genuch Wëll Schwäi geschoss ginn, seet d'Sandra Cellina. Ausserdeem kënne Wëll Schwäin sech vu fënnef oder sechs Méint u reproduzéieren. "Dat geet also zimlech virun".