"Ech hunn dem Marc Ruppert bei der Publikatioun vum Wort-Artikel eng SMS gemaach, mat der Fro, ob déi Informatiounen do géife stëmmen", sou d'Corinne Cahen am 100,7-Interview.
D'Lëtzebuerger Wort hat Mëtt November iwwert de Récktrëtt vum DP-Generalsekretär geschriwwen, datt et zu villen Zesummestéiss mat der Parteipresidentin komm wier. Dofir hätt hien d'Handduch geheit. "Wéi hie mir 'Neen' geäntwert huet, hunn ech geschriwwen, datt een dat da soll kloer stellen. Wann dat Drock ass, dann hu mir ënnerschiddlech Interpretatiounen dovun", erkläert d'Corinne Cahen. Si géif dat anescht empfannen. Et wier guer net hire Genre, Drock op d'Leit ze maachen.
D'Corinne Cahen hätt och vum Marc Ruppert wëlle wëssen, ob et wierklech e Clash tëschent hinne gouf. Wéi hien och dat dementéiert huet, hätt si drop higewisen, datt een - och an der Funktioun vum Generalsekretär - responsabel misst handelen. Et kéint een net einfach esou d'Handduch geheien.
Versteesdemech fir enttäuschend Wahlresultat
De Marc Ruppert hätt vill vu Basisdemokratie geschwat. Elo awer hätt hien, ouni Basisdemokratie, wëllen zougeséchert kréien, datt hien d'nächst Joer op der Lëscht fir d'Chamberwahle wier, erzielt d'Corinne Cahen.
"Ech verstinn, datt hien enttäuscht ass iwwert säi Resultat bei de Gemengewalen", seet d'Parteipresidentin. Et hätt him wuel un Energie gefeelt, fir nach emol duerchzestarten. Derbäi kënnt, datt hien eng zweete Kéier Papp gëtt, esou datt et sécher och einfach un Zäit feelt. D'Corinne Cahen bedauert déi aktuell Aussoe vum Marc Ruppert, och wann an enger Demokratie jiddereen dat dierft soen, wat e wëllt.
D'DP-Presidentin ënnersträicht ausdrécklech, datt d'Ambiance an der DP gutt ass, et wier eng "super" Equipe, déi och "super" géif zesummeschaffen.