Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Elektromobilitéits-Trend duerch erhéijten CO2-Tax?

Groupement Energies Mobilité Luxembourg

Keen Elektromobilitéits-Trend duerch erhéijten CO2-Tax?

Déi méi héich CO2-Tax an den nächste Joren hei am Land wäert d'Leit net vum Verbrennungsmotor ewech bréngen: der Meenung ass de Romain Hoffmann, de President vum Groupement Energies Mobilité Luxembourg (deem fréiere Groupement Pétrolier). Déi méi héich Taxe géif senger Aschätzung no kee groussen Trend fir méi Elektromobilitéit a Beweegung setzen.

auto_stories

2 min

De Romain Hoffmann ass President vum Groupement Energies Mobilité Luxembourg. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


An der geplangter Aktualiséierung vum "Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg" steet jo, datt d'CO2-Tax op fossil Brennstoffer bis 2026 pro Joer ëm weider fënnef Euro pro Tonn wäert klammen.

Eng europäesch Approche gëtt favoriséiert

Dës Augmentatioun bréngt mat sech, datt d'Liter-Präisser Bensinn an Diesel ëm weider 1,1 bis 1,2 Cent pro Joer klammen. Well doduerch manner Sprit wäert verkaaf ginn, wier dat "net ganz positiv" fir säi Secteur, kritiséiert de Romain Hoffmann.

"Wat natierlech fir de Consommateur eng Surcharge ass, mee och virun allem eis Kompetitivitéit par rapport zum Ausland weider verschlechtert."

De Groupement, deen d'Interesse vun de Pëtrolsgesellschafte vertrëtt, wier awer och der Meenung, datt de Klimawandel an d'Pollutioun wichteg Theeme sinn, erkläert de Romain Hoffmann.

"Mir sinn awer dogéint, datt mir do hei als Lëtzebuerg Elenggäng maachen. Ech mengen, dat do sinn Theeme wéi eng CO2-Tax, déi missten europäesch ugaange ginn."

Keng Etüd iwwer Impakt vu méi héijer CO2-Tax

Eng Etüd, wéi vill manner Ëmsaz a Benefice et hei am Land am Secteur wäerte ginn, duerch déi méi héich CO2-Tax, wier net gemaach ginn, esou de Romain Hoffmann.

2026 soll d'CO2-Tax der Regierung no bei 45 Euro pro Tonn leien. De Klimabiergerrot hat am September d'lescht Joer gefuerdert, datt d'CO2-Tax bis an dräi Joer progressiv op op d'mannst 200 Euro pro Tonn soll klammen.

"Dat hätt bedeit warscheinlech, datt d'Residenten an d'Ausland géifen tanke goen. Ob dat elo wierklech eng gutt Initiativ ass, dat wëll ech Jiddwerengem iwwerloossen. Also dat wier natierlech dramatesch gewiescht fir eise Secteur."

Tankstelle ginn et der hei am Land ronn 240, an de Secteur beschäftegt eng 3.000 Leit.