Radioen

On air

Tockcity  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Distribution Days méi zu Lëtzebuerg

Foodsharing Luxembourg

Keng Distribution Days méi zu Lëtzebuerg

Foodsharing Luxembourg wäert an Zukunft keng Distribution Days méi organiséieren. Dat hat d'Ëmweltorganisatioun, déi géint d'Liewensmëttelverschwendung hei am Land virgeet, viru Kuerzem matgedeelt. Zanter gutt zwee Joer si wärend den Distributioun Days grouss Quantitéiten u Liewensmëttel, déi vu Supermarchéen a Grossisten net méi kënne verkaf ginn, gesammelt an op fënnef Plazen am Land verdeelt ginn. Domat ass elo Schluss. Firwat?

auto_stories

2 min

Virop hätten intern Problemer Foodsharing Luxembourg dozou beweegt, d'Distribution Days net méi weider ze organiséieren, erkläert den Daniel Waxweiler vun der Ëmweltassociatioun.

"Mir hate fënnef Distribution Days an déi fënnef wollten awer net wierklech zesummen un engem Strang zéien. Sou datt mir och do net als Council méi eng Uspriechpersoun haten.

Ausserdeem hätt ee probéiert, eng nei responsabel Persoun ze fannen, déi de Projet hätt leede wëllen. Do gouf awer keng fonnt seet den Daniel Waxweiler. Weder aus dem Projet selwer, nach aus der ASBL.

Ze streng Oploe

Et wier och schwiereg fir eng Associatioun déi aus Fräiwëllege besteet, all d'Regulatioune ronderëm d'Liewensmëttel ze erfëllen. Fir d'Organisateure vun den Distributioun Days géingen nämlech fir d'Associatioun déi selwecht Oploe vun der Securité alimentaire gëllen, ewéi fir Betriber. Déi sinn dem Daniel Waxweiler no fir Foodsaving-Zwecker ze streng.

"Mir goufe mam Projet Distribution Days als Betrib ugesinn an hunn da missen all déi Hygiène-Standarden erfëllen, déi och d'Betriber erfëllen. A mir sinn awer net d'Accord, datt mir esou streng gehandhaabt ginn. Zemools well déi Liewensmëttel den Dag selwer oder den Dag dono giess ginn."

Verschidde Regulatiounen hätte sou nëmme schwéier, oder souguer guer net erfëllt kënne ginn, seet den Daniel Waxweiler.

Dat hätt och esou munch Supermarcheeën dovunner ofgehalen hir Liewensmëttel weider u Foodsharing Luxembourg ofzeginn.

Supermarchéë ginn nach net wäit genuch

D'Liewensmëttel, déi fir d'Distribution Days bestëmmt waren, géingen awer weider vun den aktuell 325 fräiwëllege Foodsaver ofgeholl ginn. Mam Ënnerscheed, datt se d'Produiten als Privatpersoun entgéint huelen an och privat weiderginn.

"A mir gesinn eis do just als Vermëttler-Plattform vun deene Fräiwëllegen, vun deenen Empfänger vun de Liewensmëttel. Déi meescht ginn et dann u Frënn, Famill, Kolleegen, Noperen, Leit déi et brauchen. Awer do mësche mir eis eben net an."

Eng Partie Supermarchéen a Produzenten hätten iwwerdeems un hirer Offallpolitik geschafft, esou datt manner Liewensmëttel géinge bei Foodsharing Luxembourg ukommen. Eigentlech eng positiv Entwécklung. Et géing awer nach net wäit genuch goe, fënnt den Daniel Waxweiler.

"Et bräicht och Ännerunge vum Gesetzgeber, fir datt d'Betriber och gezwonge ginn, eppes ze maachen."

Am deem Sënn schafft d'Associatioun den Ament och hir Fuerderunge fir d'Nationalwalen am Oktober aus. Iwwerdeems ass den 1. Mäerz och een Informatiounsowend vu Foodsharing Luxembourg.