Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Fake-Fraktiounen méi am Europaparlament

Intern Regelen am Europaparlament

Keng Fake-Fraktiounen méi am Europaparlament

D'Europaparlament gëtt sech nei intern Regelen. Et geet ënner anerem ëm den Ëmgang mat Lobbyisten. Dernieft solle Fake-Fraktiounen verhënnert ginn. Politesch Gruppen, an deene sech Parteien juste aus technesche Grënn zesummen dinn, déi awer keng gemeinsam politesch Linne vertrieden, schueden der Demokratie, seet den DP-Europadeputéierte Charel Goerens.

auto_stories

5 min

Foto: Marc DOSSMANN / European Union 2019 - Source : EP

De politesche Grupp am Europaparlament "Europa fir Fridden an Direkt Demokratie", d'EFDD, wier esou eng Fake-Fraktioun, schreift de Saarlänneschen Europadeputéierten Jo Leinen an engem Communiqué.

"EFDD ass eng Fake-Fraktioun"

Doran hätte sech Europadeputéiert vun der britescher UKIP Partei an deene vun der italienescher Cinque Stelle Beweegung zesummefonnt - just fir méi Sue vum Parlament ze kréien. Politesch wiere béid Parteien awer guer net op enger Linn. D'Parlament misst verhënneren, datt et zu esou kënstleche Fraktioune kënnt.

Och de Charel Goerens, DP-Europadeputéierten, ass där Meenung.

"Et si Memberen an där Fraktioun, déi ganz offe soen, datt si sech nach ni an enger Fraktiounssëtzung erëmgesinn hunn".

Trotzdeem kréie si Fraktiouns-Räim mat Dolmetscher zur Verfügung gestallt. D'EFDD krut vum Parlament 15 Milliounen Euro, sou de Jo Leinen. Déi stéingen hinnen net zou.

An där neier interner Parlamentsregel gëtt vu "politescher Affinitéit" geschwat, zu där sech Membere vun enger Fraktioun bekenne mussen, erkläert de Charel Goerens.

"Ech ka mir net virstellen, datt eng politesche Fraktioun Sënn mécht, wa se sech net ofgrenzt par rapport zu aneren", sou den DP-Politiker. Et kéint net sinn, datt ee sech einfach als Fraktioun konstituéiere kann, an "da kréie fënnef oder sechs Leit ee Chauffeur an aner Facilitéiten, dat ass net den Zweck vun der Demokratie."

Soll de Plenum iwwer Fraktiounsstäerkt ofstëmmen?

Kéim de Verdacht op, datt sech eng Fraktioun forméiert, an där et keng politesch Affinitéit gëtt, kéint um Schluss ass et de Plenum am Parlament driwwer ofstëmmen, ob et bei der Fraktiounsstäerkt bleift, sou d'Propose vum Charel Goerens.

Des Propose krut awer keng Majoritéit an der Plenière.

D'Majoritéit sollt net driwwer bestëmmen, ob eng kleng Fraktioun legitim ass oder net, fënnt den Däitsche Sven Giegold.

"Das ist eine politische Prüfung einer Minderheit durch eine Mehrheit. Und Minderheitenrechte sind ein hohes Gut der Demokratie und das gilt auch im europäischen Parlament."

Et geet net drëm, datt eng Minoritéit ausgeschalt gëtt, seet dozou de Charel Goerens: "All Fraktioun ass eng Minoritéit. Et geet hei drëms datt si zu deem stinn, wat si an d'Aushängeschëld stellen. Dat, wat op der Fläsch steet muss och an der Fläsch dra sinn."

Och an der gréisster Fraktioun vum Parlament, der Europäescher Vollekspartei, ass net jiddereen iwwerzeegt vun der Propose. D'Lëtzebuerger CSV-Europadeputéiert hun ogéint gestëmmt, sou de Christophe Hansen. "D'Iddi ass gutt, mee et fehle kloer Kritären", seet hien.

Hie léisst och duerchblécken, datt et jo och bannent der EVP inhaltlech Divergenze gëtt. "Do kéint jo esou eng Regel och dofir geholl ginn, fir d'Memberschaft vun der ungarescher Fidesz an der EVP a Fro ze stellen", sou den CSV-Europadeputéiert.

Um Enn gouf zeréckbehalen, datt an Zukunft all Fraktioun muss hire But an hir Daseinsberechtegung an enger politescher Déclaratioun beschreiwen. En plus mussen d'Memberen vun der Fraktioun declaréieren, datt si déi selwescht politesch Iwwerzeegungen deelen.

Geheime Vott iwwer Transparenz-Regel

Bei de neie Regele geet et och ëm d'Transparenz am Ëmgang mat Lobbyisten. D'Parlament konnt sech net iwwer ee verbindleche Regëster fir Lobbyisten eens ginn.

Dem Kompromëss no mussen elo Deputéiert, déi Rapporter fir Gesetzer sinn, hir Rendez-Vousen mat Lobbyisten deklaréieren. Och dat ass ëmstridden.

D'EVP-Fraktioun hat ee geheime Vott iwwer dës Regel ugefrot. Dat war net ubruecht, seet de Christophe Hansen.

"A mengen Aen ass et paradox an enger Transparenzfro geheim ofzestëmmen, a mir dräi CSV-Europadeputéiert si fir ee Vote public, well et kann ee jo erkläre firwat een dofir oder dogéint gestëmmt huet."

E geheime Vott gouf et schonn zanter zéng Joer net méi, reegt sech de Sven Giegold op.

"Abstimmungen finden öffentlich statt. Dass ausgerechnet jetzt eine Abstimmung über Transparenz geheim stattfinden soll schürt Anti-europäischen Populismus und ist auch feige."

Um Enn huet sech eng Majoritéit am Parlament fir déi nei Transparenz-Regel ausgeschwat. De Vott war knapps, mat 380 Deputéiert, déi dofir gestëmmt hun. Dat waren der juste véier méi, wéi fir d'Majoritét vun 376 gebraucht goufen.

De Charel Goerens stëmmt dogéint. Hien hätt zwar kee Problem fir seng Reunioune public ze maachen, mee et wier um Enn d'Decisioun vu jidderengem selwer, wéi een domat ëmgoe soll. Déi nei Lëtzebuerger Regierung huet hirersäits annoncéiert, Lëtzebuerg géif all Initiativ fir een obligatoresche Register fir Lobbyisten ze schafen, ënnerstëtzen. Dat gouf esou am Koalitiounsaccord festgehalen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.