Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Garantien

25 Joer 100,7

Keng Garantien

Missten de Finanzéierungsmodell an d'Gouvernance iwwerduecht ginn, fir d'Onofhängegkeet vum ëffentlech-rechtleche Radio ze stäerken? Um 25. Anniversaire vum radio 100,7 ass doriwwer diskutéiert ginn.

auto_stories

4 min

De Staats- a Medieminister Xavier Bettel, den 100,7-Journalist Maurice Molitor, den 100,7-Direkter Jean-Paul Hoffmann an den Editpress-Generaldirekter Jean-Lou Siweck

Plädoyer fir eng Reform

Am Kader vun enger Table ronde ass iwwer d'Plaz vum ëffentlech-rechtleche Service an der Lëtzebuerger Medielandschaft diskutéiert ginn. Et wier net gesond, datt et tëschent dem Radio an dem zoustännege Ministère een direkte Lien gëtt, sou den Direkter Jean-Paul Hoffmann. De radio 100,7 gëtt direkt aus dem Staatsbudget finanzéiert an den zoustännege Minister nennt all d'Membere vum Verwaltungsrot. De Finanzéierungsmodus an d'Gouvernance missten iwwerduecht ginn. Am Ausland géif et besser Modeller, déi eng méi grouss Onofhängegkeet garantéieren.

"Ech soen net, datt dat geschitt. Mee ech soen, dat ka mat sech bréngen, datt do eng 'prise d'influence' kéint sinn."

De Jean-Paul Hoffmann huet rezent seng Demissioun als Direkter vum radio 100,7 annoncéiert. No fënnef Joer wier ee gudde Moment dat ze maachen, huet hien op Nofro hin dozou gesot.

"Keng politesch Nominatiounen"

De Staats- a Medieminister Xavier Bettel (DP) gesäit keng Ursaach fir d'Gesetz vum radio 100,7 ze reforméieren. D'Journalisten hätten déi lescht Joren ëmmer kritesch bericht, "wou ee jo net d'Gefill huet, datt Dir de Staatsradio waart". De Risiko, datt eng Regierung kéint versichen, Afloss op de Contenu ze huelen, gesäit de Premier net, mee "ee Garant hunn ech ni".

Et wier a sengen Ae richteg, datt d'Chamber de Budget vum radio 100,7 all Joers stëmmt. Bei den Nominatioune vun de Conseilsmemberen hätt hie probéiert, Leit ze fannen, déi déi néideg Erfarung hunn. Dëst wiere keng "politesch Nominatiounen":

"Et ass witzeg, soubal ech ee genannt hunn, krut deen automatesch een DP-Stempel. Ech kann iech nëmme soen, de Laurent Loschetter huet mat menger Partei näischt um Hutt."

De Radio a seng Konkurrenten

Datt d'Propos vum 100,7 fir och ee franséischsproochege Programm ze maache vum Minister refuséiert gouf, huet de Xavier Bettel esou erkläert: Et wier net fair gewiescht dem "L'Essentiel Radio" eng Concessioun ze ginn an da mat ëffentleche Suen och eng Konkurrenzoffer ze finanzéieren:

"Dir kënnt dat eng politesch Decisioun nennen. Ech mengen, et ass just och eng Saach vu 'Fairplay'. Wann ech dat ee Joer virdrun matgedeelt kritt hätt, dann hätt ech dat dem Essentiel kënne soen, éier si hire Businessmodell lancéieren. Dat war deemools net de Fall."

"Klenge, léiwe Radio" oder Lëtzebuerger BBC?

Et wier nach ëmmer net kloer, wat d'Roll vum radio 100,7 ass, sot de Jean-Lou Siweck. De Generaldirekter vum Grupp Editpress a Chefredakter vum Tageblatt huet drop higewisen, datt den 100,7 mat "minimaalste Moyenen" gegrënnt gouf a mat "Conditiounen, déi quasi sécher gestallt hunn, datt en de kommerzielle Radioen net ze vill Konkurrenz géif maachen."

Elo géif jiddweree soen, de Radio hätt seng Plaz fonnt, "dee klenge léiwe Radio do". Mee den Usproch vum Radio selwer wier een aneren, an zwar fir sech mat den ëffentlech-rechtleche Radioen an anere Länner ze vergläichen:

"Da schwätze mir vu 'licence fee', da schwätze mir dervu fir déi ganz Gesellschaft ofzedecken. Mat anere Wierder: Mir fänken elo mol mat engem franséischsproochege Radio un."

Et wier net gutt, datt déi doten Diskussioun just tëscht der Direktioun, dem Verwaltungsrot an der Regierung gefouert gëtt.

Kee Verwaltungsrot wéi am Dictionnaire

De President vum 100,7-Verwaltungsrot Laurent Loschetter, huet am 100,7-Interview erkläert, wéi hien d'Roll vum Verwaltungsrot versteet, nämlech "ee bëssi anescht wéi en am Dictionnaire beschriwwen ass":

"Normalerweis kritt de Conseil d'administration vun der Direktioun d'Saachen dohinner geluecht an da gëtt just 'Jo' oder 'Nee' gesot. Meng Iddi ass et awer, fir all déi Talenter, déi mir an deem Conseil sëtzen hunn, fir déi ze gebrauchen an zur Dispositioun ze setze vum Radio."

Zeréck zum RTL-Monopol?

Zur Onofhängegkeet vum Radio huet sech och de fréiere gréngen Deputéierten a Mat-Grënner vum Radio Ara, de Robert Garcia, an engem Interview geäussert. De Co-Auteur vum Wäissbuch, op deem d'Konzept vum radio 100,7 gegrënnt gouf, sot:

"RTL versicht d'Liberaliséierung réckgängeg ze maachen. En huet den Eldoradio opkaf, den DNR quasi futti gemaach, an ass am Gaangen den engleschsproochegen Deel vum Radio Ara ze ënnerminéieren. An en ass och am Gaangen, indirekt "par personnes interposées" den 100,7 personell esou opzestellen, datt ech Angscht hunn, datt an e puer Joer hei den 100,7 den RTL2 ass. An ech mengen de Legislateur an och d'Opinion publique mussen do ganz vigilant sinn, datt mir net duerno eng Situatioun hu wéi mir se virun 1992 haten."