Ass de Kormoran dru Schold, datt de Fëschbestand an de Lëtzebuerger Gewässer zeréckgeet? Déi Meenung vertrieden d'Sportfëscher, déi sech iwwer ee Réckgang vum Fëschbestand bekloen.
Dem Kormoran säi Friessverhalen hätt een negativen Impakt op d'Fëschaarten. De Gilles Biver, Conseiller de Gouvernement bei der Naturverwaltung, seet awer, datt dat net wëssenschaftlech iwwerpréifbar wier.
"Ob de Kormoran een Impakt op Déierenaarten huet, dat konnt bis elo zu Lëtzebuerg nach net bewise ginn. Et kann ee elo d'Conclusioun zéien, datt d'Predatioun ka matspillen, mee wat awer bei deene Kontrollen do awer generell erauskënnt ass, datt d'Gewässerqualitéit oder d'Struktur vun de Gewässer éischter de Problem bei de Fëschaarten ass wéi lo d'Predatioun, déi éischter sekundär nach géif dobäikommen."
Juegd op de Kormoran an der EU nëmme bedéngt méiglech
D'Vulleschutzrichtlinne vun der EU, déi ënner spezifesche Konditioune Moossname virgesinn, wieren awer fir Lëtzebuerg net ze applizéieren, erkläert de Gilles Biver
"Wa Kulture vum Mënsch ewéi an der Landwirtschaft, an de forstleche Kulturen oder an der Fëscherei - wann do grouss finanziell Aboussen entstinn, dat wier eng Méiglechkeet. Wat ëmmer erëm gesot gëtt: am Ausland gëtt reguléiert, mee op Plaze wou Leit hiert Brout mat der Fëscherei verdéngen. Bei eis ass d'Fëscherei eng Fräizäitaktivitéit, Verschiddener benennen dat och als Sport. Dat heescht, dat ass net dat ekonomescht Standbee fir Lëtzebuerg wéi dat am Ausland ass, déi dovunner liewen. Dat ass hire Verdéngscht, an do kann een den ekonomeschen Impakt och moossen, déi wësse genau, wat déi u Sue verléieren, wa Kormorane present sinn. Dat ass bei eis net de Fall."
Réckgang vum Fëschbestand ass op Gewässerqualitéit zeréckzeféieren
Deemno wier de Kormoran e "falsche Sënnebock", esou de Gilles Biver. Verantwortung fir de Réckgang vu verschiddene Fëschaarte wier déi schlecht Waasserqualitéit. Et wier och do wou den Ëmweltministère usetze géif:
"Mir hunn Alternativen - dat ass d'Renaturéierung vu Baachen, d'Verbesserung vun der Gewässerqualitéit. Dat sinn déi Pisten, déi mir wëlle verfollegen. Dat mécht et och engem Kormoran sécher méi schwéier fir un d'Fësch ze kommen. Dee jot nämlech an de méi kënschtleche grousse Gewässer. Do jot en am allerbeschten, well en de Fësch méi einfach nokënnt."
D'Zuel vun de Kormoranen am Land wier iwwerdeems stabel a léich bei 300 bis 500.