Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Dream From The Deep Well

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng kloer Koalitioun

Europaparlament

Keng kloer Koalitioun

Nach ass net kloer, wéi laang de Jean-Claude Juncker nach un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun bleiwe muss. D'Equipe vun der designéierter Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass nach net komplett an et ass och nach net sécher, ob si eng Majoritéit am Parlament kritt.

auto_stories

3 min

CC-BY-4.0: © European Union 2019 / Pietro Naj-Oleari – Source: EP

D'Roserei sëtzt déif am Grupp vun de Liberalen, déi sech, zanter datt dem Emmanuel Macron seng République en marche ugeschloss huet, offiziell net méi Liberal, mee Renew Europe nennen.

Eng vun hire prominentste Kandidatinne fir an d'EU-Kommissioun, d'Franséisin Sylvie Goulard, ass haushéich duerch d'Auditioun am Parlament geflunn. Dat hate si net esou komme gesinn.

Et war ganz kloer eng politesch Revanche, seet de Charel Goerens, Europadeputéierten a Member vu Renew. Effektiv lafen d'Auditiounen net ëmmer no klore Reegelen of, an och an der Vergaangenheet huet déi politesch Faarf eng Roll gespillt beim Verdikt vum Parlament.

D'Revanche um Emmanuel Macron?

An effektiv, d'Europäesch Vollekspartei ass blesséiert, well hire Spëtzekandidat, de Manfred Weber, elo keng Carrière als Kommissiounspresident mécht.

Schold ass an hiren Aen den Emmanuel Macron, deen dës Carrière verhënnert huet. Trotzdem war dee Vott keng Revanche, seet de Christophe Hansen. Schold wier dat arrogant Optriede vun der Sylvie Goulard am Parlament.

Déi designéiert Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d'Saach schlecht geréiert, sou d'Kritik, déi een zu Bréissel an zu Stroossbuerg méi dacks héiert. Nieft der Sylvie Goulard gouf bekanntlech och déi rumänesch Kandidatin an de Kandidat aus Ungarn vum Parlament nees heem geschéckt. D'Ursula von der Leyen hätt missen esou Wackelkandidate vu virera refuséieren, sou de Reproche.

Fir de Philippe Lamberts, Chef vun de Gréngen am Europaparlament, huet d'Ursula von der Leyen vun Ufank un ee Feeler gemaach. Si hätt sech solle mat de Liberalen, de Sozialisten, de Chrëschtdemokraten an de Gréngen zesummesetzen, fir un enger Majoritéit am Europaparlament ze schaffen.

Keng Koalitiounsgespréicher

Dës Majoritéit steet elo awer net, an och d'Majoritéit vun den dräi Groussen ouni déi Gréng ass keng, op déi ee sech wierklech verloosse kann.

Renew wënscht sech esou eng Koalitioun, seet hire Chef, den Dacian Ciolos. Keng Majoritéit méi ouni déi Liberal, dat ass de Message.

D'Ursula von der Leyen hat dës Woch Gespréicher mat de verschiddene Fraktiounen. Et hätt ee kloer gemaach, datt et elo séier virugoen muss, sot dono d'Cheffin vun de Sozialisten d'Iratxe Garcia Perez. Wat méiglech Koalitiounsaussoen ugeet, huet sech d'Spuenierin bedeckt gehalen.

Juncker muss eventuell nach eng Kéier verlängeren

Hire Fraktiounskolleeg, den Nach-Europadeputéierten Nicolas Schmit, soll bekanntlech Member vun där Equipe von der Leyen als EU-Kommissär fir den Emploi ginn. Hie probéiert dat Ganzt manner dramatesch ze gesinn a seet, d'Ursula von der Leyen hätt trotz allem eng gutt Basis geliwwert, op där ee kéint schaffen.

Wat d'Majoritéit dono am Parlament ugeet, ass de Message: dat wäert scho klappen. De Vott wier dann Enn November. Mee et gëtt scho vill Leit, déi dovun ausginn, datt déi Zäit ze knapps ass, fir datt déi nei Equipe wierklech komplett ass.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.