Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Marge um Marché"

Russland-Sanktiounen

"Keng Marge um Marché"

Hënt huet dat amerikanescht Representantenhaus bal eestëmmeg en neie Sanktioune-Regime géint Russland decidéiert. Fir d'éischte Kéier geschitt dat ouni Ofsprooch mat hiren europäeschen Alliéierten. Dat Brisant: Och europäesch Entreprisen kéinte vun de Sanktioune viséiert ginn.

auto_stories

3 min

De Reportage iwwert Sanktioune géint Russlandplay_arrow

Am neie Gesetzprojet, deen nach vum US-Senat gestëmmt a vum President ënnerschriwwe muss ginn, ass virgesinn, datt europäesch Entreprisen och kënne bestrooft ginn - wa si sech un engem russeschen Energieprojet bedeelegen. Un der geplangter Gasleitung Nord Stream II, déi Russland an Däitschland matenee verbënnt, sinn zum Beispill däitsch, franséisch an hollännesch Firme bedeelegt.

Fir déi däitsch Regierung sinn dës Pläng net konform mam Vëlkerrecht. De Lëtzebuerger EU-Deputéierte Claude Turmes gesäit doran awer éischter eng Reaktioun op innepoliteschen Drock. "Den Donald Trump steet wéinst senge presuméierte Kontakter mat Russland am Wahlkampf ënner Drock. Dat däerf een an dësem Dossier net vergiessen."

Drock op Däitschland

Donieft kéint och dem Trump seng rezent Rees a Polen säin Deel bäigedroen, mengt de Claude Turmes. "Den Trump mécht iwwert seng Leit am Senat och e Geste un d'Leit an Ost-Europa, wat de Nord Stream II - Projet ugeet." Déi geplangte Gasleitung géif d'Ofhängegkeet vu Russland fir Länner wei Polen an der Ukrain a Saachen Energieversuergung nach vergréisseren.

"Mee hie weess awer och, datt wann e géint Nord Stream II geet, da geet en deelweis och géint déi aktuell däitsch Regierung", sou de Gréngen Europadeputéierten. D'Sanktioune géifen deemno déi däitsch Politik direkt beaflossen. "An d'Harmonie tëscht dem Här Trump an Däitschland war an de leschte Méint jo net besonnesch grouss."

Wirtschaftlech Taktik?

D'Kritik, datt d'USA mat de Sanktiounen eng ekonomesch Agenda géife verfollegen, kann de Claude Turmes net confirméieren. An de leschten Deeg gouf et ëfters Kritik, datt d'USA selwer wéilten de wichtegste Gas-Fournisseur an Europa ginn. "Um globale Gasmarché gëtt et am Moment vill méi Offer wéi Demande", erkläert de Claude Turmes, "ech mengen net datt d'USA do eng Marge géife kréien, bei där sech dat géif rentéieren."

Eng verstäerkt Entrée vun den USA an den europäeschen an asiatesche Marché zum Beispill kéint awer Russland schwächen. "Da gëtt d'Gewënnmarge vu Gazprom, wa se verkafen, natierlech méi kleng, well d'Offer méi grouss ass." Et dierft een net vergiessen, datt de Verkaf vu Gas a Pëtrol ronn 55 Prozent vum russesche Budget géif ausmaachen. "Russland ass méi ofhängeg vu Pëtrol a Gas wéi Lëtzebuerg vun der Bankeplaz."

Lëtzebuerg betraff?

Wéi de lëtzebuergesche Stroum- a Gasversuerger Enovos eis op Nofro hi matgedeelt huet, ass Enovos op den éischte Bléck net vum Sanktioune-Regime betraff. "A priori si mir net concernéiert, well mir keng Kontrakter mat Russland hunn", heescht et vun der Mammegesellschaft Encevo. Et géif ee sech awer d'Applikatioun vun den neie Reglementatiounen am Detail ukucken. "Wéi dat normal virgesinn ass, wäerte mir eng intern Revue virhuelen."