Verfassungsrevisioun "Keng sou einfach Affär"

"Och an der Demokratescher Partei si ganz vill Leit, déi um Referendum hänken", seet d'Simone Beissel. Et géif si wonneren, wann d'DP vum Referendum iwwer den Text vun der geplangter neier Verfassung géif ofgesinn. Grad wéi den LSAP-Verfassungsexpert Alex Bodry hält och d'DP-Deputéiert et fir realistesch, datt déi geplangten nei Verfassung fréistens 2020 kann a Kraaft trieden.

Serge Kesseler / cz

Simone Beissel
Simone Beissel (Foto: Archiv)

Wann e Referendum iwwer de kompletten Text vum neie Grondgesetz gemaach gëtt - sou wéi et virgesinn ass - da misst dëse Referendum ganz anescht virbereet ginn, wéi dee vun 2015, seet d'DP-Deputéiert Simone Beissel. D'Leit misste ganz genee erkläert kréien, wourëm et geet, fir datt si Loscht kréiche fir matzemaachen a fir datt si verstinn, wouriwwer si ofstëmmen.

D'Populatioun misst minimum sechs Méint laang informéiert ginn, "datt mir eng Chance hunn, esou e Referendum duerchzekréien", seet d'Simone Beissel. D'Leit missten zu iwwer 140 Artikelen "jo soen", dat wier "keng sou einfach Affär".

D'Suerg wier ëmmer, datt Leit wéinst Oppositioun zu engem Artikel vun der geplangter neier Verfassung, beim Referendum mat "nee" géife stëmmen. Doduerch kéint d'Ëmsetzung vum ganzen neie Grondgesetz net geléngen. An dat géif hir Leed doen, well schonn zanter Joren doru geschafft gëtt, sou d'Simone Beissel.

"Breede politesche Konsens néideg"

Geplangt wier, fir an der zoustänneger Chamberkommissioun e Schlussrapport auszeschaffen. Wann no de Chamberwahlen eng aner Majoritéit géif kommen, da géif et de Risiko ginn, datt eenzel Artikelen am Text ëmgeännert géife ginn.

Si géif dat bedaueren, well d'Parteien dann erëm géife riskéieren an een "Hin-an-Hier-Zéien" ze falen. Fir d'Reform vun der Verfassung ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, "a wann dann ee motzt, da kréie mir deen Artikel net duerch". Doduerch géif ee riskéieren, déi ganz Verfassung net stëmmen ze kënnen. Et géif ëm d'Grondgesetz vu Lëtzebuerg goen, an dofir bräicht een e breede Konsens vun all de Parteien. Et wier am Interêt vum ganze Land, fir den Text "duerchzekréien".

Wäert et nach dës Legislatur-Period een Accord mat der CSV-Fraktioun fir e gemeinsamen Text ginn? Den CSV-Deputéierte Léon Gloden wier an der Chamberkommissioun ganz konstruktiv a géif ganz gutt géif matschaffen, seet d'DP-Deputéiert Simone Beissel.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren


Méi zum Thema

constitution 1868.jpg Dossier
1868-2018

D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Bodry-Meyers
Verfassungsreform

Déi nei Verfassung wäert fréistens Mëtt 2020 a Kraaft trieden, mengt den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Den Nach-CSV-Verfassungspiecher Paul-Henri Meyers ass perséinlech géint de Referendum.

Paul-Henri Meyers
Verfassungsrevisioun

De Paul-Henri Meyers geet dovun aus, datt ee sech nach virun der grousser Vakanz iwwer de Verfassungstext wäert eens ginn. Deen Text soll dann an der neier Legislatur gestëmmt ginn.

Alex Bodry
Verfassungsreform

En Nationale Justizrot kann agefouert ginn ier d'Verfassung reforméiert gëtt. D'CSV kéint déi blo-rout-gréng Koalitioun hei also net blockéieren, freet sech den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen