Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Steierreform fir 2021

Etat de la Nation

Keng Steierreform fir 2021

An senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel annoncéiert, datt d'Stock Options an d'FISe reforméiert ginn. De Chômage partiel soll verlängert ginn. Et solle keng nei Steiere kommen, déi net am Koalitiounsaccord stinn, huet de Xavier Bettel annoncéiert.

auto_stories

7 min

De Premierminister Xavier Bettel bei der Ried zur Lag vun der Natioun. Foto: Chambre des Députés

Déi integral Ried vum Xavier Bettel lauschterenplay_arrow


An der Ried zur Lag vun der Natioun ass de Premierminister Xavier Bettel zu engem groussen Deel op d'Corona-Kris agaangen.

Den Drock op d'Spideeler wier zanter Méint konstant niddereg, seet de Premier. Dat géif weisen, datt d'Regierung richteg gehandelt hätt wärend der Corona-Epidemie. D'Frontaliere wieren eng wichteg Stäip fir de Lëtzebuerger Gesondheets- a Fleegesecteur, ënnersträicht de Xavier Bettel.

Um Ufank vun der Corona-Kris wier déi offiziell Kommunikatioun net ëmmer fir jiddwereen accessibel gewiescht, fir Leit mat engem Handicap zum Beispill: "Dorausser musse mer léieren an do kënnen a wäerte mer eis verbesseren", esou de Xavier Bettel.

Impfstoff vläicht schonn am Dezember

Lëtzebuerg hätt haut 295 Beootmungsgeräter fir Patiente mat der Covid-19-Krankheet ze behandelen. Um Ufank vun der Kris waren et der 223, esou de Premier.

De Premier seet, et géif Hoffnung ginn, datt schonn am Dezember eng Impfung géint de Coronavirus disponibel wier. Dat wier dann den "Ufank vun enger längerer Phas, wou d'Populatioun ka geimpft ginn". Besonnesch déi méi "vulnerabel" Persoune kéinten doduerch e Schutz géint de Virus kréien.

Fir d'Regierung wiere keng fundamental nei Mesuren oder Restriktiounen néideg, mee héchstens Upassungen. Komplett ausschléisse kéint hien awer net, datt nees méi Restriktiounen néideg sinn. D'Regierung wéilt awer keen zweete Lockdown, seet e Xavier Bettel.

Keng nei Steieren, déi net annoncéiert sinn

De Chômage partiel wäert iwwer den 31. Dezember 2020 weider bestoen, esou de Regierungschef. De Xavier Bettel justifiéiert den héije Käschtepunkt (deen net genannt gëtt) domat, datt d'Verlängerung vum Chômage partiel op laang Siicht méi bëlleg géif gi wéi wann d'Leit an de Chômage kommen.

Et komme keng nei Steieren, déi net Deel vum Koalitiounsaccord vun 2018 sinn, annoncéiert de Premier. Et ass eng Ofso un déi, déi d'Aféiere vun enger Verméigenssteier oder enger Ierfschaftssteier gefuerdert hunn. Fir d'Budgetsjoer 2021 kéim keng generell Steierreform.

FISen a Stock Options gi "reforméiert"

Den aktuelle Steierregime vun de FIS immobiliers géif op den 1. Januar 2021 reforméiert ginn, esou de Regierungschef. Direkt oder indirekt Revenuen aus Lëtzebuerger Immobilië géifen zu engem Taux vun 20 Prozent besteiert ginn. Bis elo wier et verschiddenen Acteure méiglech gewiescht, "quasi-steierbefreit" um Lëtzebuerger Immobiliëmaart ze agéieren.

Och de Steierregimm vun de Stock Options géif wéi am Koalitiounsaccord a wéi an der Vergaangenheet schonn annoncéiert, geännert ginn. Verschidden nei Instrumenter kommen awer an d'Plaz. Wat déi nei Reforme fir de Staatsbudget heeschen, seet de Premier net.

De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) hat déi geplangten Ännerunge beim Steierregimm vun de Stock Options schonn am Abrëll 2019 an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land kommentéiert.

Historeschen Defizit

Wat d'Finanzkris an d'Scholdekris vu virun zéng Joer vun der sanitärer Kris ënnerscheet: deemools waren d'Banke staark ugeschloen an en Deel vum Problem. Haut kann de Premier d'Roll vun de Banken ervirhiewen: "D'Banken hunn aktiv hiren Deel bäigedroen, an den Entreprisen heiheem Kreditter a Moratoiren accordéiert".

Wann déi aktuell Mesuren am Kampf géint de Jugendchômage net duerginn, géif d'Regierung "energesch duerchgräifen", seet de Premier. Nei Mesurë ginn net genannt.

Optimisteschen Ausbléck: De Premier mengt, et hätt een och Ursaach fir zouversiichtlech ze sinn. Bei de Staatsfinanze géif een zum Beispill net méi vu fënnef Milliarde Gesamtdefizit an dësem Joer ausgoen, mee 4,4 Milliarden Euro. Et wier trotzdeem en historeschen Defizit.

Staatsschold soll ënner 30 Prozent vum PIB bleiwen

D'Regierung "wëllt keng "Austeritéit", esou de Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun. Zum Gléck hätt Lëtzebuerg den néidege finanzielle Spillraum fir mat der aktueller Situatioun eens ze ginn.

Op den 31. Dezember hätt Lëtzebuerg warscheinlech eng Staatsschold vu 27,4 Prozent, esou d'Estimatioun. An hirem Koalitiounsaccord hat d'Regierung 2018 geschriwwen, si wéilt op alle Fall evitéieren, datt d'Staatsschold op iwwer 30 Prozent vum PIB klëmmt.

CO2-Steier kënnt wéi ugekënnegt

D'CO2-Steier géif wéi schonn annoncéiert den 1. Januar 2021 annoncéiert ginn: 20 Euro pro Tonn CO2 am Joer 2021, 25 Euro am Joer 2022, 30 Euro am Joer 2023.

D'Regierung war nach d'Äntwert schëlleg vum sozialen Ausgläich: De Premier annoncéiert, datt de Steierkredit fir Salariéeën, Independanten a Pensionnairen ëm 96 Euro d'Joer gehéicht géif ginn. D'Allocation de vie chère géif em 10 Prozent "nohalteg" an d'Luucht gesat ginn.

Industriepolitik a Landesplanung

Nodeems Fage annoncéiert huet, awer keng Jughurt-Fabrick zu Lëtzebuerg ze bauen, widderhëlt de Premier, datt an Zukunft eng Evaluatioun direkt am Ufank vun engem neien Industrieprojet gemaach gëtt fir ze analyséieren, ob de Projet mat alle Krittäre kompatibel ass. Wier dat de Fall, géif d'Regierung de Projet riicht duerch ënnerstëtzen, versprécht de liberale Staatsminister.

De Premier versprécht och eng besser Landesplanung - ee Chantier, dee schonn zanter iwwer 15 Joer am Gaangen ass a bei deem et nach ëmmer kee Programme Directeur fir eng koherent Landesplanung gëtt.

Logement

Theema Logement: Dat wier e Problem, deen d'Politik zanter Joerzéngte beschäftegt. D'Regierung géif weider investéiere fir d'Offer iwwer de Staat an d'Gemengen an d'Luucht ze setzen.

Den Taux d'amorissement op Wunnenge géif d'nächst Joer vu 6 Prozent op 5 Prozent (4 Prozent fir Investisseuren, déi eng Immobilie vun iwwer 1 Millioun Euro kafen) erofgesat ginn, an d'Zäit vum Amortissement géif och vu sechs op fënnef Joer verkierzt ginn. Dëst Instrument hätt nämlech éischter d'Demande an d'Luucht gedriwwen am Plaz d'Offer.

Eng nei App fir myguichet.lu

An den nächste Méint géif eng nei App virgestallt gi fir Smartphones, mat där een iwwer Myguichet.lu kéint administrativ Demarchë maachen, esou de Premier.

Beim Staat sollen d'nächst Joer 1.000 nei Poste geschaf ginn, nieft den normale Remplacementer, esou de Premier.

Méi Sue fir d'Educatioun

De Budget fir d'Educatioun Beräich géif d'nächst Joer "nach eng Kéier" ëm 6,4 Prozent oder 169 Milliounen Euro klammen. Lëtzebuerg géif souvill wéi kaum en anert Land a Bildung, Encadrement a Kannerbetreiung investéieren.

Radio ARA: "Konkret Méiglechkeete sichen"

De Premier, deen och Medieminister ass, kënnt och op d'Reformen an der Presselandschaft zréck. Bei der staatlecher Pressehëllef géif an Zukunft net méi d'Quantitéit mee d'Qualitéit zielen. De Premier annoncéiert, datt d'Regierung wéilt "konkret Méiglechkeete siche" fir de Radio Ara ze ënnerstëtzen. Et wier net d'Zil Gewiescht, datt dëse Community-Sender net ka vun der staatlecher Hëllef profitéieren.

De Premier widderhëlt och, datt de Medieministère un engem gesetzleche Kader fir den ëffentlech-rechtleche Radio (Ndlr: radio 100,7) schafft. Et wier d'Zil de Gesetzesprojet nach dëst Joer ze deposéieren.

Kultursecteur: gravéierenden Impakt

Den Impakt vun der Corona-Kris op de Kultursecteur wier "gravéierend", well d'Recetten zeréckgaange sinn a sech dat och op d'Akommes vu ville Kënschtler géif auswierken. Op den Assises culturelles Enn des Mounts géif mat den Acteuren no weidere Léisunge gesicht ginn.

Um Schluss vun der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun kënnt d'Kapitel Europa. D'Zesummenaarbecht an d'Solidaritéit wärend der sanitärer Kris hätt "manner gutt" funktionéiert. Mee no engem éischte Schock wier et besser gaangen, haaptsächlech an der Grenzregioun.