Käerjenger Contournement Keng Suite méi am Dossier Contournement?
D'Chamber hat d'lescht Woch de Contournement vu Käerjeng gestëmmt. D'Gemeng Suessem kritiséiert deen ëmstriddene Projet zanter Joren. Den LSAP-Buergermeeschter vu Suessem hat d'Chamber beim Vott verlooss an huet net dogéint gestëmmt. De Gemengerot vu Suessem hat e Freideg och e Recours virum Verwaltungsgeriicht géint de Contournement ausgeschloss.
Ouni juristesche Recours géint den Avant-Projet detaillé vum Käerjenger Contournement géif déi lescht Chance verpasst gi fir dogéint virzegoen, seet d'Myriam Cecchetti, Gemengeréitin vun déi Lénk zu Suessem.
De Gemengerot vu Suessem hat e Freideg e Recours refuséiert, nodeems der Gemeng hiren Affekot an engem Avis dozou ofgeroden hat, well net genuch Chancë géife bestoe fir viru Geriicht ze gewannen, seet de Buergermeeschter vu Suessem, de Georges Engel. Et misst een uerdentlech mat de Steiersue vun de Bierger ëmgoen, esou de Georges Engel. "Mee och e Contournement gëtt mat Steiergelder bezuelt, an dee kascht am Moment 140 Milliounen Euro", seet d'Myriam Cecchetti. De Moment wieren och nach keng Imprevuen agerechent. Iwwerhaapt géif déi geplangte Strooss vu ronn véier Kilometer näischt bréngen. "Jiddwereen am ganze Gemengerot zu Suessem huet gesot, déi Strooss bréngt näischt, et ass en Non-sens", sou d'Myriam Cecchetti.
D'Myriam Cecchetti ass der Meenung, datt sech inhaltlech näischt um Dossier geännert hätt, fir e Recours falen ze loossen - de Gemengerot vu Suessem hat nämlech 2016 schonn engem Recours zougestëmmt.
Georges Engel: "Et gouf kee Fraktiounszwang"
Wéi de Vott an der Chamber war iwwer de Finanzement vum Contournement vu Käerjeng, haten déi zwee LSAP-Deputéiert d'Schäffin Asselborn-Bintz an de Buergermeeschter vu Suessem net dogéint gestëmmt. Et wier awer kee Fraktiounszwang ginn, seet de Georges Engel.
"Mir hunn dunn de Wee vum Protest gewielt fir dunn erauszegoen. Mir hätten och net missen erausgoen, mir hätten och am Sall kënne sëtze bleiwen an net mussen ofstëmmen. Mee mir wollten erausgoe fir dat kloer ze weisen." Déi Méiglechkeet kéint ee gutt oder schlecht fannen, mee "fir eis elo ze soen, mir hätten u sech quasi fir de Contournement gestëmmt, dat wëll ech mir awer och net gefale loossen". Hien an d'Schäffin Asselborn-Bintz hätten hir Positioun net geännert, et wier een nach ëmmer géint de Contournement, et hätt ee just eng aner Aart a Weis gewielt, fir de Protest auszedrécken.
Myriam Cecchetti enttäuscht vu Mouvement Écologique
Déi fréier gréng Politikerin ass an deem Dossier vum Mouvement Écologique enttäuscht. Deem seng Presidentin, d'Blanche Weber, hat rezent op eiser Antenn gesot, de Mouvement géif keng weider juristesch Schrëtt géint de Contournement envisagéieren.
Et hätt een 20 Joer laang "Säit u Säit" zesummegeschafft géint Stroossebauprojeten am Süde vum Land. Et hätt ee vill Projete verhënnert kritt, déi "kee Sënn haten", an déi mëttlerweil duerch aner Mesuren ersat gi wieren. "Ech fannen et Schued, datt bei deem heite Projet gesot gëtt, mir ënnerhuele keng juristesch Schrëtt, well et anscheinend just ze deier gëtt", sou d'Myriam Cecchetti.