Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alvvays - Adult Diversion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënnt dir eppes mat engem "Häerz Maria"-Ritual ufänken?

Fräie Mikro

Kënnt dir eppes mat engem "Häerz Maria"-Ritual ufänken?

De Poopst huet de leschte Freideg d'Ritual "Häerz-Maria" vollzunn. Ee lächerlecht an abstruust Ritual, mengt de Bob Reuter am Fräie Mikro. Fir der Ukrain ze hëllefe braucht et konkret a behäerzt Handelen, a kee magescht Denken a Symbolik.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass President vun AHA Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Vill vun eis fillen eng gewëss Hëlleflosegkeet vis-à-vis vum Krich an der Ukrain a géife gären eppes maachen, fir deenen ze hëllefen, déi ënner dëser onerdrobarer Situatioun leiden.

Dat ass eng zimmlech normal Konsequenz vun eisem Matgefill. Idealerweis féiert dës Emotioun eis dozou fir konkret ze handelen, fir deenen an Nout ze hëllefen.

Et gi verschidde Méiglechkeeten: mir kënnen humanitär Organisatiounen duerch Spenden ënnerstëtzen, un Demonstratiounen deelhuele fir eis Oppositioun zum Krich auszedrécken, eng Politik, déi Flüchtlinge wëllkomm heescht, ëffentlech begréissen, oder Flüchtlinge bei eis doheem ophuelen, asw.

Natierlech muss ee sech bewosst bleiwen, datt all dës Aktiounen nëmmen eng bescheiden a limitéiert Wierkung hunn. An awer si se wichteg. Zesumme kënne mer och duerchaus eppes bewierken.

Ee befriemlecht Ritual vum Poopst

Ech gesinn awer net, wéi déi rezent Aktivitéite vum Poopst vun der kathoulescher Kierch wierklech hëllefe sollen. Ech begréissen, natierlech, déi däitlech Wierder mat deenen hien, wéi vill aner och, d'Gewalt verurteelt huet.

Iwwer dat Ritual, bei deem hien de leschte Freideg Russland an d'Ukrain dem "onbefleckten Häerz vu Maria" geweit huet, kann ech awer just de Kapp rëselen. Mat dëser Zeremonie géif de Poopst "d'Muttergottes froe fir dëse Länner bäizestoen".

Dat wierkt befriemlech aus e puer Grënn.

De Poopst huet éischtens dobäi Russland net als Aggresseur benannt. Fir d'Vertrieder vun der Russesch-Orthodoxer Kierch net ze brüskéieren, wéi et schéngt.

De Kyrill den 1., Patriarch vu Moskau, hat jo sengem "léiwe Wladimir Wladimirowitsch" zum "Dag vum Verdeedeger vum Heemechtsland" ausféierlech gratuléiert an all déi gelueft déi "ee verantwortungsvolle Militärdéngscht leeschten, d'Grenze vun hirer Heemescht beschützen a sech ëm d'Stäerkung vu senger Verteidegungsfäegkeet a nationaler Sécherheet këmmeren".

En Ausdrock vun Hëlleflosegkeet

Des Weidere staamt dat Ritual aus enger Zäit, wou et a Westeuropa d'Angscht gouf, datt Russland vum chrëschtleche Glawen offale kéint an et ass wärend dem "Kale Krich" ëfters praktizéiert ginn.

Wéi wann elo de Problem wier, datt Russland de chrëschtleche Glawe verléiere géif? Respektiv wéi wa grad de Glawen hei de Schlëssel zum Fridde wier. Ech hunn do sou meng Zweiwel.

Et ass och duerchaus problematesch, datt de Poopst elo och nach iwwer d'Ukrain "verfüügt" a se, ongefrot, ënner de Schutz vun enger "himmlescher Gestalt" ze stelle mengt.

Den Dogmenhistoriker Michael Seewald huet dofir Recht wann hie seet, datt dat Ritual "een Ausdrock vun Hëlleflosegkeet ass".

Gleeft de Vatikan iwwerhaapt selwer dorun?

Et ass awer méi wéi dat. Et ass entweeder een Ausdrock vu mageschem Denken. Oder et ass ee Versuch fir de Leit eppes virzemaachen.

Ech ka mer kaum virstellen, datt de Vatikan selwer gleeft, datt si mat hirem komesche Ritual dat bewierke kéinten, wat si behaapten, datt et bewierke soll.

Mat esou engem abstrusen a lächerleche Ritual weist d'kathoulesch Kierch nees, wéi deconnectéiert se dach ass par Rapport zur Welt, an där mer liewen, an och par Rapport zu engem Deel vun hirer eegener Basis.

Souguer innerhalb vun der kathoulescher Kierch ass dat aussergewéinlecht Ritual duerchaus ëmstridden, well déi meescht Katholicke mat dëser Häerz-Maria-Frëmmegkeet (zu Recht) näischt (méi) ufänke kënnen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.