En amerikaneschen Offizielle sot, datt d'Delegatioun vu Pyongyang beim leschte Versuch guer net komm war. Dat soll ee Grond si firwat de Sommet a Gefor ass. D'Wäisst Haus plangt weiderhi mat engem Sommet den 12. Juni zu Singapur.
"Mir wäerte gesi wat mat Singapur geschitt. D'nächst Woch wäert ee méi wëssen," seet den US-President Donald Trump. Et wier eng gutt Saach fir Nordkorea, wann de Sommet géif zu Stan kommen.
D'Trump-Regierung huet vläicht e bëssen ze fréi gefeiert. Vill kann nach schif goe virum 12. Juni, mee d'USA wëllen onbedéngt datt d'Treffe geschitt an datt den Trump esou weise kann, datt hie mat engem Mann wéi dem Kim Jong-un kann negociéieren. Den amerikanesche President seet datt Weltfridden säin Zil ass.
USA weise keng kloer Linn
Säin Ausseminister Mike Pompeo weist sech nach ëmmer optimistesch. Hien huet sech elo schonn zwee Mol mam Kim Jong-un getraff. De Pompeo huet am amerikanesche Senat iwwert de Sommet geschwat. Do sot hien, datt et an dëser Generatioun déi éischte Kéier wier, datt een d'Méiglechkeet hätt, fir eng Léisung fir dëse Problem ze fannen. Hie wéisst wat an der Vergaangenheet geschitt wier, mee hie wier optimistesch, datt ee Resultat géif fannen, dat "ganz gutt fir d'Welt ass". D'Astellung vun den USA wäert awer net änneren, bis Nordkorea ganz kloer Schrëtt, a Richtung vun engem kompletten Ofschafe vum nordkoreaneschen Atomprogramm géif gesinn, sou de Pompeo.
Bis zu deem Punkt bléift e ganz laange Wee. Nordkorea huet an der Vergaangenheet oft seng Verspriechen net gehalen, an des Kéier hu si et mat engem amerikanesche President ze dinn deem seng Messagen zum Thema konfus sinn. Deen ee Moment schwätzt hie vun enger Chance fir Nordkorea a fir d'Welt, deen nächste Moment seet hien et kéint eventuell eréischt spéider zum Treffe kommen.
USA versprieche Sécherheet, Technologie an Investissementer
Fir de Kim z'iwwerzeege sech net zeréckzezéien huet den Donald Trump him seng Sécherheet garantéiert, wann hien da sollt de Nuklearprogramm ofschafen. Den Ausseminister Mike Pompeo versprécht amerikanesch Suen, och just am Fall wou de Kim säi Versprieche sollt anhalen.
Hien hätt nach net ëffentlech iwwert hier Gespréicher geschat, mee hien hätt d'Gefill gehat, datt de Kim Jong-un un amerikanescher Technologie an us-amerikaneschen Investissementer fir säi Vollek, interesséiert wier. "Wa mir eist Ziel vum Ofschafe vum Atomprogramm erreechen, da kéinte mir hinne vill Saache liwweren , déi d'Liewe vun de Nordkoreaner kéint besser maachen", seet de Mike Pompeo.
Dofir ass et wichteg, datt Nordkorea säi Verspriechen anhält, fir ee Site, wou d'Land seng Atomwaffen an der Vergaangenheet getest huet, ofzeschafen.