Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Relaunch an engem oder zwee Joer"

70 Joer Lëtzebuerger Journal

"Relaunch an engem oder zwee Joer"

Beim Lëtzebuerger Journal kéint et a spéitstens engem bis zwee Joer op een neits e Relaunch ginn. Dat huet de President vum Verwaltungsrot Kik Schneider ugekënnegt. Déi lescht Neiaféierung vun der liberaler Zeitung gouf et 2012. Ouni déi staatlech Pressehëllef kéint d'Zeitung net bestoen, confirméiert de Kik Schneider. 2017 war et eng Hëllef an Héicht vu ronn 960.000 Euro. Trotzdem huet den Editeur an de leschte Jore Pertë gemaach. Dës kéinte momentan, an och nach fir e puer Joer, duerch Reservë gedeckt ginn.

auto_stories

3 min

De Kik Schneider mengt net, datt d'Reform vun der Pressehëllef nach virun de Chamberwahle Realitéit gëtt. Mat sengem DP-Parteikolleg, dem Premier- a Medie-Minister Xavier Bettel hätt hien nach net doriwwer diskutéiert, sou de President vun den Editions Lëtzebuerger Journal de Moien hei um radio 100,7.

D'Entreprise Editions Lëtzebuerger Journal wier net verschëlt. De Lëtzebuerger Journal wier awer e Geschäftsmodell, dee vun Abonnemeter géif liewen. "An dofir musse mir a spéitstens zwee Joer nodenken an eis iwwerleeën, wéi d'Entreprise weider ka bestoen", seet de Kik Schneider, deen zanter zwee Joer President vum Journal-Verwaltungsrot ass. Fir d'Weiderentwécklung vum Journal a fir méi Abonnenten ze kréien, sollen Investissementer gemaach ginn.

De Journal hätt momentan awer net wëlles, fir d'Online-Pressehëllef unzefroen. Hie kéint sech éischter eng weider Kooperatioun mat Editpress an dësem Beräich virstellen, sou de Kik Schneider. Zanter 2011 sinn d'Editions Lëtzebuerger Journal zu aacht Prozent un Editpress bedeelegt.

Weider vun der DP ofkoppelen?

De Lëtzebuerger Journal wier eng pluralistesch Zeitung "mat enger Sympathie fir alles wat Respekt, Ekonomie a liberal ass", huet de Kik Schneider am 100,7-Interview erkläert. Am nächste Wahlkampf wéilt een net reng DP-Positioune vertrieden. Virun de Gemengewahlen 2017 hat d'Zeitung virun allem DP-Politiker grouss presentéiert. De Journal wier am Gemengewahlkampf 2017 "e bësse" méi no bei den DP-Politiker gewiescht. Dëse Choix hätt spéider och fir Kritik gesuergt. Wat eenzel Persounen ugeet, wäert de Journal am Virfeld vun de Chamberwahlen am Oktober méi neutral sinn, wéi dat bei de Gemengewahlen de Fall war, sou de Kik Schneider.

2012 war ugekënnegt ginn, datt de Journal keng DP-Partei-Zeitung méi sollt sinn. An den DP-Statuten, steet awer bis haut, datt de Lëtzebuerger Journal dat offiziellt Informatiounsorgan vun der Demokratescher Partei ass. De Kik Schneider mengt, datt dëse Punkt an der nächster Statutenännerung vun der DP wäert erausgeholl ginn.

Art. 2.2. - Information des membres

Les membres sont invités à s'informer au "Lëtzebuerger Journal", organe officiel du parti, et à souscrire un abonnement; l'accès à l'information leur sera également facilité par les médias électroniques.

D'Aktiësgesellschaft Editions Lëtzebuerger Journal gehéiert majoritär dem Centre d'études Eugène Schaus, enger Organisatioun, déi vun der DP kontrolléiert gëtt. D'DP géif iwwer dëse Centre awer keen Afloss op d'Ligne editoriale huelen, sou de Kik Schneider.

Lëtzebuerger Journal: 5.700 Lieser an 3.000 Abonnementer

De Journal gëtt an der Moyenne pro Dag vu 5.700 Leit gelies, esou déi lescht Plurimedia-Etude. Dat ass e Minus vun 2.200 Lieser bannent engem Joer. D'Zuel vun den Abonnementer läit bei ronn 3.000.

Muer sinn et 70 Joer hier, datt et de Lëtzebuerger Journal gëtt. Déi liberal Dageszeitung koum de 5. Abrëll 1948 eng éischte Kéier eraus. De Moment maache 16 Leit d'Zeitung, dorënner 12 Journalisten.

De President vum Verwaltungsrot Kik Schneider war bis 2016 Member am BGL BNP Paribas-Direktiounscomité. Hie war och DP-Tresorier, huet fir d'DP bei Wahle kandidéiert an hie war 15 Joer laang Member am Staatsrot.