Radioen

On air

Notturno  |  Maija Sofia - Four Winters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opbrochstëmmung

Entreprisen zu Lëtzebuerg

Opbrochstëmmung

D'Produktivitéit, e Manktem u qualifizéierte Mataarbechter an d'Transformatiounen duerch déi digital Revolutioun wieren déi grouss Erausfuerderunge fir d'Betriber zu Lëtzebuerg, seet de Jean-Paul Olinger, neie Generalsekretär vun der UEL, dem Daachverband vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg. Hie kuckt awer optimistesch an d'Zukunft.

auto_stories

3 min

Bei ëmmer méi Entreprisë wier et ëmmer méi wichteg, och no baussen op Englesch kënnen ze kommunizéieren, mengt den neien UEL Generalsekretär. Den Nation branding Slogan Let's Make it Happen géif jo schonn an déi Richtung goen. Englesch Kenntnisser wiere wichteg, och fir kleng a mëttelgrouss Betriber.

Kleng Betriber, kleng Profitter

De groussen internationale Betriber zu Lëtzebuerg géif et gutt goen. Déi kleng a mëttelgrouss Entreprisë géifen awer manner gutt do stoen.

Nieft der Problematik, fir genuch qualifizéiert Leit ze fannen, un där all d'Betriber zu Lëtzebuerg an och an anere Länner géife leiden, hätte virun allem déi méi kleng Betriber niddreg Margen.

Dat wier och op d'Käschten zréckzeféieren, déi ënner anerem d'Index-Tranche an déi automatesch Upassung vum Mindestloun vun 2017 fir d'Betriber mat sech bruecht hätten.

De Jean-Paul Olinger weist drop hin: 2018 géif eng weider Index-Tranche kommen. An deem Kontext stellt och deen neien UEL-Generalsekretär eng strukturell Hausse vum Mindestloun prinzipiell a Fro.

Eng Fro vu Produktivitéit

Och d'Stagnatioun vun der Produktivitéit an de leschte Jore géif eng Hausse vum Mindestloun net rechtfäerdegen, sou nach de Jean-Paul Olinger.

Wéi ass et z'erklären, datt d'Produktivitéit stagnéiert, während de PIB weider klëmmt? Well et eng "extensiv Croissance" zu Lëtzebuerg gëtt, erkläert de Jean-Paul Olinger.

Et géif méi geschafft ginn zu Lëtzebuerg, well méi Leit do sinn. D'Unzuel un Aarbechtskräften hätt sech zënter dem Joer 2000 ëm ronn 50 Prozent erhéicht. Vun do géif d'Croissance vum PIB hierkommen. Deen Eenzelen wier dobäi awer net méi produktiv, an och net méi räich ginn.

Qualitative Wuesstem

An der Diskussioun iwwert e sougenannte qualitative Wuesstem misste méi konkret Pisten opgezeechent ginn, wéi d'Betriber méi kënne produzéieren, ouni awer onbedéngt méi Leit anzestellen.

Et géif net drëms goen, fir méi ze schaffen, mä fir anescht ze schaffen. Déi sougenannten Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt géif dobäi eng wichteg Roll spillen.

An där Diskussioun misst awer probéiert ginn, un engem Strang ze zéien, a gemeinsam Decisiounen ze huelen.

D'Stëmmung zu Lëtzebuerg wier och positiv, betount de Jean-Paul Olinger. Hie schwätzt vun enger "Opbrochstëmmung" an engem spannende wirtschaftlechen Ëmfeld, mat vill Diversitéit an dem Wëlle fir Entrepreneurship - also fir eppes z'ënnerhuelen.

Steierkonkurrenz a Kompetitivitéit

Bei de Steiererliichterunge fir d'Betriber zu Lëtzebuerg, déi mat der Steierreform koumen, misst nach eng Schëpp nogeluecht ginn, mengt den UEL Generalsekretär, deen och Steierexpert ass.

An der internationaler Steierkonkurrenz wier Lëtzebuerg anere Länner dacks "e Schrëtt viraus" gewiescht. Dat hätt vill Entreprisen derzou bruecht, heihinner ze kommen, an hei ze bleiwen.

Konkurrenzlänner, dorënner England, Irland oder d'Schwäiz, hätten awer méi niddreg Steiere fir d'Betriber wéi Lëtzebuerg. Dat selwecht gëllt elo och fir d'USA, wou d'Betriber, nom Donald Trump seng Steierreform, däitlech manner Steiere bezuelen.

Dat hätt Konsequenze fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft, déi staark mat den USA vernetzt wier. An dem Donald Trump säin Opruff, fir amerikanesch Profitter zréck aus Europa an d'USA ze bréngen, wou si elo zu nëmme 15,5 Prozent a souguer bis aacht Prozent besteiert ginn, géif dozou féieren, datt och aus Lëtzebuerg amerikanesch Suen zréck an d'USA wäerte fléissen.

D'UEL vertrëtt eng 35.000 Entreprisen, déi 80 Prozent vum Emploi a 85 Prozent vum nationale PIB ausmaachen.

Zënter dem 1. Januar ass de Jean-Paul Olinger neie Generalsekretär vun der UEL. Virdru war hien 12 Joer bei der Audit- a Steierberodungs-Firma KPMG zu Lëtzebuerg.

Vu senger Erfarung do gesäit hie virun allem déi international Dimensioun vu KPMG als Virdeel fir seng nei Roll bei der UEL. Lëtzebuerg wier eng oppen, Export-orientéiert Wirtschaft. Do wier et nëtzlech, international Erfarung kënne matzebréngen, sou de Jean-Paul Olinger.