Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Duerchbroch bei Brexit-Verhandlungen

Brexit

Keen Duerchbroch bei Brexit-Verhandlungen

D'Verhandlunge iwwert den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU bleiwen zéi. D'Annonce vun der britescher Premierministerin dee leschte Freideg ginn als klenge Fortschrëtt bewäert. De Moment vun der Wourecht wier elo komm, sot den EU-Negociateur Michel Barnier. Ënnert dem Stréch ass een op konkrete Punkten awer nach net vill virukomm, sou d'Analys am Europaparlament.

auto_stories

2 min

An dëser 1. Phase vun de Verhandlunge ginn et dräi Haaptsujeten: d'Fro, wat mat den EU-Bierger a Groussbritannien geschitt, wéi d'Problemer op der Grenz mat Irland, solle geregelt ginn a schliisslech, wéi sech déi 27 EU-Länner mat Groussbritannien finanziell eens ginn.

Konstruktiv Ried zu Florenz

Just um leschte Punkt ass elo mat e bësse gudde Wëllen ee klenge Fortschrëtt z'erkennen. An hirer Ried dee leschte Freideg zu Florenz huet déi britesch Premierministerin Theresa May betount: "Eis Partner brauchen net ze fäerten, datt si méi bezuele mussen, oder manner kréien." Theresa May huet och versprach, datt sech Groussbritannien un d'Engagementer hält, déi d'Land als Member vun der EU agaangen ass.

Als politescht Signal bezeechent den DP-Europa-Deputéierten Charel Goerens dës Ried, an där senger Meenung no e puer Propose sinn, déi d'EU consideréiere soll.

Haaptfroe bleiwen nach op

D'Analyse vun deene Propose fält am Allgemengen am Europaparlament, wou um Méindeg Owend am Brexit-Grupp de Point gemaach gouf, éischter virsiichteg aus.

Ëmmerhin hätten d'Brite fir d'éischte Kéier zouginn, datt si och Obligatiounen hunn, seet ee vun de Membere vun deem Grupp, de Grénge Philippe Lamberts.

Am Detail gekuckt bleiwen d'Haaptfroen awer weiderhin op, betount awer den däitsche CDU-Europadeputéierten Elmar Brok.

Iwwergangsperiod ännert näischt

Déi britesch Regierung misst elo kloer maachen, wéi si d'Annonce an der Ried a Realitéit ëmsetze wëll, sot zu Bréissel den Michel Barnier, deen d'Verhandlunge fir d'EU mat Groussbritannien féiert. De Moment vun der Kloerheet ass elo do, sou de Barnier.

Et géif héich Zäit dofir, wëll den 29. Mäerz 2019, den Datum, vun deem u Groussbritannien net méi Member vun der EU ass, kennt ëmmer méi no, betount de fréieren EU-Kommissär.

No deem Datum misst een eng Iwwergangsperiod vun ongeféier zwee Joer envisagéieren, hat d'Theresa May zu Florenz gesot. Dat wier ee staarke Moment an der Ried gewiescht, sou de Michel Barnier.

Hien huet sech net géint esou eng Interimsphas ausgeschwat, awer och präziséiert, datt Groussbritannien während där Zäit déi nämmlecht Verflichtunge wéi een EU-Member huet, ouni dofir awer weider mat kënnen ze decidéieren. Ier een iwwerhaapt kann iwwert déi Zäit nom 29. Mäerz 2019 diskutéieren, missten d'Viraussetzunge fir erauszegoe gekläert sinn. Hien hätt, sou den Michel Barnier, guer kee Mandat fir iwwert dës Phas eraus ze verhandelen.

Op hirem Sommet am Oktober sollen d'Staats- a Regierungscheffen de Point maachen. Den Elmar Brok zweiwelt awer drun, datt et bis dohi sou wäit ass. Virum Sommet am Oktober sinn nach zwou weider Verhandlungsronnen iwwert de Brexit geplangt.