Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gëtt de Klimapakt an de Gemengen ëmgesat?

Klimaschutz

Wéi gëtt de Klimapakt an de Gemengen ëmgesat?

Mëttlerweil hunn all 105 Gemengen am Land de Klimapakt ënnerschriwwen. D'Zil dovun ass et, d'Gemenge souwuel finanziell, wéi och duerch Expertisen z'ënnerstëtzen. Fir kleng Gemengen ass dat dacks méi schwiereg. Op wéi eng Hëllef kënne si zréckgräifen a wéi kënnen d'Bierger an dëse Prozess agebonne ginn?

auto_stories

3 min

De Klimapakt, deen 2012 vum Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Ministère lancéiert gouf, gesäit e Katalog vun 79 Moossname vir. Heimat sollen d'Gemengen en Aarbechtsprogramm op d'Bee stellen, fir méi ëmweltfrëndlech ze ginn. D'Mesurë viséiere verschidde Beräicher. Ënnert anerem Mobilitéit, Kommunikatioun a nohaltegt Bauen. Fir d'Ziler vum Klimapakt z'erreechen, kéinten ëffentlech Gebaier méi ëmweltfrëndlech gebaut oder sanéiert ginn. Sou kéint d'Gemeng och eng Virbild-Funktioun iwwerhuelen, mengt den CSV-Schäffe vun Nidderaanwen, Fréd Ternes. Et wier momentan zwar deier, "mä et muss een dat awer och op méi Jore rechnen".

An der Gemeng Biekerech ginn duerch eng Biogas- an Holzhackschnitzel-Anlag d'Gemenge-Gebaier, Betriber an eng rei Stéit mat Hëtzt versuergt. Beim Thema Mobilitéit wier een allerdéngs als kleng Gemeng mat méi Limitte confrontéiert, seet de Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda. Et hätt een awer de Virdeel, enk mat anere Gemengen aus dem Kanton Réiden zesummenzeschaffen. Aus dëser Kooperatioun wiere scho ganz flott Sensibiliséierungsaktiounen entstanen. D'Gemenge kënne beim Klimapakt op d'Hëllef vun engem externe Klimaberoder zréckgräifen. Dofir kréie si och Subside vum Staat.

Basisdemokratesche Prozess

D'Gemenge sollen och e Klima-Team op d'Bee stellen, fir e Programm mat verschiddene Moossnamen auszeschaffen. Sou soll de Gemenge-Politiker ënnert d'Äerm gegraff ginn. Sou géif eng nei Dynamik an eng Basisdemokratie an enger Gemeng entstoen, mengt den Thierry Lagoda.

"Andeems een e Klima-Team schaaft, wou wierklech d'Bierger dann aus de Gemengen kënnen deelhuelen, hir Iddie kënne mat eranhuelen. Och hir Kritik zu eenzele Projete vun der Gemeng. Ech mengen, dat ass eppes, wat ganz wäertvoll ass."

Donieft hunn d'Gemengen d'Méiglechkeet mat aneren Organisatiounen zesummenzeschaffen. Den CELL, de Center for Ecological Learning, soll beispillsweis hëllefen, fir Projeten zur Biergerbedeelegung auszeschaffen. Den IMS, Inspiring More Sustainability, soll d'Kooperatioun mat den Entreprisë vereinfachen.

Ureiz fir d'Entreprisë ginn

Eng Gemeng hätt awer och Limitten, wat si fir d'Ëmwelt erreeche kéint, esou de Schäffe vun Nidderaanwen Fréd Ternes. Entreprisë wiere mat déi gréissten Energieverbraucher. Grad an enger Gemeng mat ville Betriber wier ee mat senge Méiglechkeete limitéiert, wann d'Entreprisen net géife matzéien.

Dowéinst huet d'Gemeng Nidderaanwen e Projet lancéiert, bei deem d'Betriber Subside vun der Gemeng kréien, wa si en Energie-Audit maachen. Zil dovu wier et ze kucken, wou si nach eppes verbessere kënnen, seet de Fréd Ternes. Och zu Biekerech hätt een e Projet op d'Bee gestallt, fir d'Entreprisë méi nohalteg ze maachen, ënnersträicht de Buergermeeschter Thierry Lagoda.

Et wier wichteg, datt een den Entreprisen een Ureiz géif ginn, fir beim Klimapakt matzemaachen. Et misst een de Betriber weisen, datt Ëmweltschutz sech op laang Siicht och fir si loune kéint, esou de CSV-Schäffe vun Nidderaanwen Fréd Ternes. Betriber wiere fir dës Themen op, mä de finanziellen Aspekt wier nach ëmmer do. Et kéint een awer bei ville Moossnamen noweisen, datt si längerfristeg Suen aspueren.

Déi reell Aspuerung kéint ee bei der Energie mierken, sou den Thierry Lagoda. Mam Wuesstem vun der Gemeng kéimen nei Gebaier dobäi, wat eng Partie Problemer mat sech bréngt. Bei der Stroossebeliichtung hätt een zënter der Ëmstellung op LED-Luucht gemierkt, datt vill manner Energie verbraucht gi wier. D'Gemenge wieren duerch de Klimapakt elo verflicht, d'Moossnamen net nëmmen ëmzesetzen, mä och politesch festzehalen. Dat géif bedeiten, datt d'Politiker sech no engem Wiessel am Gemengerot un d'Virgaben hale missten, esou de Fréd Ternes.