Radioen

On air

Notturno  |  Al Menne - Grandma's Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaschutz: Theorie vs Praxis

Gesellschaft

Klimaschutz: Theorie vs Praxis

Op EU Niveau ass d'Klimazil kloer gesat. Bis 2030 sollen d'Staaten d'CO2 Emissiounen ëm op mannst 40 Prozent reduzéiert ginn an d'erneierbar Energien ëm 32 Prozent erop gesat ginn. An d'EU-Kommissioun wëllt d'Ziler elo nach verschäerfen. Wat an der Theorie einfach kléngt ass an der Praxis méi schwiereg. Dat weisen zum Beispill déi aktuell Diskussioune ronderëm en neit Wandrad zu Bierden an der Gemeng Ierpeldeng. Hei stelle sech um Terrain nach eng ganz rei Froen.

auto_stories

3 min

De Prinzip d'Ëmwelt ze protegéieren an deem datt een erneierbar Energie stäerkt stellen déi mannst a Fro. Ma och bei Erneierbaren Energie kënnen et Nodeeler ginn. De Georges Pott wunnt zu Bierden, do wou de Stroumversuergung Nordenergie S.A an d'Bedreiwerfirma Soler en 230 Meter héicht Wandrad plangen. Dat héchst aus dem Land. Zesumme mat 87 Prozent vun de Bierdener, mécht de Georges Pott sech virop Suergen ëm d'Gesondheet.

"Et gouf eemol de Verglach gemaach mat engem Frigo dee 37 Dezibel haart ass. Da kéint een zeréck froen: stellt ee sech e Frigo an Zëmmer an da schléift een niewendrun? Mécht een dat? Ech mengen déi meescht Leit géife soen nee."

Et géif net ëm e puer Stonne Belästegung goen, mee ëm eng permanent Beaflossung mat niddregem frequent Schall, vun deem een net genee wéisst, wéi eng Konsequenzendat hätt.

Norme vum Ëmweltministère wieren net méi aktuell

750 Meter Distanz géif dem Georges Pott no, dee sech op medezinesch Exposée berifft, net duer goe fir dem Infraschall an den Déiffrequenzgeräischer ze entgoen. D'Normen op déi den Ëmweltministère sech berifft wieren zënter 1998 och net méi aktualiséiert ginn, kritiséiert de Bierger.

Hie berifft sech op d'Robert Koch Institut an op dat däitscht Umweltamt, déi fir Laangzäitstudië plädéieren an dofir, datt esou Installatioune méi wäit ewech vu besidelte Flächen installéiert sollte ginn.

Ettelbrécker Buergermeeschter plädéiert fir Iwwerpréiwe vu Reegelen

A verschiddene Länner géifen d'Krittäre méi wäit goe seet de Georges Pott, wéi zum Beispill d'10H Reegelung. Dat heescht datt den Ofstand tëschent der Installatioun an den Haiser 10 mol d'Héicht vum Wandrad muss sinn. Mat sou enger Reegel wier et mat der Wandkraaft zu Lëtzebuerg allerdéngs séier eriwwer esou de CSV Buergermeeschter vun Ettelbréck Jean-Paul Schaaf. "Dann dierf op 15 Kilometer keen ee Mënsch liewen an dësem Land. Sou eng Plaz gëtt et net hei." Alternativ misst ee soss Kuelekraaft- oder Atomstroum kafen, wat awer och keng gutt Léisung wier, well "mir d'Responsabilitéit hunn an dëser Generatioun fir aus de fossille Energien eraus ze kommen", sou den Ettelbrécker Buergermeeschter.

Alternative Site gëtt iwwerpréift

Den Ëmweltministère misst analyséieren op d'Reegelen déi hei am Land gëllen nach ëmmer korrekt sinn esou de Buergermeeschter. Soler, hätt bis ewell mat hiren 39 Anlagen eegenen Aussoen no keng Problemer kéinte feststellen. Ma trotzdeem géif een den alternative Site tëschent dem Fridhaff an dem Sauerdall an der Gemeng Ierpeldeng ënnersichen an Retarde bei der Installatioun a Kaf huele seet de Guy Uhres vu Soler.

"Mir mussen iwwert e Joer laang Vullen a Fliedermaisstudie maachen. Mir musse Wandmiessunge maachen. Mir mussen eng Rei Saache klären, ier mir wëssen op dee Site kann zeréck behale ginn oder net."

Abbes Jacoby: Demokratiséierung vun der Energie virundreiwen

De Gréngen Ettelbrécker Gemengerot Abbes Jacoby ass net prinzipiell géint de Projet, mee hie gesäit d'Zukunft vun der Energieversuergung net a grousse Megaprojeten, mee éischter a kléngen dezentrale Strukturen. Do géifen all déi verschidden Technologien dozou gehéieren.

"Mir haten an der Zäit den Haer Rifkin hei, an deen huet de Begrëff vun der Demokratiséierung vun der Energie formuléiert. [...] Datt an Zukunft 100 Millioune Leit wäerten hier eegen Energie produzéieren an déi aspeisen. Dat ass déi Richtung wou mir musse goen."

D'Energiewend géif een och net eleng mat der Wandkraaft hikréien esou nach Soler. D'Wandkraaft mécht zu Lëtzebuerg den Ament 13 Prozent vum Stroumverbrauch aus esou de Wandradbedreiwer Soler. 2018 louch den Undeel un Erneierbaren Energie Eurostat no zu Lëtzebuerg bei ronn néng Prozent. 2020-Zil ass 11 Prozent.