Radioen

On air

De Weekend  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaschutzgesetz presentéiert

Regierungsrot

Klimaschutzgesetz presentéiert

Dat geplangt Klimaschutzgesetz gouf am Regierungsrot ugeholl. Et hält fest, datt d'Zäregas-Emissiounen bis 2030 ëm 55 Prozent solle reduzéiert ginn. An datt Lëtzebuerg bis 2050 soll klimaneutral ginn.

auto_stories

2 min

(Foto: Bigstock / Felmeeeh)

De Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow


Dat geplangt Klimaschutzgesetz hält fest, datt d'Zäregasemissiounen a fënnef Secteure reduzéiert solle ginn - dorënner d'Energie, den Transport an d'Gebaier. Wéi genee dës Ziler sollen ausgesinn, steet allerdéngs net am Gesetz, mee soll an engem groussherzogleche Reglement festgehale ginn. Net an all Secteur missten d'Emissiounen ëm 55 Prozent reduzéiert ginn, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Ee Beräich wéi den Transport kéint sécher méi liwwere wéi eng Landwirtschaft, "wou mir mussen och op natierlech Gegebenheeten oppassen". D'sektoriell Ziler géifen am Klima Comité, deen duerch dat geplangt Gesetz agefouert gëtt, diskutéiert ginn. D'Aarbechte fir d'Reglement géifen Ufank d'nächst Joer lass goen, esou nach d'Ministesch.

Kënnen Ziler erreecht ginn?

D'Reglement soll de konkrete Moossname Rechnung droen, déi am nationalen Energie a Klimaplang festgehale ginn. Dee soll haut aacht Deeg um Ordre du jour vum Regierungsrot stoen, huet den Energieminister Claude Turmes confirméiert. Ma wäerten déi geplangt Moossnamen duergoen, fir d'Ziler vum Klimaschutzgesetz zu 100% z'erreechen?

Mir hunn déi Moossname mat Experte modeléiere gelooss. An dee Modell weist, datt mir mat deene grousse Moossnamen ... Also et mécht ee warscheinlech keng 55 Prozent genee Landung, mee et ass esou gestréckt, datt mir op déi 55 Prozent kommen.

Wann d'sektoriell Ziler net géifen erreecht ginn, kéint de geplangten interministerielle Comité iwwerdeems weider Moossname proposéieren, esou d'Carole Dieschbourg. Et géif näischt bréngen ze strofen. "Dat eenzegt wat nëtzt ass méi Ambitioun."

Hausse Accisen um Sprit?

Nach net kloer ass iwwerdeems, ob a wéini d'Accisen um Sprit weider erop gesat ginn. Zanter Mee sinn d'Accisen op de Liter Bensin ëm 1 Cent an de Liter Diesel ëm 2 Cent geklommen. Bei enger interministerieller Reunioun wier ee sech iwwert eng méiglech Hausse "nach net ganz eens" ginn, esou nach de Claude Turmes. Senger Meenung no misst d'nächst Joer awer eng weider Moossnam ergraff ginn. Fir den 1. Januar ass deemno awer nach net mat enger Hausse ze rechnen.