Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - Early Signs Of Rhythm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimawandel: Aktuell Moossname ginn net duer

Klima

Klimawandel: Aktuell Moossname ginn net duer

Et ass een trageschen Triumph fir d'Klimafuerschung, datt d'Thema iwwer Joren ëmmer méi wichteg ginn ass an de Problem weiderhin net geléist ass. Dat seet de Professer Hans Joachim Schellnhuber, fréieren Direkter a Grënner vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung. De geléierte Physiker war viru véier Joer zu Paräis op der Weltklimakonferenz dobäi, wou d'Zil fir d'Äerderwiermung op maximal 1,5 Grad ze erwierme festgehale gouf.

auto_stories

3 min

Hans Joachim Schellnhuber

D'Moossnamen déi bis elo ergraff goufe géifen awer net duergoe fir dat Zil anzehalen, esou den Hans Joachim Schellnhuber. Den Accord wier e politescht Verspriechen, wat ee sech ginn hätt. Mee dat wier, wéi wa Politiker géifen decidéieren, datt Äerdbebe vun enger gewësser Stäerkt net méi erlaabt wieren. Dat wier der Geophysik ganz egal, sou de Wëssenschaftler.

Wa Klimafuerscher d'Rechnung maache géifen, géif een op d'Resultat kommen, datt d'Äerd sech bis zum Enn vum Joerhonnert ëm iwwer dräi Grad kéint erwiermen. Dat géif bedeiten, datt een an 200 oder 300 Joer bei fënnef oder sechs Grad Erwärmung géif leien. "Das wäre eine völlig andere Welt, eine Welt in der der Homosapiens, aus seiner Evolution heraus keinen Platz hätte", seet den Hans Joachim Schellnhuber.

Bei enger Äerderwiermung vu méi wéi zwee Grad kéint iwwerdeems ee sougenannten "galoppéierenden Zäregas-Effekt" entstoen, deen net méi gebremst kéint ginn.

Däitsche Kuelenaustrëttsplang wichtegt politescht Signal

De Kuelenaustrëttsplang an Däitschland wier ee wichtegt politescht Signal, och wann d'Ëmwelt dobäi net wierklech gutt ewech komm wier, esou de fréieren Direkter a Grënner vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung. De Plang gesäit een Austrëtt aus dem Kuelenofbau an Däitschland bis spéitstens 2038 vir.

De Wëssenschaftler ass stëmmberechtegte Member vun der sougenannter Kuelekommissioun an huet iwwer d'Joren eng ganz Partie Politiker, dorënner d'Bundeskanzlerin Angela Merkel, a Saache Klimaschutz beroden. Op d'Fro, wéi schwiereg et ass een Erfolleg am Kampf géint de Klimawandel op politeschem Niveau a virum Hannergrond vu Lobbyismus ze erreechen, äntwert den Hans Joachim Schellnhuber, datt et am Dossier Kuelenaustrëtt kloer wier, datt d'Lobbyiste laang an der Iwwermuecht gewiescht wieren.

Stëmmungswiessel an der Ëffentlechkeet hat een Impakt

Sougesi wier dat e relativ gutt Resultat, mee den Eegennotz, dat kuerzfristegt Denke géif all Zukunftsverantwortung oflehnen, esou de Wëssenschaftler. Esou gesinn, wier et schonn ee groussen Erfolleg, datt Däitschland elo iwwerhaapt e Plang hätt, fir aus der Kuelenenergie eraus ze goen.

Datt de Plang zustane komm wier, féiert den Hans Joachim Schellnhuber iwwerdeems net just op Kompensatiounssuen zeréck; déi betraffe Regioune sollen an den nächsten zwanzeg Joer 40 Milliarden Euro u Strukturhëllefe kréien. Och de Stëmmungswiessel an der Ëffentlechkeet hätt säin Undeel dozou bäigedroen.

Erneierbar Energiequellen ersetze laangfristeg déi traditionell

An der Wirtschaft géif et iwwerdeems ënnerschiddlech Positiounen zum Klimaschutz ginn, seet de Professer Hans Joachim Schellnhuber, fréieren Direkter a Grënner vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung. D'Gewerkschafte vun de Biergaarbechter hätten natierlech een Interessi doru gehat, datt alles esou bleift wéi et ass.

Et géif awer natierlech och grouss Entreprisenassociatiounen an eenzel Entreprisen, déi d'Zeeche vun der Zäit erkannt hunn an déi géife wëssen, datt d'Wirtschaft an Zukunft nohalteg muss sinn, well soss och déi Zort Geschäft géif verschwannen, dovun ass de Wëssenschaftler iwwerzeegt.

D'Stroumproduktioun aus Kuel géif egal wéi an 30 Joer verschwannen, well se keng Chance géint aner Energiequellen hätt. Et wier éischter e "Mitnahmeffekt", seet den Hans Joachim Schellnhuber. D'Devise wier "ok, ich steige ein bisschen früher aus, aber dafür will ich viele Milliarden". De Fuerscher vergläicht dat mat engem Pokerpartie: deen deen um méi laangen Hiewel sëtzt kéint Duebeldividende mathuelen.