Am Gespréich mat der Klimawëssenschaftlerin geet et ëm d'Fortschrëtter an den internationale Klimaverhandlungen, déi si zënter Jore mat groussem Interessi suivéiert. Méi konkret geet et ëm d'Fro, ob räich Industrielänner musse finanziell fir Schied opkommen, déi de Klimawandel a méi aarme Regioune vun der Welt entstinn. D'Friederike Otto ass iwwerzeegt, datt et wuel kaum zu Reparatiounszuelunge wäert kommen. Amplaz kéint ee Fong ageriicht ginn, dee wéi eng Zort Risikoversécherung kéint funktionéieren.
D'Attributiounsfuerschung kéint der Friederike Otto no an Zukunft eng ëmmer méi grouss Roll bei Schuedensersatzkloe spillen. Wa kloer ass, wéi vill Zäregasen ee Land oder eng Entreprise emittéiert huet a wéi vill Schued dës Emissiounen uriichten, da kéinten déi Kausalitéitsketten eventuell och viru Geriicht Bestand hunn, sou hir Aschätzung. Ee konkret Beispill ass d'Plainte vun engem peruanesche Bauer, dee virun engem däitsche Geriicht versicht ze erreechen, datt den Energiekonzern RWE muss zum Bau vun engem Staudamm bäidroen. Dee Staudamm ass néideg, well ee Gletscher an den Ande schmëlzt.
A wann ee bis weess, wéi vill méi heefeg an hefteg Dréchenten, Hëtztwellen oder staarke Reen duerch d'Äerderwiermung ginn, da kann ee sech och anescht op esou ee Risiko astellen, betount d'Friederike Otto. Dat gëllt zum Beispill och fir Lëtzebuerg, dat an enger méi waarmer Welt méi dacks mat extreme Reen änlech ewéi am Juli misst rechnen.
Wéi d'Attributiounsfuerschung genau funktionéiert, wéi d'Wëssenschaftler un déi néideg Donnéeë kommen, a wéi ee sech als Biergerinnen a Bierger un där Fuerschung ka bedeelegen, erkläert d'Klimafuerscherin am Interview.