Radioen

On air

Notturno  |  Grauzone - Eisbär

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klinicken: Psychiatresch Versuergung "kéint zesummebriechen"

Gesondheetssecteur un der Limitt

Klinicken: Psychiatresch Versuergung "kéint zesummebriechen"

Den Direkter vun der Psychiatrie an den Hopitaux Robert Schuman warnt, déi psychiatresch Versuergung an eise Klinicke kéint geschwënn zesummebriechen. D'Zuel vun de psychiatresche Patienten hätt duerch de Stress vun der Corona-Pandemie zougeholl, an doduerch missten d'Psychiateren an de Klinicken am Moment nach méi Iwwerstonne maachen, esou den Dr. Jean-Marc Cloos.

auto_stories

2 min

"A menger Ekipp géif ech soen, datt ongeféier een Drëttel wierklech net méi wäit vum Burnout fort ass", esou de Jean-Marc Cloos. Et géif een och fir Garden nuets erausfueren an den aneren Dag viruschaffen, esou datt een "e gudden Deel méi" wéi 40 Stonnen d'Woch géif schaffen. "An dat kann een eng Zäitche matmaachen. Dat kann een awer elo net nach méintelaang weidermaachen."

Verschidde politesch Messagen hätten net gehollef

Den Dr. Jean-Marc Cloos gëtt ze bedenken, verschidde politesch Messagen wieren an dem Kontext net hëllefräich gewiescht.

"Wann een dann an deem Moment de Message gëtt: Bon, dir däerft elo 60 Stonne schaffen, nodeems d'Persounen deelweis kee Congé haten an elo fäerten, datt et erëm esou lassgeet, wéi bei der éischter Well - dat ass psychesch immens ustrengend. An do kann ee vu posttraumatesche Stresssyndromer, bis zu Burnout, bis zu anere psychesche Problemer, wéi Schlofstéierungen alles kréien."

Fir d'Personal an den Hopitaux Robert Schuman psychologesch ze ënnerstëtzen, soll elo e spezielle Programm op d'Bee gestallt ginn, esou nach den Dr. Jean-Marc Cloos.

Capacitéitsproblemer kënnege sech däitlech un

De Coronavirus gräift eis Otemweeër un, mee en ass och eng psychologesch Belaaschtung fir déi ganz Gesellschaft. D'Pandemie kéint och psychesch Krankheeten ausléisen, vu Burnout an Depressiounen hin zu suizidalem Verhalen. Aner Leit géif "delirant" ginn, esou de Jean-Marc Cloos. "Ech hunn eng Bett-Beleeung vu bal 100 Prozent am Moment an der Psychiatrie."

Aktuell géif och den Undeel u Persoune klammen, déi an d'Consultatioune kommen, déi virun der Coronavirus-Epidemie keng Virsymptomer haten.

"Am Moment geet et nach. An enger Klinik hu se en Deel vun de programméierbaren Aktivitéiten zougemaach. Mee och dat kreéiert da Waardelëschten, an deenen, déi op der Waardelëscht sinn, geet et dann iergendwann esou schlecht, datt si dann awer an d'Urgence kommen. Wann d'Leit da massiv an d'Urgence kommen, dann hu mer e Bett-Problem."