Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kloerheet beim Dateschutz bei der Impfcampagne

Covid-Gesetzer

Kloerheet beim Dateschutz bei der Impfcampagne

Den Dateschutz gëtt méi kloer am Covid-Gesetz definéiert. Deemno solle bei der Impfcampagne just nach déi Daten laang gehale ginn, bei deenen et Sënn mécht. Daten, déi net gebraucht ginn, solle fréi geläscht ginn. Och d'Oppositioun huet sech no der zoustänneger Chamberkommissioun zefridde gewisen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Fuerderunge vun der Piratepartei fir d'perséinlech Impfdate manner laang ze späicheren a fir Date vun net-geimpfte Persounen ze läschen, wiere quasi zu 100 Prozent berécksiichtegt ginn, seet de Sven Clement. Elo géif bei der Impfcampagne vu véier verschiddenen Delaien geschwat ginn.

  • Wa Leit sech anescht entscheeden a sech net impfe loossen: hei ginn d'Daten no dräi Méint geläscht;
  • Wann den Dokter am Impfzentrum feststellt, datt ee sech net impfe loosse kann, gëtt dës Informatioun no zwee Joer geläscht, genee sou wéi Telefonsnummeren an E-Mail-Adressen.
  • Wärend zéng Joer gi Konterindicatioune gespäichert, also wéi eng gesondheetlech Problemer een huet a wéi eng Risikofacteuren et ginn.
  • Just nach Donnéeën iwwer d'Impfung selwer, also wie wéi eng Impfung krut, géife wärend 20 Joer gespäichert ginn, erkläert den Deputéierte vun der Piratepartei.

Kloer wier elo och, datt just nach Donnéeë gehale gi vun deene Leit, déi och wierklech geimpft ginn, erkläert den LSAP-Deputéierten a President vun der Chamberkommissioun Mars Di Bartolomeo. Donnéeë vu Leit, déi sech net impfe wëlle loossen, obwuel se et hätte kéinten, ginn deemno net erfaasst.

Och d'CSV weist sech zefridden mat den Ännerungen. Déi gréissten Oppositiounspartei wéilt awer nach den Avis vun der nationaler Dateschutzkommissioun CNPD ofwaarden, ier een eng definitiv Meenung äussert.