Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Knackpunkt Waasserverbrauch

Ëmstridde Jughurtsfabrick

Knackpunkt Waasserverbrauch

De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet bleift ganz skeptesch, wat déi geplangte Jugurtsfabrick Fage a senger Gemeng ugeet. Den CSV-Politiker erënnert dorun, datt de Gemengerot 2018 majoritär d'Regierung opgefuerdert hat, de Projet ze iwwerdenken. Hie kéint sech net virstellen, datt dës Meenung sech zanterhier geännert hätt, esou de Buergermeeschter.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Dem Laurent Zeimet sengen Informatiounen no soll déi geplangte Fabrick bis zu 300 Aarbechtsplaze schafen, si soll eng Produktiounscapacitéit vun 80.000 Tonnen d'Joer kréien an e Waasserverbrauch hunn, deen e Maximum vun iwwer zwee Prozent vum Landesverbrauch soll ausmaachen.

Bedenke gi verstäerkt

Dat wier och een Haaptgrond fir d'Suerge vu senger Gemeng wéinst dem Projet Jugurtsfabrick an der Aktivitéitszone Wolser, esou de Laurent Zeimet. Et hätt ee Bedenken iwwer den héije Waasserverbrauch an d'Repercussioune vum Ofwaasser op d'Uelzecht. D'Bedenke géifen duerch de Commodo-Dossier verstäerkt ginn, gëtt de Buergermeeschter vu Beetebuerg ze bedenken.

De Laurent Zeimet vermësst am Commodo-Dossier Detailer zum héije Waasserverbrauch, grad wéi eng onofhängeg Kontroll vum Ofwaasser. Iwwer déi nächst Jore géife gutt eelef Milliounen Euro an eng Verbesserung vun der Waasserqualitéit vun der Uelzecht investéiert ginn. De Projet vu Fage géif deem awer widderspriechen.

De Ball läit bei der Regierung

Bei der Fro, ob seng Gemeng de Projet vun der Jugurtsfabrick kéint verhënneren, oder ob se Realitéit gëtt, verweist de Buergermeeschter op d'Regierung. "Et ass eng national Aktivitéitszon." Datt den Terrain verkaf gi wier éier datt eng Prozedur lancéiert war, wier net nozevollzéien.

"Hei goufen u sech Fakte geschaaft. Elo wäert et natierlech schwéier sinn aus där Nummer erauszekommen, wann een dat da wéilt."

D'Gemeng Beetebuerg wier d'Firma net siche gewiescht, si hätt hir och net den Terrain verkaaft, ënnersträicht de Laurent Zeimet.

Am Hierscht soll de Rapport vun der Cour des comptes zum Verkaf vum Terrain kommen. De Laurent Zeimet ka sech virstellen, datt dat nach "e spannende Moment" kéint ginn.