De Programm fir d'Joren 2018 bis 2023 wier dee vun enger "Koalitioun vun der Gerechtegkeet, vun der Innovatioun, vun der Wäitsiicht a vun der sozialer Kohäsioun", esou de Xavier Bettel. Et wier een Accord ënner gläichberechtege Partner, esou den Etienne Schneider. Dem Félix Braz no wier et e bessere Koalitiounsaccord wéi dee vun 2013.
Mindestloun geet ëm 100 Euro an d'Luucht
Um soziale Plang wieren der LSAP hir dräi rout Linnen an dësem Akkord respektéiert ginn, esou den Etienne Schneider. Deemno géif net um Index "gefréckelt" ginn, un de Pensioune géif och näischt geännert ginn. De Mindestloun, esouwuel de qualifizéierten an den net-qualifizéierten, misst "fir Jiddwereen" ëm 100 Euro an d'Luucht goen. Dat soll vum 1. Januar 2019 u geschéien.
Den Etienne Schneider iwwer d'Hausse vum Mindestloun
An enger éischter Phas soll de Mindestloun ëm 1,1 Prozent an d'Luucht goen. De Rescht géif an den nächste Méint ausgeschafft ginn, an da réckwierkend bis op den 1. Januar ausbezuelt ginn, esou den Etienne Schneider. Wéi genee dës Mesure finanzéiert soll ginn, gouf net präziséiert. Sécher ass awer, datt souwuel Betriber, wéi och de Staat dofir wäerten opkommen.
Steierlaascht fir Betriber geet erof
D'Hausse vum Mindestloun wier eng vun e puer Mesuren am Koalitiounsaccord, déi dofir suerge sollen, datt et de Leit zu Lëtzebuerg besser soll goen, sot hirersäits d'Corinne Cahen.
D'Corinne Cahen iwwer d'Besteierung vu Betriber
Gläichzäiteg géif d'Steierlaascht fir all d'Betriber ëm ee Prozentpunkt erofgoen. Fir kleng a mëttelgrouss Entreprisë solle Steiererliichterungen a Form vun Abattementer kommen.
E eegene Ministère fir Digitaliséierung
De Formateur Xavier Bettel huet ugekënnegt, datt et en eegene Ministère fir d'Digitaliséierung wäert ginn. Dëst wier eng "horizontal Kompetenz" a géif virun allem wéinst der 5G-Connectivitéit eng grouss Roll spillen. Déi Persoun, déi dëse Ministère kritt, "dee kritt Aarbecht", esou de Xavier Bettel.
Weider confirméiert Punkten aus dem Koalitiounsaccord:
- Den ëffentlechen Transport soll gratis an ausgebaut ginn
- D'Kilometerpauschal soll reforméiert ginn
- D'Grondsteier soll reforméiert ginn
- De Mindestloun soll op den 1. Januar ëm netto 100 Euro klammen, een Deel dovu kënnt réckwierkend
- Fir de Konsumenteschutz a fir d'Digitaliséierung sollen et eegestänneg Ministèrë ginn
- Cannabis soll legaliséiert ginn
- Weider geplangte Mesurë sinn een nationaalt Erausklammen aus dem Glyphosat fir Enn 2020
- 20 Prozent Undeel vun der Biolandwirtschaft bis 2025
Vereedegung vun neier Regierung e Mëttwoch
Detailer iwwer d'Ressortverdeelung an d'Membere vun der nächster Regierung goufen et op der Pressekonferenz keng, mee sollen e Freideg bekannt ginn. D'Ënnerschrëft vum Koalitiounsaccord ass fir den nächste Méindeg virgesinn. Den Dag drop, dënschdes kommen d'Parteigremien zesummen. E Mëttwoch soll déi nei Regierung da vereedegt ginn.