Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitiounsaccord 2018-2023: éischt Mesuren

Koalitiounsverhandlungen

Koalitiounsaccord 2018-2023: éischt Mesuren

DP, LSAP an déi gréng hunn hire Koalitiounsaccord dës Woch fäerdeg verhandelt. D'Haaptmesuren, déi fir d'Joren 2018 bis 2023 geplangt sinn, gouf den Donneschdeg de Mëtteg vum Regierungsformateur a vun de Responsabele vun den dräi Verhandlungsdelegatioune presentéiert. Eng schrëftlech Versioun vum Koalitiounsaccord soll eréischt e Méindeg publizéiert ginn. Virgestallt goufe gëschter eng Partie Eenzelmesuren aus deene verschiddenste Politikberäicher. Vill Detailer dozou feelen nach. En Iwwerbléck vu Moossnamen, déi an den nächste fënnef Joer solle kommen.

auto_stories

3 min

Zuch, Bus an Tram solle gratis ginn: dat gouf confirméiert. Vu wéini un dat gëlle soll, wollt oder konnt gëschter nach kee soen.

"De gratis ëffentlechen Transport, ech ënnersträichen dat nach eng Kéier, ass eng Mesure, déi e soziale Charakter huet. Et ass net eng Mesure fir ze incitéieren, wou mir d'Hoffnung géingen domadder verbannen, datt et e staarken Incitatif géing schafe fir den ëffentlechen Transport méi ze benotzen. Do wësse mir, datt mir an der Substanz, bei den Infrastrukturen, bei der Cadence, beim Confort, bei der Qualitéit mussen Efforte maachen, also weider investéieren an d'Infrastrukturen."

Och de Chef vun der LSAP-Verhandlungsdelegatioun Etienne Schneider huet vun engem Ausbau vum ëffentlechen Transport geschwat a vun de geplangten Ännerunge bei der Kilometerpauschal, déi an de leschten Deeg schonn Thema waren. Parallel dozou misst ee kucken, wéi d'Frais de déplacement solle reforméiert ginn "an der Steiererklärung", fir dat doten ze kompenséieren."

Félix Braz: Reform vun der Kilometerpauschal keng Kompensatioun fir gratis ëffentlechen Transport

Anescht wéi den Etienne Schneider gesäit de Félix Braz d'Changementer bei der Kilometerpauschal awer net als eng Kompenséierung fir de gratis ëffentlechen Transport.

"Do niewendru wäerte mir eng richteg Reform vun der Kilometerpauschal maachen. Dat ass net eng Kompensatioun fir de gratis ëffentlechen Transport: déi zwou Mesuren hunn net direkt eppes mateneen ze dinn. Dat sinn zwee ënnerschiddlech Debaten. A wann dat prett ass, da maache mir dat natierlech och public."

Den Tram soll ausgebaut ginn, hunn d'Koalitiounspartner festgehalen: een Ausbau bis op Hollerech an op d'Areler Strooss, grad wéi a Richtung Zéisseng a Leideleng an doriwwer eraus als séieren Tram a Richtung Esch.

Mesurë fir de Wunnengsbau

Wat de Wunnengsbau ugeet, solle Staat a Gemengen an den nächste Joren eng gestäerkte Roll spillen, esou de Félix Braz. D'Gemenge sollen an Zukunft méi finanziell a logistesch ënnerstëtzt ginn. "Mir wäerten e Pakt Logement 2.0 ëmsetzen. Am Logementsministère wäert eng Cellule de facilitation agesat ginn, déi de Gemengen zur Säit steet fir deen ambitiéisen an noutwendege Programm ëmzesetzen", sou de Félix Braz. De Staat wäert zousätzlech een eegene Fong mat enger Reserve foncière uleeën.

Zousätzlech Congésdeeg confirméiert

Confirméiert gouf gëschter och, datt d'Zuel vun de Congésdeeg fir déi Beschäftegt soll klammen, erkläert den Etienne Schneider. "Mir hunn do een Accord fonnt op zwee weideren Deeg: eemol de Congé legal, dee vu 25 op 26 Deeg dann an d'Luucht soll goen an eemol den 9. Mee, den Europadag als Feierdag ze fixéieren."

Den Netto-Mindestloun soll op de Stéchdag vum 1. Januar 2019 ëm 100 Euro de Mount an d'Luucht goen. Als Géigepartie soll d'Steierlaascht fir all d'Betriber ëm ee Prozentpunkt reduzéiert ginn. Changementer sollen och bei der Besteierung vun de Privatpersoune kommen, wéi d'Verhandlungscheffin vun der DP, d'Corinne Cahen, erkläert.

D'Persounebesteierung soll mat nëmmen nach enger Steierklass individualiséiert ginn. Et soll awer keen eppes verléieren an d'Kanner sollen och consideréiert ginn, seet d'Corinne Cahen, "mee et soll net méi gekuckt ginn, wéi d'Leit da matenee liewen, ob si bestuet sinn oder gescheet oder gepacst oder eleng". De Finanzminister huet den Optrag, dat an den nächste Méint och auszeschaffen.

Kee geneeën Zäitplang fir Cannabis-Legaliséierung

Wéi mir et scho während de Koalitiounsverhandlunge gemellt haten, soll de Cannabis hei am Land legaliséiert ginn. Een Datum dofir gëtt et nach keen, confirméiert de Formateur Xavier Bettel. "De Cannabis recréatif, mat verschidde Konditioune vu Residenz, vun Alter a wéi gesot och vu Präventioun, déi soll do ronderëm sinn. A vun der Iddi och, datt selbstverständlech dat gëlt, wat de Code penal haut scho virgesäit iwwer Mineuren oder Schoulen."

An der neier Regierung sollen et iwwerdeems eege Ministèrë fir d'Digitaliséierung a fir de Konsumenteschutz ginn.