Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitiounsverhandlungen ofgeschloss

Chamberwahlen 2018

Koalitiounsverhandlungen ofgeschloss

D'Koalitiounsverhandlunge vun DP, LSAP an déi gréng goufen haut am fréie Mëtteg éischter wéi geplangt ofgeschloss. Dat huet de Formateur Xavier Bettel matgedeelt. Op alle Punkte wiere politesch Accorde fonnt ginn.

auto_stories

2 min

D'Aarbecht an der Plenière wier elo ofgeschloss, esou de Xavier Bettel. Déi definitiv Versioun vum Text soll déi nächst Woch am grousse Krees ugeholl ginn a vun de Gremie vun den dräi Parteie gréng Luucht kréien.

Méi Detailer iwwer den Inhalt vum Programm vun der neier Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng ginn et dësen Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz. Et wier e modernen a sozial gerechte Programm, an deem och d'Wirtschaft sech erëmfënnt. De Formateur ënnersträicht, datt och déi dräi Parteie sech kéinten am Regierungsprogramm erëmfannen.

Ressortverdeelung eréischt e Freideg

D'Ressortverdeelung fir déi nei Regierung soll an den nächste Stonnen ofgeschloss ginn. De Xavier Bettel seet, datt hien de Koalitiounsaccord als éischt wollt fäerdeg maachen: "De Programm war mäin éischt Zil". Eréischt e Freideg wëllt de Xavier Bettel d'Ëffentlechkeet informéieren, wien an der neier Regierung ass, a wéi d'Posten ënner den dräi Parteien opgedeelt ginn.

Wéini déi nei Regierung vum Grand-Duc vereedegt gëtt, wier nach net gewosst, esou de Xavier Bettel. Um leschte Sëtzungsdag gouf ënner anerem de Rapport aus dem Aarbechtsgrupp Finanzen a Fiskalitéit ugeholl.

De Formateur an déi am ganzen 21 Membere vun de Verhandlungsdelegatioune vun DP, LSAP an déi gréng haten zanter dem 17. Oktober iwwer de Koalitiounsaccord verhandelt. Déi dräi Parteien hunn an der neier Chamber eng Majoritéit vun 31 Sëtz.


De Xavier Bettel iwwer den Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen:

Lauschterenplay_arrow

De Xavier Bettel iwwer d'Finanzen:

Lauschterenplay_arrow

De Serge Kesseler am Panorama, den 28. November um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow