Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch, deen de Gewerkschaften a besonnesch dem OGBL no steet, huet sech bis ewell nach net inhaltlech zum Tripartite-Accord geäussert: Seng perséinlech Meenung wier och net wichteg, esou den LSAP-Politiker. Seng Aufgab als Deputéierte wier et dofir ze suergen, datt dat, wat tëschent de Sozialpartner ofgemaach ginn ass, ëmgesat gëtt - esouwäit et kloer an net duerch nei Entwécklungen a Fro gestallt ass:
"Meng Iddi war vun Ufank un fir elo e Gesetz ze maachen iwwer dat wou mer eis eens sinn. A mir sinn eis eens, datt déi Indextranche, déi elo erfält am Juli 2022, datt déi soll verréckelt ginn op den Abrëll 2023."
Dobäi sollt et och Kompensatioune fir déi ënnescht a mëttel Loun-Kategorië ginn, seet den Dan Kersch weider:
"Mir hunn näischt dra stoen, wéi kompenséiert gëtt wann nach weider Indextranchen erfalen. Dat steet awer am Accord dran. Et steet am Accord dran, dass dann de Prinzip festgehale gëtt, dass muss kompenséiert ginn. Mee et steet awer net dran, wéi soll kompenséiert ginn."
Dee Volet vum Accord sollt een elo also stëmmen - an zwar séier, well dat och am Juni geschéie muss. Et misst een dann nees an der Tripartite zesummekommen, fir oppe Froen ze klären. Den LSAP-Deputéierte mengt, et sollt een an Etappe virgoen. Inakzeptabel ass fir hien awer d'Fuerderung vun der OGBL-Presidentin Nora Back, den aktuelle Gesetzes-Text zréckzezéien:
"Datt Dir mam Inhalt net averstane sidd, domat kann ech liewen. Mee datt Dir awer den Accord u sech a Fro stellt, an elo d'Politik opfuerdert, net dat ze maachen, wat eng Regierung mat zwou representative Gewerkschaften a mam Patronat ofgemaach huet, dat fannen ech awer e ganz staarkt Stéck."