An engem Kommentar um Site vun der Frankfurter Allgemeinen Zeitung kritt de Jean-Claude Juncker virgeworf, datt seng EU-Kommissioun drop an drun ass, d’Rettung - mat italienesche Steiersuen - vun der Krisebank Monte dei Paschi di Siena guttzeheeschen. An zwar aus Récksiicht op déi italienesch Regierung. Fir de FAZ-Commentateur wier dat een “eklatante Broch” vun de Regele vun der Bankenunioun. Monte dei Paschi misst ee Faillite goe loossen. De Jean-Claude Juncker géif, Zitat: “populistesch géint Populismus” virgoen.
Et geet hei elo net ëm d’Richtegkeet vun där Decisioun, sollt se da geholl ginn. Et geet och net drëm, de Jean-Claude Juncker vun deem - dach infamante – Virworf vu “Populismus” wäisszewäschen. Et geet drëms ze weisen, wéi séier een hautdesdaags als “Populist” kann ofgestempelt gi vun deenen, déi driwwer bestëmme (kënnen), wien een ass a wien net.
Krich géint de "Populismus"
Spéitstens zënter Brexit, Trump, Erdogan a Putin schéngt sech séier an de méi oder wéineger etabléierte Milieuen eng gewësse Panik ausgebreet ze hunn. De Konsens vun der liberaler Maartwirtschaft, no der Opfaassung vun de groussen internationalen Organisatiounen an hiren aflossräichste Memberen, schéngt um Zerbréckelen ze sinn. Wéi ass et soss z’erklären, datt sech sou séier d’Iddi duerchgesat huet, et misst een dem “Populismus” de Krich erklären?
Wat “Populismus” eigentlech bedeit gëtt normalerweis ni richteg definéiert. Dee Begrëff gëtt ëmmer elastesch genuch gehalen, datt en op dee passt, fir deen e grad gemënzt ass. Ass et, zum Beispill, “Populismus”, wann een – mol keng Woch no den Attentater zu Paräis - zum Verbuet vun der Burka oprifft? Ee gewëssent Versteesdemech huet fir eng Zitat,: “diffus Angscht ënnert de Leit vun Auslänner iwwerrannt ze ginn”? Sech driwwer opreegen, datt d’Traditioun vum Kleeschen an der Schoul an d’Hannerdreiwe geréit - ob et elo stëmmt oder och net?
Firwat “Populist” amplaz “Nationalist”, “Rassist” oder “Sexist”?
An awer kënnt kaum een op d’Iddi, d’Parteipresidente vun – der Rei no - LSAP, Gréng an CSV als “Populisten” ze bezeechnen. Bei anere Politiker, am In- an Ausland, déi regelméisseg duerch rassistesch, auslännerfeindlech, sexistesch an/oder soss ofwäertend Remarquen opfalen, fält d’Uerteel manner schwéier. Mee firwat “Populist” amplaz einfach nëmmen “Nationalist”, “Rassist” oder “Sexist”?
De Fall vum Jean-Claude Juncker – alles anescht ewéi e radikalen Outsider – weist, wou d’Fronten an Tëschenzäit verlafen. Wien sech net strikt un déi politesch-wirtschaftlech Linn hält, sou wéi se beispillsweis vun enger Frankfurter Allgemeinen Zeitung, dem Spriechrouer vum däitsche Patronat, virgi gëtt, gëllt als “Populist”. Fir Kritiker, déi sech iergendwou tëschent FAZ an Trump wëlle bewegen, gëtt d’Loft ëmmer méi dënn.