Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net just Budgetsstreidereien

Uni Lëtzebuerg

Net just Budgetsstreidereien

De Premier Xavier Bettel huet déi aktuell Tensiounen op der Uni als d'Resultat vun übleche Budgetsstreidereie bezeechent. D'Problemer vun der Uni sinn awer méi déifgräifend.

auto_stories

3 min

Bei der Uni lafen den Ament e puer Saache schif.

Éischtens huet d'Uni et verpasst, sech kloer Budgetsregelen ze ginn, an et feelt eng Comptabilitéit, déi der Gréisst vun dëser Institutioun entsprécht. De Recteur Rainer Klump gouf bei sengem Amtsuntrëtt am Januar 2015 op dee Problem higewisen, ouni datt sech bis ewell eppes Wesentleches geännert hätt.

Management an der Kritik

De Recteur a säin Directeur Administratif Alfred Funk gi bannent der Uni dofir responsabel gemaach, datt de Budgetsprojet mat iwwert engem Joer Retard virgeluecht gouf.

A wéi justifiéiert d'Unis-Leedung et, datt Spuerefforte vun de Fakultéite gefrot ginn, obwuel de Gesamtbudget klëmmt?

Dëst ass eng desagreabel Iwwerraschung besonnesch fir d'Fuerscher, déi elo grad eréischt an enger externer Evaluatioun attestéiert kruten, datt si eng gutt Aarbecht maachen.

Ontransparent Institutioun

Zweetens huet sech op der Uni eng Kultur vun der Intransparenz etabléiert. Dat weist dëst Beispill: Während no der positiver Decisioun vum Conseil de Gouvernance iwwert de Budget ee Samschdeg ee Communiqué gemaach gouf, ass den negativen Avis vum Conseil Universitaire zum Budget d'lescht Woch geheim gehale ginn.

Wéi de Budget dëst Joer verdeelt gëtt, ass net ëffentlech. An d'Rektorat refuséiert zum Beispill op Nofro hi scheinbar onverfänglech Zuelen, wéi d'Fonctionnementskäschte vun der Uni, ëffentlech ze maachen.

Uni & Fonds Belval

Drëttens ass dat onkloert Verhältnis tëscht der Uni an dem Proprietaire vun hire Gebaier, dem Fonds Belval, eng Source vu Komplikatiounen. Anescht wéi d'Cour des Comptes dat gefuerdert huet, gëtt et nach ëmmer keng Konventioun tëscht béide Säiten.

Hei misst festgeluecht ginn, wie fir wéi eng Funktionnements- a Maintenancekäschte muss opkommen, an zu wéi enge Präisser dat gemaach gëtt.

Muechtkämpf

Véiertens sinn déi aktuell Tensiounen an der Uni och den Ausdrock vun engem Muechtkampf, tëscht der Basis, dem Conseil de Gouvernance an och der Regierung.

De Conseil Universitaire, wou d'Fakultéite staark vertruede sinn, huet wéineg Poids: Seng Avisë zum Budget oder zu wichtegen Nominatioune si just consultativ. Déi akademesch Fräiheet ass domadder staark limitéiert - wat just duerch ee gutt Zesummespill mat engem staarke Recteur kompenséiert ka ginn. Ob de Rainer Klump déi Roll kann anhuelen, schéngt no de rezenten Entwécklungen net garantéiert.

Dat eigentlecht Soen huet de Conseil de Gouvernance, deen an éischter Linn aus externen Experten aus der Privatwirtschaft a vun aneren Universitéiten zesummegesat ass. Dorënner als President de Chef vun der Firma Hitec, Yves Elsen, an den Alain Kinsch vun der Berodungsfirma EY.

De Psychologie-Professer Georges Steffgen huet den 1. Abrëll an engem oppene Bréif am Wort kritiséiert, datt de Conseil de Gouvernance momentan déi kuerzfristeg Rentabilitéit virun den ëffentleche Fuerschungsoptrag stellt.

D'Roll vun der Politik

Fir eng zousätzlech akademesch a budgetär Aschränkung suergt d'Regierung, an zwar andeems si verschidde Fuerschungsopträg ganz kuerzfristeg un d'Uni erundréit: Am externen Evaluatiounsrapport heescht et, datt doduerch eng autonom strategesch a budgetär Planung op der Uni erschwéiert gëtt.

Fir datt sech alles dat ännert, muss virop d'Unis-Leedung hir Roll spillen. An ee bessert Unis-Gesetz ass néideg. A wéi eng Richtung d'Regierung d'Institutioun wëll steieren, gëtt schonn de Mëtteg bekannt, wann den deleguéierten Héichschoulminister Marc Hansen d'Reform presentéiert.

Kommentar vum Pia Oppelplay_arrow