Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joesef - Just Come Home With Me Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplementarwahlen zu Weiler-la-Tour?

Gemengepolitik

Komplementarwahlen zu Weiler-la-Tour?

De Bob Wagner wëllt zu Weiler-la-Tour op en neits fir e Mandat am Gemengerot kandidéieren. Dat huet eis de jonke Politiker confirméiert, an der Suite vun der Demissioun vum Conseiller Fernand Schroeder.

auto_stories

2 min

Kierzlech ass de Gemengeconseiller Fernand Schroeder zeréckgetrueden, nodeems viru gutt dräi Méint den Drëttgewielten an CSV-Member Bob Wagner sech huet misse wéinst enger Incompatibilitéit tëscht sengem Beruff a sengem Gemengerotsmandat zeréckzéien. Deemno brauch Weiler-la-Tour zwee nei Gemengeréit. Melle sech der just zwee, si si automatesch gewielt. Melle sech der méi, kënnt et zu Komplementarwahlen.

De Bob Wagner huet eis confirméiert, datt hien op en Neits wéilt kandidéieren. D'Incompatibilitéit tëscht sengem Beruff an engem Gemengerotsmandat besteet net méi vum éischte Juli un: Deen Ament schafft hie fir de CGDIS, den neien Etablissement public vun de Rettungsdéngschter, deen dann net méi direkt dem Inneministère ënnersteet. Deemno kann hie sech nees wiele loossen.

Weider Loscht, matzeschaffen

Hie wier allerdéngs relativ geknéckt an hätt wéineg Motivatioun duerch "dee ganzen Zinglabum", dee wéinst senger Situatioun entstane wier. Hien hätt vill Projete fale gelooss an der Ëmweltkommissioun, fir sech duerchzeboxen a seng Situatioun ze klären. De Bob Wagner seet, hien hätt awer Loscht, weider an der Gemeng matzeschaffen.

D'Gemeng Weiler-la-Tour gëtt den Ament vun der LSAP-Deputéierte Cecile Hemmen an de Schäffe Vincent Reding a Carlo Ernst geféiert. Bei de Gemengewahlen am Oktober hat de jonken CSJ-Member Vincent Reding 63 Stëmme méi wéi déi aktuell Buergermeeschtesch Cecile Hemmen kritt.

Tensiounen am Gemengerot?

Drëttgewielte goufen de Bob Wagner. Dee kritiséiert, datt et zënter de Gemengewahlen Tensiounen am Gemengerot géif ginn. Et hätt ee vun Ufank un eng gewësse Konkurrenz gespiert, an et hätt ee sech bëssen ecartéiert gefillt, erzielt hien.

Eng Meenung, déi d'LSAP-Deputéiert a laangjäreg Buergermeeschtesch vu Weiler-la-Tour net deelt. "Ech si wierklech net dat, wat net ka lassloossen". Zu Weiler-la-Tour wunnen 2.400 Leit. D'Gemeng huet am Oktober nom Majorzsystem gewielt, also net no Parteilëschten.


D'Maxi Pesch am Panorama den 20. Juni um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow