EU-SOMMET Xavier Bettel: Kompromëss muss nach juristesch gepréift ginn
Ungarn a Pole si prett hire Veto iwwer den EU-Budget opzehiewen, wann déi aner EU-Staats- a Regierungscheffe engem Kompromësstext iwwer en neie Rechtsstaatsmechanismus zoustëmmen. Lëtzebuerg an aner Länner hunn do nach Bedenken.
Méi Informatioune vum Danièle Weber
Polen an Ungarn hunn de Budget blockéiert, well si en neie Rechtsstaatsmechanismus refuséieren, deen zesumme mat deem Budget an dem Antikrise-Fonds a Kraaft triede soll. Dat neit Reglement gesäit vir, datt engem Land kënnen EU-Sue refuséiert ginn, wann et d'Prinzippie vum Rechtsstaat net respektéiert.
Eng Annexe zur Zousaz-Deklaratioun
Elo soll eng Zousaz-Deklaratioun déi ungaresch a polnesch Bedenken, datt deen Text express si viséiert, aus dem Wee raumen. An där Deklaratioun ginn allerdéngs Punkten ervirgehuewen, déi d'Uwenne vum Mechanismus weider aschränke kéinten.
Fir Lëtzebuerg wier et wichteg, datt um eigentlechen Text, deen dee Mechanismus definéiert, näischt méi geännert gëtt, sot de Premier Xavier Bettel um Donneschdeg Mëtteg zu Bréissel.
Lëtzebuerg freet dowéinst eng juristesch Analys, "déi dann och soll als Annexe zu där Deklaratioun kommen", sou de Xavier Bettel. Do sollt och dra stoen, "datt een net ka bestëmmte Wäerten, zu deenen d'EU steet, aussortéieren".
"Wat wichteg ass, datt mir eis eens sinn, datt dat, wat am Reglement selwer steet, juristesch Primautéit huet."
Doriwwer misst een elo um EU-Sommet eng Garantie kréien, sou de Premier. Och den hollännesche Premier Mark Rutte an de belsche Premier Alexander De Croo sote kuerz virum Sommet, si hätten nach "seriö Bedenken" an eng Partie Froen, déi misste gekläert ginn.
Orbán wëllt Zäit gewannen
An där Zousaz-Deklaratioun gëtt och festgehalen, datt ee Memberland den neie Mechanismus ka vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréiwe loossen an datt en eréischt dann a Kraaft trëtt, wann dat Urteel virläit.
Dozou sot de Premier Xavier Bettel: "An enger EU, an där een op d'Rechtsstaatlechkeet pocht, muss een och d'Recht hunn, Decisioune viru Geriicht ze kontestéieren."
Allerdéngs misst een elo op d'Delaien oppassen an dorop, datt et net zwee bis dräi Joer dauert, bis déi éischt Decisiounen an Zesummenhang mam neie Mechanismus geholl kënne ginn.
Virun allem den ungaresche Premier Viktor Orbán hofft drop, Zäit ze gewannen. An Ungarn gëtt 2022 gewielt, wann de Mechanismus eréischt dann a Kraaft trëtt, kéint hien eventuelle Sanktioune wärend dem Walkampf aus dem Wee goen.
Déi ungaresch Regierung huet dee provisoreschen Deal als "Victoire" gefeiert. Et hätt een et fäerdeg bruecht ze verhënneren, datt ee politesch erpresst gëtt. "Mir kämpfe fir d'Unitéit vum Kontinent", sot de Viktor Orbán, wéi hien en Donneschdeg zu Bréissel ukoum.
Et wier een no un engem Accord, esou och de Viktor Orbán. Allgemeng gëtt gehofft, datt ee sech op dësem Sommet eens gëtt. Well, domat géife souwuel den EU-Budget vun iwwer enger Billioun Euro ewéi den Anti-Krise-Fonds vu 780 Milliarden Euro deblockéiert.