Vun der Maison relais bis bei d'Altersheem: Eng 12.000 Leit schaffen aktuell ënnert dem Kollektivvertrag vum Fleegesecteur, kuerz SAS. Ee Streik hätt Konsequenzen. Mee souwäit ass et net.
Carrièresopwäertung am Fleegesecteur
D'Gewerkschaftssekretärin vum OGBL, Nora Back, stellt kloer, datt et besser wier, et géif net sou wäit kommen. Et wier ee bereet, d'Fuerderung no der Carrièresopwäertung mat alle gewerkschaftleche Moyenen ze verdeedegen. De Streik wier allerdéngs net d'Zil. "Fir eis ass d'Opwäertung vun de Carrièren d'Zil."
Verhandelt gëtt scho laang ronderëm den neie Kollektivvertrag. Gestridden och. Am Juni d'lescht Joer waren 9.000 Leit - och dem Spidoolssecteur - dowéinst op der Strooss. D'Gewerkschaftspositioun bleift onverännert: d'Carrièresopwäerung beim Staat muss komplett op de Fleegesecteur iwwerdroe ginn. D'Patrone gesinn dat liicht anescht an hirer Propose. Déi am neie Kollektivvertrag wieren zwar opgewäerte Carrièrë virgesinn, seet d'Nora Back. "Awer déi sinn nëmmen opgewäert mat enger Enveloppe, déi deem entsprécht wat op fënnef Joer bei der Fonction publique passéiert ass."
All fënnef Joer nei ze verhandelen kënnt net a Fro, seet d'Nora Back. Dofir krut si rezent eng honnertprozenteg Ënnerstëtzung bei de Personalvertrieder aus dem Secteur.
Employeure "selwer deresponsabiliséiert"
D'Employeuren aus dem Secteur wieren awer net bereet vun hirer Positioun ofzeréckelen. Hiert Argument wier dobäi dat selwecht wéi dat vun de Patronen am Spidolssecteur: Et wéisst een net ob de Staat laangfristeg genuch Moyenen zur Verfügung stellt, fir de Finanzement vun der Carrières-Opwäertung.
"Et nervt einfach", seet d'Nora Back. "Well fir eis sech déi Fro opdrängt, firwat datt mir déi Employeurs-Säit vis-à-vis hunn, déi sech selwer komplett deresponsabiliséiert? Déi seet: Ech kann näischt, ech hu kee Mandat, ech sinn net deen, dee bezillt, an ech muss just waarden, datt ech Garantië kréien."
D'Regierung huet bis elo ëmmer ze verstoe ginn, datt si zu hirem Engagement steet, dat op den Accord bipartite vun 2014 zréckgeet. Ëm wéi eng Zomm et geet ass iwwerdeems onkloer.