Gesellschaft Konflikt Kräizbierg: OGBL a Personal diskutéieren iwwer Suitten

Am Konflikt bei der Fondatioun Kräizbierg gëtt den OGBL net no. Den Donneschdeg den Owend (haut) ass eng Informatiounsversammlung fir d'Personal. Do soll iwwer weider Suitten diskutéiert ginn. Mat dobäi ass och d'Elterevertriedung vun den Erwuessene Behënnerten. De President vun der APIA bedauert ënner anerem, datt d'Direktioun sech bis haut nach net zu de Reproche geäussert huet. Hie selwer hätt schlëmm Saachen héieren.

Maxi Pesch / cz

Kräizbierg 3
Foto: Archiv

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren


De Henry Knuppertz wier vu ville Leit, souwuel vum Personal wéi och vun de Bewunner selwer iwwer Mëssstänn déi lescht zwee Joer an der Fondatioun Kräizbierg opmierksam gemaach ginn.

"Ech muss soen, dat wat mir do zu Oure komm ass, ass wierklech immens grav. D'Problematik ass, datt déi Behënnert am Fong ugesi gi wéi normal Schaffender, ech géif souguer nach méi weit goen a behaapten datt se exploitéiert ginn. An dat ass onmënschlech."

"Déi ganz Struktur ass net méi up to date"

Tëschent der Personaldelegatioun an dem Direktiounscomité vun der Diddelenger Fondatioun Kräizbierg gëtt et zanter Méint eng Vertrauenskris. Den Henry Knuppertz géif och verstoen datt d'Personal d'Léisungsvirschléi vum Verwaltungsrot fir op de Wee vun engem externen Audit ze goen, net géif acceptéieren. Vun der Reunioun den Donneschdeg den Owend erwaart sech de President vun der APIA.

"Datt d'Leit wierklech nach méi konzentréiert op déi Saache fixéieren déi méiglech sinn, well dat do gëtt keng einfach Saach. Dee Conseil ass Joerzéngten al. Déi ganz Struktur ass net méi up to date an da kréie mir net an dräi Deeg geännert."

D'Elterevertriedung vertrëtt eegenen Aussoen no eng 100 Behënnert Leit um Kräizbierg a ronn 40 Elterendeeler.

Méi zum Thema

Kräizbierg Manif 1
Konflikt tëschent Personal an Direktioun

Virun enger neier Reunioun vum Verwaltungsrot hunn eng 150 Leit d'Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg op engem Protestpiquet hefteg kritiséiert. Um Enn ass de Verwaltungsrot bei senger Positioun vu leschter Woch bliwwen.

Fondation Kräizbierg
Konflikt tëschent Direktioun a Personaldelegatioun

D'Decisioune vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg hunn net gehollef fir d'Personal ze berouegen: Den OGBL fuerdert am Konflikt tëschent Personaldelegatioun an Direktioun méi wäitreechend Decisiounen.

Kräizbierg 2
Vertrauenskris tëschent Personal an Direktioun

An der Fondatioun Kräizbierg sollen eng extern Evaluatioun an eng Mediatioun hëllefen de Konflikt ze léisen. Zanter Méint gëtt et eng Vertrauenskris tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun.

Fondation Kräizbierg
Fondation Kräizbierg

No interner Vertrauenskris soll de Mëtteg de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg zesummekommen. Den OGBL hat vu Mëssstänn geschwat, d'Direktioun kritt en onmënschleche Féierungsstil virgehäit.

Jeannot Berg
Behënnertesecteur

D'Fondatioun Kräizbierg war mat kenger Corona-Infektioun konfrontéiert, seet de Jeannot Berg. Hien deelt d'Aschätzung net, datt de Behënnerteberäich vun den Autoritéiten an der Kris vergiess gi wier.

Carine Nickels
Vergiess ginn

Zënter dem 13. Mäerz sinn déi meescht Wunnstrukture fir Mënsche mat enger Behënnerung am Lockdown. Nëmme lues a lues kënnt et an de verschiddenen Haiser zu Lockerungen. "Et fänkt un op d'Moral ze schloen" esou d'Carine Nickels.

Norbert Schroeder
Corona-Kris

D'Alters- a Fleegeheemer fänke lues a lues mam Deconfinement un. Eng Erliichterung, well et schéngt, wéi wann den Austausch mat de Matmënschen den ale Leit an hire Famillen am Meeschte gefeelt huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen