Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konfrontatioun mam EU-Parlament

Europäesche Rot

Konfrontatioun mam EU-Parlament

Si wëlle weider bestëmmen, wien de Chef vun der Kommissioun gëtt. Dat ass de klore Message vun de EU-Staats- a Regierungscheffen un d'Europaparlament nom EU-Sommet vum Freideg. De Sträit tëscht béiden Institutiounen ass domat virprogramméiert. Och d'Kommissioun mëscht mat, a steet net onbedéngt op der Säit vum Parlament. Am 100,7-Interview erkläert de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker firwat.

auto_stories

6 min

Foto: European Union.

De sougenannte Spëtzekandidate-Prozess, eng Premiere bei de leschten Europawahlen, hat virun allem ee But: De Bierger de Wahlkampf an d'ganz EU duerch eng méi staark Personaliséierung méi no ze bréngen.

D'Europäesch Parteie gi mat "Spëtzekandidaten" an de Wahlkampf. De Bierger soll wëssen, wat e wielt, an dank dem Spëtzekandidat och wien hien als nächste Kommissiounschef ënnerstëtze wëll.

Spëtzekandidate-Prozess ass net unerkannt

Dat schéngt awer net esou kloer ze sinn. An der komplizéierter Diskussioun ronderëm de Spëtzekandidat koum elo een Terme dobäi, deen d'Saach net méi einfach mécht: Dee vum Automatismus. Esou een Automatismus gëtt et net, wann et ëm de Spëtzekandidat geet, hunn déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen um Sommet ëmmer nees betount.

Gemengt ass: Mir si weiderhi Meeschter doriwwer, wie mir no de Wahlen als Chef vun der Kommissioun designéieren. A mir fillen eis net verflicht, ee vun de Spëtzekandidaten ze huelen.

Beruff gëtt sech dobäi op d'Traitéen, déi effektiv keng esou eng Prozedur virgesinn. Allerdéngs verbidde se se och net. Bei de leschte Wahlen 2014 huet de Conseil, also d'EU-Memberlänner, matgespillt. No de Wahlen hu si effektiv ee vun de Spëtzekandidaten als Kommissiounspresident designéiert. Et war de Jean-Claude Juncker, de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei, deen dono Kommissiounspresident gouf.

Jean-Claude Juncker och géint Automatismus

Deen nämmlechte Jean-Claude Juncker, deen, deen deemools dee System ferme verdeedegt huet, weist elo iwwerraschenderweis vill Versteesdemech fir d'Bedenke vun de Staats- a Regierungscheffen.

Och hie schwätzt dovun, datt et "keen Automatismus gëtt". Dat huet vläicht och domat ze dinn, datt beim fréiere Lëtzebuerger Premier al Wonnen nach net ganz verheelt schéngen ze sinn. "Wéi erklären zu Lëtzebuerg d'Parteien de Wieler, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Partei net Premier ginn ass?", sou de Jean-Claude Juncker am 100,7-Interview.

Et kéint duerchaus sinn, datt an Europa déi nämmlecht Situatioun entsteet. "Et gëtt keen Automatismus, well deen dee Kommissiounspresident soll ginn, muss eng qualifizéiert Majoritéit am Conseil an am Parlament kréien."

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ass och géint ee Spëtzekandidaten-Automatismus. Hien hëlt een anert Beispill wéi de Jean-Claude Juncker, fir dat zum Ausdrock ze bréngen. "Wann dono d'Marine Le Pen als éischt aus den Urne kënnt, wëll ech net datt d'Madame Le Pen d'EU an de nächste fënnef Joer vertrëtt", sou de Xavier Bettel.

Parlaments-Positioun falsch interpretéiert

An dëser Argumentatioun an och an där vun anere Staats- a Regierungscheffe gëtt ignoréiert, wat d'Parlament a sengem Positiounspabeier festgehalen huet. Do steet net, et misst forcement dee Spëtzekandidat mat de meeschte Stëmmen och Kommissiounschef ginn. Allerdéngs hält d'Parlament fest, et géif kee Kommissiounschef akzeptéieren, deen net och virdru Spëtzekandidat war.

De Krich ass also virprogramméiert. De Xavier Bettel mengt awer, "datt d'Bierger aner Problemer hunn, wéi ze kucken, ob d'Parlament oder de Conseil méi Muecht huet". Béid Säite sollte verstänneg sinn, sou säi Rot.

Wéi dem Wieler erklären?

Mä firwat ass de Spëtzekandidate-Prozess dann iwwerhaapt gutt, wann dono ee ganz anere Kommissiounschef aus dem Hutt gezaubert ka ginn? Wéi erkläert een dat de Wieler, déi ee jo fir d'EU begeeschtere wëll?

Dem Jean-Claude Juncker säin Erklärungsversuch kléngt komplizéiert: "Et kann een de Wieler erklären, datt wa se eng bestëmmte Partei stëmmen, déi ee bestëmmte Spëtzekandidat hunn, d'Chance ganz grouss sinn, wann deen eng Majoritéit am Europäesche Parlament fënnt, datt dee ka Kommissiounspresident ginn", sou de Kommissiounschef.

Do muss virun de nächste Wahlen nach e bëssen um Message geschafft ginn.


Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Jean-Claude Juncker:

Jean-Claude Junckerplay_arrow


Bettel a Juncker net eens iwwer Konditiounen

Méi einfach ass et ze vermëttelen, datt een eventuell an Zukunft EU-Suen u Konditioune knäppe wëll. Zum Beispill Länner, déi Problemer mam Rechtsstaat hunn, keng Fonge méi zoukomme loossen. Och doriwwer gouf, am Kader vun den Diskussiounen iwwert dee nächsten EU-Budget, op dësem Sommet geschwat.

Polen ass net d'Accord mat esou Konditiounen, a seet, et wier schwéier, dat mat objektive Kritären ze moossen. Dat stëmmt, seet dozou de Jean-Claude Juncker. Et géif do awer Méiglechkeete ginn. Hien nennt d'Beispill vun der Venedeg-Kommissioun vum Europarot, déi ee kéint als Instanz vu baussen erunzéien, fir d'Rechtsstaatlechkeet ze beuerteelen.

Um Sommet war ee sech net eens an där Fro. De Länner manner EU-Fongen zoukomme loossen, heescht de Bierger amplaz d'Regierung ze bestrofen, sot de Xavier Bettel. Hien huet proposéiert, de Länner éischter d'Stëmmrecht an de Reunioune vun de Ministeren op europäeschem Niveau ze entzéien.

Déi Iddi ass schwéier an d'Realitéit ëmzesetzen, äntwert dorop de Jean-Claude Juncker. Dat wier ee schwieregen a laangwierege Prozess, an deem d'Prozedur den Traitéen no suivéiert gi muss. "Et kann ni eng immédiat Sanktioun sinn", erkläert de Jean-Claude Juncker.

Keng Fusioun vu Conseils- a Kommissiounspresident

D'Diskussioun iwwer adequat Mesure muss an de nächste Méint gefouert ginn. Eng Iddi, fir déi sech de Jean-Claude Juncker perséinlech staark agesat hat, schéngt bis op Weideres vum Dësch. Dat ass déi, de Poste vum Kommissiounspresident mat deem vum Conseilspresident zesummenzeleeën. Och hei hätten d'Memberlänner u Muecht verluer. Deemno gouf et guer keng Begeeschterung dofir um EU-Sommet

Ass de Kommissiounschef enttäuscht? "Iwwerhaapt net, an Europa maachen ech mer keng Illusioune well ech keng Loscht hu se ze verléieren", sou d'Äntwert. Beim Budget bleiwen nach vill Punkten op. D'Kommissioun leet den zweete Mee konkret Proposen op den Dësch.