Radioen

On air

Notturno  |  Inborn - Vogue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konfusioun iwwer d'Unzuel vun ageschriwwene Wieler an der Stad

Gemengewalen

Konfusioun iwwer d'Unzuel vun ageschriwwene Wieler an der Stad

An de leschten Deeg goufen et Konfusiounen tëscht dem Inneministère an der Stad Lëtzebuerg iwwer d'Unzuel u Wieler a Wielerinnen dëse Sonndeg bei de Gemengewalen. Den Inneministère hat aner Zuelen iwwer d'Elektorat an der gréisster Stad am Land wéi d'Stad selwer. Vu béide Säite krute mer awer gesot, d'Zuele vum Stater Biergerzenter wiere wuel déi richteg.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / cm4k

Lauschterenplay_arrow


Deemno si ronn 45.000 Wieler a Wielerinnen opgeruff dëse Sonndeg an der Stad Lëtzebuerg en neie Gemengerot ze wielen: 27 Mandater sinn ze verginn, an et trieden néng Lëschten un.

D'Wielerzuele sinn interessant: D'Stad huet ronn 132.000 Awunner, mee just 45.000 vun hinne sinn dëse Sonndeg opgeruff eng Stëmm ofzeginn. D'Elektorat mécht also just eppes méi wéi en Drëttel vun den Awunner aus. Firwat? Well d'Stad Lëtzebuerg ronn 93.000 auslännesch Residenten huet, der dovun awer just ronn 12.500 sech fir d'Gemengewalen ageschriwwen hunn. Dat sinn der prozentual gesi manner wéi an anere Gemengen. An trotzdeem sinn et der an absolutten Zuele vill, virun allem wann een et mat 2017 vergläicht. Deemools waren et der just hallef esou vill.

Kuckt ee sech déi 12.500 auslännesch Residenten, déi an der Stad wielen, méi am Detail un, da maachen d'Fransousen de gréissten Deel aus, e véierel. Hannendru kommen Awunner mat der portugisescher an der italieenescher Nationalitéit.

Wéi si all wielen, ass deemno eng vun de Froen dëse Sonndeg an der Stad: vill vun hinne wielen nämlech fir d'éischte Kéier.