Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konstruktiv Léisungsusätz

Chronik

Konstruktiv Léisungsusätz

De Freidegnomëtteg gouf an der Paräisser Banlieue e Lycéesproff vun engem Islamist ëmbruecht. Gëschter gouf a ville Groussstied demonstréiert an de Mëttwoch gëtt et eng landeswäit Gedenkminutt. A Frankräich gëtt nees iwwer Meenungsfräiheet an iwwer Radikaliséierung diskutéiert, wat d'Marine Le Pen fir sech notzen wëllt. Dowéinst soll ee versichen dëst Debatt méiglechst niichter ze halen, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

2 min

D'Ermordung vum Lycées-Proff Samuel Paty schockéiert. Wéi soll et och net schockéieren, datt en 18-Järegen e Proff op oppener Strooss dekapitéiert, e Bild vu sengem Kapp op Twitter setzt a per Tweet erkläert, hien hätt den Prophet räche missen. An dat alles wéinst enger Karikatur, deen de Proff wärend engem Cours iwwer Meenungsfräiheet gewisen huet.

Eng Fro vun de Grondrechter

De 47-järege Proff huet fir säin Engagement mat sengem Liewen bezuelt. Et trëfft d'Republik matzen an d'Häerz, nodeems sech elo schonn deen zweeten Terroruschlag an der Haaptstad ofspillt, zanter datt de Prozess iwwer d'Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo am Joer 2015 leeft. Et ass also nëmme mënschlech ze traueren. Dorausser awer elo e Politikum ze strécken, riskéiert kontraproduktiv ze sinn.

An der Debatt iwwer d'Pressefräiheet gëtt dacks den Islam als ultimative Géigespiller duergestallt, virun allem vu rietse Parteien. D'Marine Le Pen an hir Kolleegen aus der RN inzenéiere sech an esou Momenter ëmmer als Verfassungspatrioten. Dobäi si si de Géigendeel. Andeems si sech nämlech géint d'Moslem am eegene Land echaufféieren, verstousse si géint en anert Grondrecht: d'Reliounsfräiheet.

Den Islam ass Deel vun der Gesellschaft

Et ass peinlech an esou Zäiten dorun erënneren ze mussen, datt den Islam, esou wéi all aner Relioun, Deel vun der franséischer Gesellschaft ass. Andeems een elo vereinfacht dorops insistéiert, datt déi vermeintlech Islamiséierung vu Frankräich de Grond fir de ganzen Terrorismus hei wier, dreift een doduercher d'Gesellschaft nëmmen weider auserneen. An et ass genee déi Polariséierung, déi jonk Muslimen an Musliminnen dozou motivéiert, sech ze radikaliséieren. Islamfeindlechkeet féiert net zu manner Gewalt, mee zu méi. Et ass näischt aneres wéi Feier mat Feier ze bekämpfen.

Zanter dem Attentat dauche vill Hashtags wéi #JeSuisEnseignant oder #JeSuisProf an de Soziale Medien op, déi net islamophob sinn. Se drécken Solidaritéit mam Affer aus an duerch hir Änlechkeeten zur Parole "Je Suis Charlie", si se och en Zeeche fir d'Meenungsfräiheet.

D'Meenungsfräiheet leit

Allerdéngs ka sech d'Meenungsfräiheet dovunner näischt kafen. Där geet et genee esou miserabel wéi virdrun. Mee d'Marine Le Pen ka sech doduerch Wielerstëmme verschafen. De Populismus funktionéiert och iwwer d'Emotionaliséierung vum Discours.

An esou Momenter wier et also besser, op emotiounschwanger Hashtags ze verzichten. Konstruktiv Léisungsusätz si wichteg. Well jo, d'Meenungsfräiheet ass a Gefor. Mee se ass op laang Engagementer ugewisen. Engagementer, wéi se zum Beispill och vum Professer Samuel Paty virgelieft goufen.