Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontroll ass erwënscht

#openlux

Kontroll ass erwënscht

D'Parteien an der Chamber halen d'Transparenz an d'Kontroll vun de Firmeregëstere fir richteg a wichteg. Mat de Conclusioune vun den OpenLux-Recherchen, datt Lëtzebuerg eng Steieroase wier, sinn déi meescht awer net averstanen.

auto_stories

4 min

De Regëster mat den effektive Beneficiairë wier hei am Land méi transparent ewéi a villen aneren EU-Länner, seet déi gréng Fraktiouns-Cheffin Josée Lorsché. Esou kéinte Journalisten an d'Zivilgesellschaft eng Kontrollfunktioun ausüben - dat wier esou erwënscht.

Kontrollmechanismen ausbauen

Souguer den ADR-Deputéierte Roy Reding, dee sech ëmmer géint ee breeden Accès zum Regëster ausgeschwat huet, hält d'Approche lo am Réckbléck fir richteg. Och wann ee Regëster eleng a sengen Aen net dat richtegt Instrument wier, fir géint Geldwäsch oder aner illegal Aktivitéite virzegoen.

Déi Lénk fuerderen an engem Communiqué, datt all Elementer aus de Recherchen, déi op een illegaalt Verhalen hindeiten, elo misste "rigoréis" analyséiert ginn. D'Kontrollmechanisme missten op der Héicht vun de grousse Kapitalvolume sinn, déi duerch d'Land transitéieren.

Nach hunn déi international Medien net all hir Recherchë publizéiert. Mee et wieren der Regierung no op d'mannst eng Dosen Nimm vu Persoune mat engem dubiéisen Hannergrond opgedaucht, seet d'Josée Lorsché. Hei misst elo kontrolléiert ginn, ob hir Aktivitéiten hei am Land legitim wieren.

Generell missten d'Kontrollmechanismen nach verschäerft ginn, esou déi gréng Fraktiounscheffin:

"Da musse mir Weeër fannen, fir de Regëster besser iwwerpréifbar ze maachen: doduerch, datt d'Agentenzuelen erop gesat ginn, (...) an datt déi dann eben méi Gewiicht kréien, fir de Regëster ze iwwerpréifen. Do hu mir jo hannendrun d'CSSF an d'Cellule de renseignement financier vum Justizministère, wou ech mengen, datt een dann op deene Plaze misst (...) verstäerken."

Europawäite Regëster gefuerdert

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar bedauert, datt déi international Press just de Lëtzebuerger Regëster ënner d'Lupp geholl huet - dobäi hätte vill aner EU-Länner hir Hausaufgaben nach net gemaach, respektiv si géife manner transparent virgoen. Den Oppositiounspolitiker hält d'Approche, déi Lëtzebuerg fir de Regëster vun den effektive Beneficiairë gewielt huet, fir richteg.

De Sven Clement vun der Piratepartei gesäit dat och esou:

"Mir bräichten eng automatiséiert an e fräien Zougang zu allen RBE-Regësteren an der ganzer EU, eppes wat eis Partnerlänner jo zum Beispill am Moment nach net maachen an och nach net wellen. Mir sinn der Meenung, datt nëmmen duerch grenziwwerschreitend Analysen een ee Gesamtbild ka kréien vun der Optimisation fiscale, déi a ganz Europa ee Probleem duerstellt an déi a ganz Europa derzou féiert, datt Loyeren net ze bezuele sinn, datt d'Staatskeese méi eidel si wéi se misste sinn."

Wéi legitim sinn d'Aktivitéite vu Lëtzebuerg?

Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel fuerdert méi personell Moyenen, notamment fir datt d'Justiz bei fragwürdege Finanzgeschäfter och verstäerkt kann enquêtéieren. Déi méi prinzipiell Fro, wéi staark Lëtzebuerg ekonomesch op d'Aktivitéite vun der Finanzplaz sollt ugewise ginn, géif sech fir d'LSAP awer och stellen.

Datt Lëtzebuerg eng onfair Steierkonkurrenz géif bedreiwen, soen esou kloer just d'Piraten an déi Lénk. Déi aner Parteien halen d'Aktivitéite vum Grand-Duché fir legitim, soulaang se den europäeschen an internationalen Normen entspriechen.

An dat wier och de Fall, betount den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, deen hei d'Argumentatiounslinn vun der Regierung opgräift: "Eis Gesetzgebung ass konform zu allen internationalen an EU-Virschrëfte wat Transparenz ugeet". D'Attacke vun der internationaler Press wieren dowéinst onberechtegt.

Et misst ee sech och froen, wéi eng Interesse grad Däitschland a Frankräich un esou enger kritescher Berichterstattung iwwer Lëtzebuerg hätten. Zur Fro, ob hien de Journaliste vum "Monde" a vun der "Süddeutschen Zeitung" domadder reprochéiert, hei d'Interesse vun de Finanzplazen aus hire Länner ze vertrieden, wëll de Gilles Baum esou awer net beäntwerten: hien hätt d'Zeitungsartikelen nach guer net gelies.