Bis Enn Abrëll gouf de Ramush Haradinaj a Frankräich festgehalen, well Serbien seng Ausliwwerung verlaangt huet. Hie wier während dem Kosovo-Krich responsabel fir Verbriechen géint d'Mënschlechkeet. Tëscht Dezember 2004 a Mäerz 2005 war hie schonn eng Kéier kosovaresche Premierminister. Elo kandidéiert hien nees fir dëse Posten. An et ass déi extremistesch Koalitioun, déi an all de Sondage wäit virläit.
Ee Versprieche vun der nationalistescher Allianz - genannt "Krichsvolet" - ass d'Ofschafe vun der Autonomie vun déi serbesch Minoritéit. Déi war iwwer Jore mat Hëllef vun der EU ausgehandelt ginn. Donieft soll bannent dräi Méint d'Visafräiheet fir Bierger aus dem Kosovo an der EU erreecht ginn. De Kosovo ass den eenzege Balkanstaat, aus deem d'Bierger net ouni Visa dierfen a Westeuropa reesen.
Erausfuerderunge bleiwen déi selwecht
Et géing awer net onbedéngt dorëms goen, wien d'Wahle géing gewannen, seet de Shkelqim Hysenaj, President vun der kosovarescher Journalistenassociatioun. Et wier an éischter Linn wichteg, datt se demokratesch géingen ofgehale ginn. D'Erausfuerderunge fir déi nei Regierung wiere nämlech déi selwecht wéi fir déi al:
Mir hunn am Kosovo vill Schwieregkeete wat déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land ubelaangt. Donieft stinn och ëmmer nach verschidden Ofkommen am Raum, déi net am Parlament gestëmmt konnte ginn: beispillsweis iwwert d'Fixatioun vun der ëmstriddener Grenz mam Montenegro. Dat ass de Grond firwat et zu de virgezunne Wahle komm ass. D'Parlament huet keen Accord fonnt, well d'Allianz fir d'Zukunft dogéint gestëmmt huet.
Och eng Koalitioun vun den dräi extremistesche Parteie un der Muecht géing d'Problemer vum Land net verännere. De Ramush Haradinaj wier zum Beispill nach ëmmer géint d'Grenzofkommes. Dofir géif et och weider schwéier ginn, fir déi néideg Stëmmen am Parlament fir eng Ëmsetzung ze kréien.
Visafräiheet trotz Korruptioun
Bis am Hierscht wëllen d'Parteien hir Wahlversprieche vun der Visafräiheet erreechen. Dofir muss de Kosovo selwer awer nach enger Partie Obligatiounen nokommen. Déi meescht vun deene Konditiounen wieren d'lescht Joer ëmgesat ginn, sou de Shkelqim Hysenaj.
Et géife nach zwee Accorden bléiwen, déi de Kosovo misst applizéieren. "Dat eent ass eben deen Accord iwwert d'Grenz mam Montenegro. Dat anert ass de Kampf géint d'Korruptioun." Nëmmen dann wier eng Visafräiheet iwwerhaapt realistesch.
De Kosovo huet mat den héchsten Taux vu Kriminalitéit a Korruptioun an Europa. D'Justiz gëllt als onfäheg, korrupt an heefeg just als méi laangen Aarm vun der Politik. Déi wirtschaftlech a sozial Situatioun géif vill Mënschen an d'Kriminalitéit dréiwen. D'Korruptioun misst dofir op engem méi héijen Niveau bekämpft ginn, sou de Shkelqim Hysenaj.
Wann d'Autoritéiten am Kosovo méi staark dogéint géinge virgoen, ass et zwar gutt méiglech, datt och eng Partie Deputéierten oder Politiker missten an de Prisong kommen. Wann d'Parlament awer bereet ass, fir op dëse Wee ze goen, da kann ech mir virstellen, datt d'EU séier gréng Luucht gëtt, fir d'Visafräiheet z'accordéieren.
Zu Den Haag gouf elo en internationaalt Geriicht gegrënnt fir albanesch Krichsverbriechen opzeschaffen. Déi radikal Politiker hoffen dorop, datt si net méi vun der Delegatioun vun Den Haag kënne verfollegt ginn, wann si am Parlament d'Muecht kréien.