Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kräizbierg: Et ass nach net alles geléist

Gesellschaft

Kräizbierg: Et ass nach net alles geléist

An der Fondatioun Kräizbierg gëtt déi nächst Woche probéiert nees Rou eranzebréngen, nodeems den Administrateur délégué an den Direkter vun den Atelieren d'lescht Woch demissionéiert hunn. Et war dat eng wichteg Etapp an engem méintelaangen interne Konflikt, mee nach net onbedéngt d'Enn vun de Schwieregkeeten, mengt d'Isabel Scott an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

De Jeannot Berg an den Tom Wagner konnten net um Kräizbierg bleiwen. D'Reprochen iwwer en onmënschleche Féierungsstil waren um Enn ze vill erdréckend an OGBL, Personaldelegatioun, Usagere mat enger Behënnerung an d'Elterevertriedung hunn zesummegehalen.

Déi déi am meeschten ze verléieren haten, hunn déi gréissten Affer misse bréngen. Leit, déi mam 100,7 geschwat hunn, waren nervös, haten Angscht virun eventuelle Repercussiounen. D'Angscht ass begrënnt, wann ee gesäit, wéi versicht gouf dem OGBL-Gewerkschaftler Joel Delvaux mat enger mëssgléckter Oflenkungscampagne mat Detailer aus sengem private Liewen, wëllen en Interessekonflikt unzehänken. E Gewerkschaftler ass geschützt a vläicht ass en et och gewinnt, wa mat esou Methode gekämpft gëtt. Awer net déi am Betrib, déi ofhängeg vun hirem Patron sinn, an déi awer aus Iwwerzeegung do schaffen. Dem OGBL no goufe si duerch zum Beispill Avertissementer psychesch krank gemaach, bis datt si et net méi ausgehalen hunn a fortgaange sinn. Si ginn duebel bestrooft: vum Employeur a vun hirem Gewëssen. Duerch hir onfräiwëlleg Entscheedung d'Institutioun ze verloossen, gi si verantwortlech gemaach fir d'Rupture vun der Bezéiung mat Leit mat enger Beanträchtegung. Fir si sinn d'Mataarbechter vun der Fondatioun dacks vill méi wéi just Aarbechtskolleegen. Dacks sinn et déi wichtegst an eenzeg Bezuchspersoun.

Am Communiqué : Néirens gëtt et eng Unerkennung vun de Mëssstänn

Leit, déi sech benevole karitativ engagéiere kréie vu der Gesellschaft séier en Hellegeschäin opgesat. Am Konflikt um Kräizbierg gouf den Image vu benevolle Memberen an engem guttgesënnte Conseil d'administration demaskéiert. De Communiqué/Abschidsbréif liest sech wéi eng Lobeshymne un d'Raudien aus dem Schoulhaff: Se gi vun enger Présomption d'innocence aus, well den Audit jo um juristesche Plang d'Virwërf vun Harcelement moral a sexuell net konnt beleeën. Déi zwee Direktiounsmembere kréie Merci gesot fir hiren exemplareschen Asaz. Néirens gëtt et eng Unerkennung vun de Mëssstänn - en Agestoen, datt de Verwaltungsrot och Responsabilitéit dofir dréit. Wier net déi "Majorité agissante" gewiescht, wéi de President vum Verwaltungsrot Henri Grethen et op der Tëlee sot, wier de Kräizbierg vum Calvaire geschount bliwwen. Déi sinn déi eigentlech lästeg, net déi, déi MataarbechterInne mat "domme Remarke" belästegen, déi d'Usagare vun den Atelieren ënner Drock setze fir méi produktiv ze sinn. Wéi vill verdéngt ee scho méi ënner dem Statut vu "Salarié handicapé"?

D'Muechtrapporte waren total aus der Balance

"Violence institutionelle" kléngt no engem theoreetesche Konzept. Kräizbierg illustréiert et. D'Muechtrapporte waren total aus der Balance, mat engem Administrateur délégué deen an der Impunitéit a bis zum batteren Enn de Réck vum Verwaltungsrot gestäipt krut. Datt et an deem Verwaltungsrot keng Representatioun vun den Usageren a vum Personal gëtt, huet zum Desequiliber bäigedroen. D'Fuerderung vun der Personaldelegatioun fir eng nei Besetzung vum Verwaltungsrot ass dowéinst fundamental. Gesäit de Conseil d'Urgence vun dëser Fuerderung net an, brauch een net ze hoffen, datt alles erëm "gutt" gëtt. Bis elo ass de Verwaltungsrot mat sengem Manktem un Transparenz a Kommunikatioun nach ëmmer an engem feudale Modus ënnerwee.

Fir aus där Impunitéit erauszekommen, ass et dréngend néideg, datt et en externt Kontrollorgan gëtt, sou wéi den Ombudsmann et scho laang freet. Well wieren net déi Mataarbechter gewiescht, déi kee Choix haten ausser couragéis géint den Drock virzegoen, wier héchstwarscheinlech näischt vun deene Mëssstänn erauskomm. Déi ëmstridden Direktiounsmembere sinn elo fort. D'Défaillancen am System awer net.